Header
CS4 vun Adobe ass geschwënn ze kréien
(23.09.2008 - 20:49)
Adobe huet haut d'Create Suite 4 firgestallt, nëmmen annerhallewt Joër nodem CS3 op de Maart komm ass. Et ass bis lo déi gréisste Suite matt 13 Eenzelprodukter, 14 integréierten Technologien an 7 Servicer.

Et ginn 6 verschidden Versiounen, vun der Design-Versioun bis zur Master Collection déi all Produkt enthällt.

Firun allem soll d'Oberfläch nei gemaach gi sinn an soumat natirlech och verbessert, an méi séier soll och alles sinn duerch den direkten Zougrëff op d'Grafikskaart.

Méi informatiounen ginn et op: http://www.adobe.com/products/creativesuite/?promo...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Kwitchibo 23.09.2008 - 20:50
smile
klex 23.09.2008 - 21:00
Cool smile hoffentlech rem en InDesign deen och funktionéiert um Leopard!
big-basti 23.09.2008 - 21:01
closed_eye
n0brein 24.09.2008 - 15:58
hmm schaiss, daat mat der grafikkaart huet main macbook awer net su gär:S
MarcGerard 25.09.2008 - 19:02

hun 't presentatioun vum CS4 op der photokina gesin an an deene 10-15 minuten (ech sin zum schluss komm) hun ech immens vill gescheites gesin.. ech menge mäer kënnen eis op eppes schéines gefaasst man smile
Kwitchibo 26.09.2008 - 19:59
klengt guud!

-Laurent- 28.09.2008 - 10:48
Jo hun mer gescht och gekuckt, einfach oberbeises smile
MarcGerard 06.10.2008 - 16:07
Poly 13.10.2008 - 22:31
ech hun den photoshop elements 7 elo ausprobéert do as zwuar net vill neits ausser e puer "spillereien" hoffentlech helt den neie cs4 wat e versproecht