Kommentar an PN Ännerungen
(19.04.2009 - 15:21)
E klenge Feeler bei de PN'en war mer opgefall, an zwar ass se net ganz iwwerdro ginn wann een en "&" drann hat. Dat ass elo verbessert mat enger spezieller Funktioun.
Dat selwecht hun ech bei de Kommentarer agebaut well dat besser funktionéiert.
Wann dir elo de Problem hudd dass an de Kommentarer Bustawen mat Accent'en komesch iwwerdro ginn, maacht en manuellen Refresh vun der Säit, dann misst et klappen. Firefox-user mussen déi hei Datei opruffen: http://www.photogen.lu/js/comments.js an dann do eng Kéier e manuellen Refresh maachen. Et ass nämlech den Deel vum Code dee wichteg ass, an den FF lued deen net direkt nei ëmmer.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Metalbambi
19.04.2009 - 21:15
Ech mengene ch verstinn do eppes net richteg... dei Seit do obmaachen an dan Refresh uklicken? Hun ech gemaach an et wimmelt nawell vun '@' an co. an den Kommentarer, awer reicht seit kuerzem.
Johny
19.04.2009 - 21:35
Dat gëllt nëmme fir Kommentarer déi s du selwer schreifs, wann anerer se schreiwen (sou wéi dee vum Shanti) dann ass dat sengem Browser seng Schold, net dengem seng
Shantideva
19.04.2009 - 21:24
Jo, bei mir och. Wann ech dein Script starten, dann weist heen mir en just als Kloertext un. Ech kréien mein Komment mat denen komeschen Zeechen och net méi geaennert. Ech wollt d'Accenten einfach ganz ausschreiwen. Ass wuel nach een klengen Problem do.
Johny
19.04.2009 - 21:34
Dee Script soll jo als Kloertext gewise ginn. Du muss deen manuell Refreshen, fir dass deen nei geluede gëtt. Den gëtt normalerweis mat der Säit gelueden, mee den FF checkt dann net dass eng Ännerung do ass an lued en net nei, mee aus sengem alen Cache.
//EDIT: Ech hunn däi Kommentar grad selwer richteg gemaach, mee fir dass et durno geet muss de de Script eng Kéier opruffen an dann manuellen Refresh maachen, durno klappt et
//EDIT: Ech hunn däi Kommentar grad selwer richteg gemaach, mee fir dass et durno geet muss de de Script eng Kéier opruffen an dann manuellen Refresh maachen, durno klappt et
Shantideva
19.04.2009 - 21:38
Ech probéieren daat mol. Daat huet awer neischt drun geännert dass ech mein Kommentar net méi konnt änneren. Ech hat souguer extra den Safari benotzt an een Reset dofun gemeet. Awer do war och neischt ze machen.
//EDIT: Dann probéieren ech daat lo mol...
//EDIT: Dann probéieren ech daat lo mol...
Shantideva
19.04.2009 - 21:42
Also, ech kann awer nach emmer keen Kommentar méi vun mir änneren. D'Ännerungen gin einfach net iwerholl.