Header
Photogen an der Press
(25.03.2009 - 00:07)
E Samschden war d'Generalversammlung vun der FLPA (Federatioun vun den Hobbyfotografen), wou den Memberen vun alle Clib offiziell matgedeelt ginn ass, dass Photogen elo bei der FLPA affiliéiert ass. Eis Opnam ass bei de Memberen, wéi et schéngt, ganz gutt ukomm, zemols well mir vill jonker aktiv bei eis hunn, an et grad un Jugend feelt an de Clib.
Zousätzlech war och d'Press invitéiert, wou ech elo mol den Artikel vum Wort erausgeholl hunn an eropgelueden. Leider hu se mäin Numm falsch geschriwwen, mee iergend esou eppes muss jo dra sinn, soss wir d'Wort jo net d'Wort ;)

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Kwitchibo 25.03.2009 - 00:48
TOP-FOTO smile
gloda 25.03.2009 - 11:19
Wéinstens as däin Numm net den eenzegen Schreiwfehler am Artikel Johny smile
Miau 25.03.2009 - 16:49
t'war bei der Coupe du monde des clubs awer net Camera Lëtzebuerg di 47st mais de Photo Club Mamer, Camera gouf 67st vun 123
Stef76 26.03.2009 - 17:51
Deutsche Sprache schwere Sprache smile))))))
TomEwert 11.04.2009 - 14:39
dat sees du gudd bigsmile lizenziert bigsmile
an Johny Goerens fannen nach en tick besser bigsmile