Header
WICHTEG: Foto vun der Woch
(06.04.2009 - 01:11)
Also, et gëtt elo eppes dat nennt sech Foto vun der Woch (Idee koum vum Focus). An der Woch, vu Méindes bis Samschdes, kann een Fotoen firschloen fir an dës Ofstëmmung ze kommen. zum Schluss vun der Woch dann, Sonndes, kënnt op den Home stoen dass Wochenofstëmmung ass, an dann kann een seng Lieblingsfoto do wielen. Zum schluss vum Dag gëtt déi Foto mat deene meeschte Stëmmen Foto vun der Woch an gëtt soumat déi ganz Woch laang riets gewisen iwwert der "Random Foto".

Vill Spaass beim firschloën elo, an beim Ofstëmmen e Sonnden :D
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
annemie 06.04.2009 - 01:23
a lass smile
Nicon07 06.04.2009 - 10:25
Kann een do ALL Fotoe viirschloen, oder nëmmen déi, wou de user den "aaner er kënnen déng Foto bewärten" ugeschallt léisst???
Johny 06.04.2009 - 10:27
Alleguer. Bewäerten huet jo näischt mat der Foto vun der Woch ze dinn smile
Nicon07 06.04.2009 - 15:06
Tiptop esou! Da si mir mol gespaant, ob dat ee Succès gët, a virun allem, wéi laang mer duerhaalen. smile
spackelter 06.04.2009 - 11:28
Eng gudd Iddi!
Fesch 06.04.2009 - 19:09
Ohhh Focus closed_eye
Keup 06.04.2009 - 19:12
Saugudd dei Idee closed_eye
Jitzi 06.04.2009 - 21:15
gefällt mer
foto-pit 06.04.2009 - 21:49
cool idee

Poly 06.04.2009 - 23:04
fannen dat gutt, dat motivéiert nach méi, Foto propper ze verschaffen ier en se uppt
Masterpii 07.04.2009 - 01:25
ech sin ken fan dovun, well dann geet et nees nämlecht wei mat der TOPFOTO! Hei kent et net op Jury un mee op den Bekanntheetsgrad... Vun do hier gesin as et schon vun ufanksun eng komesch saach! Bon, kucken ma mol waat et get!
Johny 07.04.2009 - 10:03
Ass schonn jeemols bei engem contest et sou gaang dass dee gewonn huet deen am bekannste war? Nee smile. Dofir stëmmen 1. zevill Leit mat of déi hei sérieux sinn an 2. muss een ëmmerhinn ugemellt sinn fir of ze stëmmen, dann geet dat net sou einfach "Ey, géi fir meng foto voten" .. smile
Masterpii 07.04.2009 - 12:40
Doranner goin ech der jo Recht, mee beim Contest as et anonym, do wees ken (normalerweis) wen den Fotograf as, hei net!

Mee wei schons gesoot, loossen ma eis iwwerraschen wei et geet! Kann jo sin dass ech mech komplett täuschen!
BlackPanther 07.04.2009 - 01:52
eng flott Iddi dei mindestens derfier suergt dass puer Lait mei genau kuken gin waat sou ropgelueden guff...oder sech selwer Zieler setzen...cool
ech fannen et gudd smile
an lass! bigsmile
Polinger 07.04.2009 - 19:24
I like! smile ab wéini ass daat den fall? tongue
Johny 08.04.2009 - 00:00
dës Woch scho matt, also all Foto vun dëser Woch kann ee schonn mat firschloen smile
Polinger 09.04.2009 - 08:38
Relax smile an wéi genau mecht een daat?
Johny 09.04.2009 - 09:37
Einfach bei der Foto ënnen "An d'Wochenofstëmmung" vläicht? closed_eye
Knipser 13.04.2009 - 10:54
Ech fannen dat och eng super Idee, dodurch ass een nach méi motivéiert fir Fotoen all ze kuken.
BlackPanther 13.04.2009 - 22:23
hmmm....den Voting hunsch wuel verpasst...war am IESSEN en Sonden...cool

mee waat mech lo mei steiert: ech fannen dFoto nik dei derbai rauskoum...oder hunsch nik gudd gencuh gesicht?(wier op allefall keen kompliment wann et sou oniwersiichtlech wier....xD)

*edit*
hun se lo riets iwert dem Wallpaper font...mee...get dei do all woch erneiert oder get et henno eng gallerie draus?(an dem fall wier et logesch wann enenrt gallerie een punkt giff baikommen odersouclosed_eye)
Johny 14.04.2009 - 00:09
Du mengs iwwert Random Foto closed_eye Déi gëtt all Woch erneiert, genee wéi et hei an den News steet... An soubal iwwerhaapt méi wéi eng Foto do ass, gëtt et och eng Galerie mat all deenen smile
BlackPanther 14.04.2009 - 12:01
hrhrr wien liesen kann asw... :p
okay!sen gespaant wei dei kollektioun henno wärt ausgesin! smile