Header
45Plus Konkuer gëtt verlängert!
(18.09.2008 - 17:57)
Duerch déi bis elo sou wéineg Fotoën déi eropgeluede gi sinn fir den Konkuer dee Photogen.lu zesumme matt 45Plus organiséiert huet, ass décidéiert ginn vun hierer Säit äus dass mer de Konkuer verlängeren, an zwar bis Enn November. Dëst erméiglegt och nach bëssen méi Reklamm ze maachen.

Déi Leit déi bis elo eng Foto ropgelueden hun an vläicht eng aner wëllen eroplueden (wat vläicht de Fall kéint sinn, wa se eng besser hun), sollen sech w.e.g. op johny@photogen.lu mellen.

Den präzisen Datum bis wéini en dann lo wärt goën gëtt nach den Owend oder muar am lafen vum Dag festgeluecht, genee wéi dann d'PDFen déi op de läschte Stand bruecht ginn, passend op déi nei Deadline.


NEIEN DATUM: 23. November
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Roxane 18.09.2008 - 18:35
ok dann sich frouh soes wier lo fleit hetz gin well iddi hun ech mee wees na just net weis se gudd emsetzen kann :S mee dann sinch elo mol gespannt opch na eng leisung fanen smile
BlackPanther 18.09.2008 - 19:22
bigsmile bigsmile

ech hun just na emmer sou epps fun keen plang waat ech do kiint knipsen...meng Blummen schwetzn zwa mee iergendswei geet et nik duer fir sou een Concours! XD
mol kukn!
opallefall awa mol keng schlecht saach NACH MEI Zait z kreien! closed_eye
gloda 18.09.2008 - 19:46
Yes! Merci merci, do kommen ech nach eemol virdrun op Lëtzebuerg an dann kann ech mer puer Modelen aus der Famill kropen. As bessi schwéier op der Uni wou jiddereen 18-25 as.
JADE 19.09.2008 - 08:57
och aer Proffen ? closed_eye
gloda 19.09.2008 - 10:18
Nee, mee engersäits wieren déi eréischt opgetaucht nodeems den Concours schon eriwwer gewiercht wier, an anerersäits sin déi meescht dovun net sou cool drop dass se géifen mat hiren Studenten en Shooting maachen.
ApplEric 19.09.2008 - 00:17
Tja, en MacBook kinnt een emmer mol gebrauchen, do sen ech scho frou datt et lo op mei speit verluescht guff…
Mee wei well een zu deem Thema eng Foto maan?
Flait gin ech och rem ze weit sichen…
Kwitchibo 19.09.2008 - 00:32
ech fannen daat geet awer !!!as zwar net super einfach mee as awer dran!!!

mbG

BlackPanther 19.09.2008 - 00:36
pfff...wa seelen SOU inspiratiounslos...mee...hope dies last...vlait fannen ech joh na dIDDI fum Daach....cool
Jeanny 19.09.2008 - 16:53
merci, hun nach nescht passendes fond, ass schweier.
Johny 19.09.2008 - 16:54
En Macbook ass jo och schwéier ... closed_eye