Nikon bréngt zweeten Full-frame Body!
(01.07.2008 - 13:55)
Nikon huet haut nieft der D3 hieren zweeten Apparat matt engem Vollformatsensor op de Maart bruecht. D700 ass tëscht D300 an D3, vu dass se vun der Technik hier bal daat selwecht entsprëcht wéi eng D3, mee se ass awer just sou grouss wéi eng D300.
Hei déi wichtegst technesch Donnéen:
- 12.1MP Vollformat Sensor
- Sensor Cleaning
- ISO 200-6400 (erweiderbar op 100 respektiv 12800)
- och DX-Objektiver passen drop, daat gëtt automatesch erkannt an dann bleiwen engem 5.1MP.
- 51 AF Punkten
- 5 Biller pro sekonn
- 3.0" Display
Kaschten soll se 2599€
Fir méi Infos kuckt op dpreview.com: http://www.dpreview.com/previews/nikond700/page2.asp

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
klex
01.07.2008 - 15:06
Ech verstin do eppes net, de Boitier ass zimmlech genau dee vun der D300, just en aner Prisma an en aaner Chip. An dann liesen ech um Internet: di éicht Profikamera mat bletz! Wisou ass d'D300 da keng Profikamera? A säit wéini ass et d'Gréisst vum Chip di seet op et eng Profikamera ass oder net, menger Meenung no ass et et Boitier. D'Canon 5D ass schliesslech och eng Semi-Pro genau wi d'Nikon D300, D200, D100 an fidrun F100.
Marketing Statégie di mer net ganz aliicht :/
Mee ech freen mech natierlech fir all d'NikonUser di na puer net DX Objectiver hun, well ass mat grousser Secherheet e super Apprat!
Marketing Statégie di mer net ganz aliicht :/
Mee ech freen mech natierlech fir all d'NikonUser di na puer net DX Objectiver hun, well ass mat grousser Secherheet e super Apprat!
Johny
01.07.2008 - 16:07
Mengen Canon huet d'5D awer als Profi-boitier gesinn, 30D/40D als Semi-pro, an Canon haat jo d'1Ds (mengen et war déi) déi och kee Vollformat haat mee se war Profi-boitier.
Mee et ass jo och schlussendlech awer egal ob d'Firmen selwer hiere Boitier Profi-boitier nennen oder wéi och emmer Daat matt den DX Objektiver hei fannen ech och eng immens gutt Saach.
Mee et ass jo och schlussendlech awer egal ob d'Firmen selwer hiere Boitier Profi-boitier nennen oder wéi och emmer Daat matt den DX Objektiver hei fannen ech och eng immens gutt Saach.
Johny
01.07.2008 - 16:19
Hehe do hues de och Recht, wann ee bis vill liest waat sou Saachen ugeet, ass een herno och nach méi Duergerneen wéi virdrun
mmphotos
01.07.2008 - 18:19
Ech mengen ech spueren awer nach puer Joer mei an dann get et eng D3, schon alleng weinst dem boitier Well daat as daat waat mech am meechten un der D200 nervt...Den Fullframe as natirlech weinst der deiftenonschaerft an den Iso cool...mee dann mussen et jo schliesslech och d'objekiv wiesselen...also ech mol...an dofier haalen ech meng D200 (wollt lo unsech keen wessen, mee langweilen mech )
As awer unsech een flotten pparat, ob deen bestemmt eng reth leit geward hun.
As awer unsech een flotten pparat, ob deen bestemmt eng reth leit geward hun.
ploro
02.07.2008 - 18:48
An se hun een neien Bletz, den SB-900 ungekennegt....
wann se lo nach dei ellen Stier bei der D700 weggeloss häten andems se den intenen Bletz wegegloss hätten dan wier jo alles an der reih :p
wann se lo nach dei ellen Stier bei der D700 weggeloss häten andems se den intenen Bletz wegegloss hätten dan wier jo alles an der reih :p
klex
02.07.2008 - 22:48
du hues su rescht dat ass daat eenzegt waat mech um boitier stéiert...
Si hun och 2 nei Tilt-Shift Objectiver ugekennegt
Si hun och 2 nei Tilt-Shift Objectiver ugekennegt
the_zipper
04.07.2008 - 02:37
Ech warden emmer nach op EOS 6D, well een dann 5D warscheinlech zu engem immens gudden preis an occasioun kritt
Also ween seng 5D deen moment vir 500 euro well verkaafen nemmen heihinner dermadder hehe
Also ween seng 5D deen moment vir 500 euro well verkaafen nemmen heihinner dermadder hehe
Nicon07
05.07.2008 - 18:47
Also, ech hun elo mol neess Filmer a méng F70 gemaach, (och wann dat elo vläicht net dee beschten Analogboîtier vun Nikon as, mais ech hun awer keen aaneren), fir mol méng 28-70 a 70-200VR op 24X36 ze "testen", also fir de feeling vum groussen Negativ ouni crop-Faktor neess ze kréien. (Am fong hat ech en nach ni su richteg verluer). An elo maachen ech een total hirverbrantene Vergläich: ech fotograféieren op Film mat den décken Objektiver a mat der D80 maachen ech entspriechend Fotoen mam 18-200VR DX, fir den Ënnerscheed am Verzerren an am Vignettage ze gesin. Mais ech si mir awer elo scho sécher, datt ech eng D700 bestelle wärt. Dann halen ech d'D80 derniewt fir d'Macroen, wou de crop-Faktor eigentléch positiv as, a fir di mi wäitwénkelech Fotoen wiesselen ech dann op FX-Sensor. An engem Geschäft, wou ech elo der Deeg nach war, hun se den D700 Body mat 2400¤ annoncéiert. Do schléckt een zwar, mais dat as awer scho besser wéi di 2800¤ déi se bei nikon.de ugesat hun.
Vince_M
10.07.2008 - 13:51
et wier net schlecht wann nikon emol geng nei optiken op de maart brengen....genre
85 AF S D, 105 an 135
matt dem neien D700 fannen ech e besie penibel well ech mir virum 7 meint D300 kaaf hunn a well ech schons laang op e full frame zu engen "normale" preis waarden...mee bon et ginn mei schlemm saachen ewei daat....
firwaat nikon den neien apparat D700 gennant huet NO IDEA....
bg
vince

TomEwert
29.07.2008 - 17:08
Genialen Apparat. Haat en haut an der hand an sin begeeschter. Vir deen Preis kritt een eng top Kamera déi der 5D komplett ebenwürdig ass. En Sucher deen engem Gefiller vun demols (analog) zreckget ...en genoss, an den Spiegel huet den geilsten softesten sound ever. Schnell (awer nemmen mat battérie greff), nach en bessen méi userfriendly wéi meng D200. Spillen ganz staark mam Gedanken mir déi ze leeschten.
An en traum rauschverhalten.
EDIT : D3 brauch ech net ... vu dass ech seelen reportage maan, an baal nei sport besteet d'utilitéit einfach net fir mech. Maachen jo awer 1500 euro aus.
An en traum rauschverhalten.
EDIT : D3 brauch ech net ... vu dass ech seelen reportage maan, an baal nei sport besteet d'utilitéit einfach net fir mech. Maachen jo awer 1500 euro aus.