Header
Canon 50D lo scho firgestallt
(26.08.2008 - 12:09)
Bessen méi fréi wéi wuel erwaard, huet Canon lo den Nofolger vun der 40D firgestallt: 50D.

Hei déi wichtegst Donnéen:
- 15.1 Megapixel CMOS
- 6.3 Biller pro Sekonn matt bis zu 90 jpeg'en hannerdeneen
- Digic 4
- ISO 100 - 3200 an nach ze pushen bis op 12800
- 9 AF Punkten
- 3" écran matt Liveview an och Gesiichtsverbesserung
- Den typeschen Magnesium-body
- EOS Cleaning System
- HDMI Connectioun méigleg op en Fernseh fir eng héich Opléisung

Hei All Infos op DPreview:
http://www.dpreview.com/news/0808/08082605canoneos...
An hei bei Canon:
http://fr.canon.be/For_Home/Product_Finder/Cameras...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Johny 26.08.2008 - 12:11
Ech si gespaant op Tester, wéi se räuscht, well ech wëll endlech eppes wat net vill räuscht ouni direkt mussen op Vollformat ze wiesselen.

Äusserdem verstinn ech net wisou se sech matt denen 9 AF-Punkten zefridde ginn!
gloda 26.08.2008 - 13:58
ALso d'Highlights fir mech sin den Digic4, Autofocus während dem LiveView, an wann ech dat richteg verstanen hun d'Méiglechkeet d'selwecht wéi bei der 1DMkIII Kalibréierungen fir verschidden Objektiver ze späicheren.
Déi 9 AF Punkten sin un sech net schlecht, du muss drun denken dass se vun der 30 op d'40 den Wiessel vun 9 Punkten op 9 Kräizer gemaach hun.
Johny 26.08.2008 - 14:00
Jo dat wees ech matt de Kräizsensoren, mee ech wëll se méi verdeelt oder méi Punkten eben.
Dat matt der Kalibréirung wosst ech net, praktesch.
klex 26.08.2008 - 14:33
Wi steet et mat der Tropicaliséirung? Huet do eppes geännert? Hu naischt doriwwer font...
Den neien Display ass och mol eng première op dee sin ech gespant am verglach zun den Nikon.
An den ISO natierlech smile
gloda 26.08.2008 - 15:27
Wat heescht Tropicaliséirung?
Johny 26.08.2008 - 15:32
Hun ech heen och gefrot am MSN. Domat mengt en d'Ofdichtung smile
gloda 26.08.2008 - 17:34
Ahsou. Also ech hat awer elo iergendwou gelies dass den 'Weather-sealing' verbessert gin wier, awer näischt konkretes.
Johny 27.08.2008 - 09:21
Hei wat ech lo gelies hun: "gegen Spritzwasser abgedichtet"
Jean-Jos 27.08.2008 - 15:12
kléngt intressant,
de Frank am Mirgain huet me de Moien och schons dervun geschwaat,
da sin ech emol op de Präis gespaant,
Johny 27.08.2008 - 15:13
1299EUR soll se kaschten, Präis vu Canon "firgeschlo" d.h. fir 1200 kritt ee se geing ech soën.
nikel 03.09.2008 - 17:13
Hei sinn eischt Fotoen eraus mat der 50D leider keng mat Iso 12800. Et ass eng derbai mat Iso 6400 (dei mat den Bannanen)

Link
Johny 03.09.2008 - 17:16
Jo an dat wat een do gesäit ass richtege Pixelmatsch... net wéinst dem Räuschen, mee allgemeng
nikel 03.09.2008 - 17:25
Jo hunn lo reicht gesinn dass een sech Foto kann am Orginal rooflueden. Ass wierklech net immens gudd ginn, mee se sinn jo net all sou schlecht smile
Johny 03.09.2008 - 17:35
Dach amfong schonn a Canon mëcht dat scho säit puer Generatiounen sou...