Header
Nikon D3X
(01.12.2008 - 15:58)
Se ass schonn erwaart ginn, an vill derzou ze soën gëtt et net, äusser: Et ass eng D3 matt 24.5 Megapixel, 5fps (7 am DX Cropformat), an ISO 100-1600 just (50-6400 gepusht). An dat fir ongeféier 7700€.

Hei méi Infos:
http://www.dpreview.com/news/0812/081201nikond3x.a...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
patrickr 01.12.2008 - 17:05
(geläscht)
Val 01.12.2008 - 17:10
Ich frage mal den "Nicolaus" für 2010 das wäre OK unhappy
klex 01.12.2008 - 18:54
Da muss ech mech awa mol äusseren awer smile
Ech verstin do eppes bei hiere Präisser net...

D'ass jo usech genau eng D3 just mat engem aaneren Chip dran.
Den Chip eleng kascht also mei wi 4000 euro?

Eng 5DMKII oder di nei Sony kritt ee fir manner wi 3000 Euro, mat 24Mpix chip?
Da géifen déi theoretsch jo nach 1000 euro dropleen wann hier Chipen och gifen suvill kaschten, an si gi suguer nach e Boitier mat dabai smile

Wan D3X gif 5500 Euro kaschten, dat wär verständlech. 3900 Euro fir eng D3 (hautesdaags) an dan nach 1600 Euro fir den Chip (an dann nach, den Vollformat Chip aus der D3 kascht jo och bestemmt net naischt?!?) also wär 5000 usech nach mei logesch... Da mecht Nikon bei all D3X déi se verkaafen nach emol bal 3000 Euro mei Gewenn wi bei all D3 di se verkafen?

Net ganz korrekt a mengen Aan...

Aanerersait muss ech soen, vun den Biller di ech bis elo gesin hun ass se (an dat soen ech net well ech Nikon hun) deenen aaeren Marken zwar e stéckschen firaus an der Bildkalitéit!

Schued dat een emmer nach den Kompromess muss agoen tescht gudd Räuschverhaalen an vill Pixelen.

Engersaits awer och flott well esou hun ech nach emmer déck de gudden a gesin nach absoluit kee grond ze wiesselen smile
Johny 02.12.2008 - 09:48
"Schued dat een emmer nach den Kompromess muss agoen tescht gudd Räuschverhaalen an vill Pixelen." <-- Dir muss ech jo sécher net erklären dass dat technesch ganz normal sou ass closed_eye
benem 02.12.2008 - 10:23
Du muss awer och bedenken dass déi ganz Entwécklung vun dem Chip an den Technologien muss bezuelt gin. Et as dat wat dat ganzt sou deier mëcht, net d'Materialkäschten smile
Trotzdem ee Batz Geld!
Johny 02.12.2008 - 10:26
An trotzdem bidden Canon an Sony och soueen Chip fir vill manner smile
Pelz 02.12.2008 - 02:24
Daat ass jo en schnätonguepchen ;o)
Ledge 02.12.2008 - 10:36
Ech geng mol schätzen, dass sëch deen Präiss an 3 bis 4 Méint tëscht 5 an 6000¤ agependelt huet (sinn awer keen Nikon-Kenner). Vill Studio- an Fashionphotographen gräifen lo zou - se kënnen sëch ët leeschten. Et geet hei nët ëm wéivill den Chip kascht mee ëm den max. Profit. Soulaang d'Offer genuch Demande huet ass vir Nikon näicht falsch um Präiss...
arwa 02.12.2008 - 14:50
Den Preis leit - ënner - 7.000.- Euro !

daat bezuelen d'Leit jo awer och fir eng Eos 1Ds MkIII ,
a , wei den Ledge schon soot, d'Profiën kënnen sëch daat dach locker léeschten............... éen wei den Guido Karp huet en Tagessatz vun 3.900.- Euro (no éegenen Angaben ) daat mol sou als Beispill. Ech wées och, dat hien dovun nach aaner Leit muss bezuelen, mais bon !
galileo 02.12.2008 - 16:36
pfff...ech mengen ech hun de falschen Beruff smile confused
patrickr 02.12.2008 - 19:01
(geläscht)
Kwitchibo 02.12.2008 - 21:16
En Auto brauchs de awer mei wei eng Cam wou een mengen ech nemmen brauch wann een Profi as ...

et as awer kloer das een Getz och als Auto geif duer goen ...
Johny 02.12.2008 - 23:07
OK .. an, wat seet däi Golf GTi? *ggg*
sry konnt mer et net verknäifen closed_eye
arwa 04.12.2008 - 11:40
richteg, ouni lo unzeginn, en kleng Storie:

ëch hun mir virun ronn 13 Joer eng Rolex kaaft, hun ëmmer dovunner gedréemt, wëll, Auerfreak. Eng , wou éen awer, wann éen ët nët woust, ët nët direkt gesinn huet, nix prollo etc............ déemols hun verschidde Leit mëch fir verreckt erklärt, 80.000.- Frang, also 2.000 Euro fir sou eng Auer ze bezuelen. sou ätonguepes kann éen jo och als Copie kaafen (sie hun do wahrscheinlech ätonguepes nët verstaanen smile))...) Wann ëch sie dann drop ugeschwaat hun, bei hieren Autoën, do geif ët hinnen nët no puer Dausend Euro Optiounen ukommen..................... nix mei !
En plus, fuer mat engem neine Auto aus der Garage/Händler, Wertverloscht ouni Enn !!

Ech hun meng Auer virun puer Joer vir 2.000.- Euro (kée Witz) rëm vekaaft an hu mir eng Eos 1Ds dovir kaaft, dei ëch no genée engem Joër rëm vir 2.000.- Euro verkaaft hun, hun 200 Euro drop geluecht an hu mir eng 5D kaaft.
Souvill zum Thema, deieren Auto vs. deier Kamera.
Ob éen daat éent oder daat aanert brauch, daat as relativ
en plus, 30.000.- Euro fir en neine Auto sin haut och nët mei vill !!
Kwitchibo 02.12.2008 - 20:53
Maja dann well ech eng !
hun am Abrell Bday ween well???

closed_eye