Header
Photogen elo offiziell eng a.s.b.l !
(19.09.2008 - 09:40)
No laangem Hin an Hier an Onkloërheeten, ass et endlech vollbruecht. Photogen ass firun e puer Wochen als a.s.b.l. ugemellt ginn, an matt der Publikatioun vun eise Statuten am Mémorial C si mer dann elo offiziell firum Gesetz eng a.s.b.l., wat eis och erméiglegt affiliéierte Fotoclub bei der FLPA (http://www.flpa.lu) ze ginn.

Bis dir ierch kënnt als Member vum Club umellen, mussen nach puer Saache matt der Fédératioun geklärt ginn, am Moment waarde mer do nach op e puer Äntwerten. Wann dat bis gemaach ass, kann ee sech online als Member umellen. Firdeeler op der Websäit selwer kritt een doduerch net, mee awer typesch Fotoclub-Méiglegkeeten, wéi z.B. de Gebräuch vun eisem fonkelneie Studio dee mir och an denen nächste Wochen wärten ariichten! Oder interessant Workshops iwwert d'Fotografie selwer oder d'Fotobearbechtung um Computer bidden mer dann regelméisseg un.

Hei nach den aktuelle Comité matt den Chargen vun den Leit:

- Johny - President
- Focus - Vize-President
- Lydie - Trésorière
- Yoshi - Sekretär
- Kwitchibo (keng rechtlech Charge mee Event-Manager)
- MarcGerard (keng rechtlech Charge mee Event-Manager)


Hoffentlech bis geschwënn an eiser Clubmember-lëscht dann.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
kola 19.09.2008 - 10:14
Photogen ass elo offiziell eng a.s.b.l. cool
... an huet haut och nach Gebuertsdaag (3 Joer ) smile
Johny 19.09.2008 - 10:16
Stëmmt, haut ass schonn den 19.bigsmile ... jojo Zoufäll ginn et.
gloda 19.09.2008 - 10:16
bigsmile
klex 19.09.2008 - 10:41
Cool! smile
Fesch 19.09.2008 - 11:04
supi smile
Johny 19.09.2008 - 11:04
Vun de Kommentarer hier kënnt et mer grad fier wéiwann ech lo réischt d'News geschriwwen hätt dass mer online gaang wiren ... cool closed_eye
Focus 19.09.2008 - 11:17
JUHU - ech gin Member !! cool
Johny 19.09.2008 - 11:54
Du kriss d'Memberschaft verweigert tongue
Focus 23.09.2008 - 11:03
smile
MarcGerard 19.09.2008 - 12:46

an deem jickeclub mellen ech mech net un XD


Johny 19.09.2008 - 14:08
Gottsäidank!

bigsmile
Kwitchibo 19.09.2008 - 13:07
Ech gin och Member! closed_eye

top!
Johny 19.09.2008 - 14:09
Dude, du kriss et och verbueden closed_eye
Kwitchibo 19.09.2008 - 20:53
Ech wosst et!!!!!!!!!!

smile
Paukl 19.09.2008 - 14:21
"smile" CHEEEEENIAL
Ech gin och Member mee ech mengen ech daerf net oder Johny?
Johny 19.09.2008 - 14:22
Deng "" kanns de wechloosse beim Smiley, se ginn och ouni déi closed_eye

Du däerfs! All déi déi net däerfen, däerfen net well se sws schonn am Comité sinn bigsmile

Dobäi fällt mer grad an, kéint nach derbäi schreiwen wen wéieng charge huet.

//EDIT: Done
Nicon07 19.09.2008 - 14:34
Majo dann: Happy birthday photogen! An bonne route photogen asbl! Mat deem Comité do dierft dat dach exzellent rullen. Ech freeë méch. An dofir lueden ech dann och mol neess eng Foto rop!

smile
Shantideva 19.09.2008 - 15:16
Super! Dann gin elo Neel mat Kaepp gemeet! smile
Mochel 19.09.2008 - 15:28
Daat as tiptop eng goud Idee! geif mech dann emol umellen
Johny 19.09.2008 - 15:30
Alles matt der Rou closed_eye Et läit am Moment net un eis.
BlackPanther 19.09.2008 - 15:40
hoihoi!! *Schampesopmecht*
mert..drenkn joh keen...anybody want some? tongue

sen joh mol gudd News!closed_eye an mat där Zesummensetzung...hui...wärten joh soumunch EVENT -gemanagt- gin! :p

prost!cool
Metalbambi 19.09.2008 - 15:52
Ma daat si jo mol Neiegkeeten! bigsmile

Happy birthday to you, ... !
Jeanny 19.09.2008 - 16:55
ech huelen un dass dât eng gudd Saach ass, muss gestoen, kenne net esou vill smile)) ginn awer Member wann der mech huelt.
Johny 19.09.2008 - 16:58
Ma wann lo nach déi saache geklärt si matt der Fédératioun, si mer offiziell e Fotoclub, kënnen de Memberen doduerch och méi bidden well mer kënnen Suen kréien fir Memberskaarten asw... Fir dat wirklech rechtlech richteg ze maachen, muss een eng asbl sinn.
ApplEric 19.09.2008 - 17:15
Weini a wou ass d'Generalversammlung? Sen op de Champes aus… closed_eye
Majo dann kann et jo lo hei lassgoen…

Iwwerhaapt, wien hudd den President gewielt? :-P (just joking) closed_eye
Neckel 19.09.2008 - 18:23
smile Sen dobai ... wärt io dann den greissten PC am Land gin, also vun den aktiven Memberen hier
Johny 20.09.2008 - 00:28
Net just vun den aktiven mengen ech closed_eye
Neckel 20.09.2008 - 09:49
Io klor smile Dat war lo sous-entendu tongue
nikel 19.09.2008 - 18:50
Ech kaafen eng memberskaart smile
EyE 19.09.2008 - 18:52
majo wann daat keng neiegkeete sin closed_eye isis
Maimonides 19.09.2008 - 20:13
Därf ech och Member gin ? smile
Johny 20.09.2008 - 00:28
Tirlech! smile
gloda 19.09.2008 - 21:31
Kommen mir dann och an d'Zeitung wéi al aner Jickeclub wann mer eis Generalversammlung hun?
BlackPanther 20.09.2008 - 00:20
harhar bigsmile an den ESSENTIEL, well dach stark hoffen, packen ma et na, nee? tonguep
Johny 20.09.2008 - 00:29
Dat ass mär soueppes vu puupegal smile
BlackPanther 20.09.2008 - 21:53
...an dobai as puuplissiti alles!! bigsmile
big-basti 19.09.2008 - 22:17
Félicitatioun smile Sin gutt Neiegkeeten ! bigsmile
Polinger 19.09.2008 - 22:44
Yuuuuchuuuu! dorop waarden ec hsäit geraumer zäit! ;P Meeeega bigsmile härzlechen Gléckwonsch an nach vill erfolleg mat eis ;P ps: Ech well member gin! bigsmile
mi-ma-maika 19.09.2008 - 22:45
wooohooosmile ech well ochbigsmile
Jean-Jos 19.09.2008 - 23:20
Ganz gutt esou!
E Merci un déi Aktiv vum Comité!
spako 20.09.2008 - 00:39
Super... ech sin da gespaant op de Studio an d'Workshops smile gud geschafft!
wave 20.09.2008 - 06:41
Heppi Börsdéi PG closed_eye

Workshops?!?!?!?!? cool da léieren ech och mol vlait Fotoen maachen!
-Laurent- 20.09.2008 - 11:10
Muahaha, dann gin mer lo an 2 Joer un d'Bourse oder wei tongue

Gleckwonsch !
Johny 20.09.2008 - 13:41
Pschhhhhhhhhhht closed_eye
PanTau 20.09.2008 - 13:55
excellente idée si j'ai bien compris le message,
n'étant pas de la région, ce dynamisme ne sera pas pour moi, mais je resterai fidèle au site closed_eye
pitchul 21.09.2008 - 08:43
Super nouvelle
Rolacro 21.09.2008 - 15:38
Dat ass GENIAL! Wierklech eng gudd idee! Vlait fennt jo dann nach eng entwecklung vun PG statt... Op jiddefalls dauert di "entreprise" jo dann nach en bessen smile
Gratuleieren! closed_eye
TomEwert 21.09.2008 - 16:54
guddi smile nemmen guddes an vill erfolleg fir déi nei asbl
patty 21.09.2008 - 17:35
Gleckwonsch smile
BlackPanther 30.09.2008 - 22:07
dudelduuh......wou sen ma drun mam Pabeirkroom an sou? closed_eye
geschitt neemlech iergendswei schons eng zektschen nees niks...tonguetonguetongue

Gut Ding will Weile haben soen se awa emma..... smile
Johny 30.09.2008 - 22:11
Spuerkees Pabeierkrom eben ...
Ech si matt de Statuten dohi gaang, hun dun en Blat mattkritt wou ech jidfereen hu mussen drop schreiwen den Accés op de Compte bräuch, an vun denen huet och jidferee mussen ënnerschreiwen. De Yannick war awer dun nach net am Land, an e Freiden hu mer dat mol gemaach dun, an gëscht sinn ech zréckgaang domat. Lo muss dat ganzt just nach vun engem Comité an der Stad accordéiert ginn, well dat an den Deel fällt vun Sociétés. De gudden Häer matt dem ech ze dinn haat rifft mer awer un soubal dat gemaach ass, an dann däerf ech iwwerall déi läscht Kreepecher maache goën, an dann misst de Compte geschwenn aktiv sinn.
BlackPanther 30.09.2008 - 22:14
oukaiiii bigsmile bigsmile
haat schons ee moment gefaart et giff mam saatz -an lo as dSpuerkees och bankrott- ophaalen....
gudd ze wessen awa!
hoffen ma also dass deen guddenhär genuch Kaffi kritt an sain Telefon an nekster Zukunft ennert all dem Pabeierkroom remfent!! smile smile
THANKS4fast update!