Header
Canon EOS 500D & 270EX Speedlite
(25.03.2009 - 09:56)
Den bis elo Einsteiger-Blëtz Speedlite 220EX gëtt ersat duerch den neien 270EX, deen och bëssen méi staark ass wéi säi Virgänger.

Dann huet Canon nach d' EOS 500D firgestallt:
- 15.1 Megapixel
- HD-Video
- HDMI uschloss
- 3.0" écran
- ISO bis 12800
- DIGIC 4
- 3.4 Biller pro Sekonn

Méi Infos op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0903/09032503canonspe...
http://www.dpreview.com/news/0903/09032504canoneos...

an bei Canon:
http://www.canon.de/About_Us/News/Consumer_Release...
http://www.canon.de/About_Us/News/Consumer_Release...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 25.03.2009 - 11:21
Kléngt wéi eng interessant Kamera fir Asteiger. Den ISO wärt zwar wéi üblech fir d'Kaatz sin mee den neien Display an Prozessor sin gudd ze hun an der ënneschter DSLR Gamme.
Dann freet sech ob se aus den Fehler déi se bei der 5DMkII Video Funktionalitéit gemaach hun geléiert hun oder den System 1:1 iwwerholl hun.
big-basti 25.03.2009 - 17:21
Wann den ISO eppës daacht ass et zwar en interessanten Apparat .. ech hun am Moment d'400D an déi 1600 ISO gin mer liicht net duer fir zum Beispill an enger Haal .. och wann ech den 50mm benotzen closed_eye kleng awer interessant dass en bis 3200 geet an nach gepusht kann gin .. muss een dann op d'Tester ofwarden ..

Emsteigen géing ech lo perséinlech net, well wann ech mer eppes Neies kaafen sollt, dann eppës mi Déckes ..

Fir d'Amateuren awer supper Technik dat doten .. Preis ass vleit bessen gepeffert .. mee nuje.