Header
*UPDATE* Foto läschen an Favoriten-Optim
(02.11.2005 - 03:29)
An zwar, kann jiddereen vun elo un, nët nemmen séng Foto éditéieren, mee och selwer läschen. Jiddereen huet d'Recht drop kënnen séng eegen Foto vum Site rem roofzehuelen.

Dann en plus, kann een wann een en Kommentar schreift zu enger Foto, lo direkt mat en Ordner wielen äus séngen Favoriten, an beim Späicheren gët d'Foto dann och direkt an den Ordner gesaat. Dëst erméiglech en méi einfacht, komfortabelt a séiert bäisetzen vun de Favoriten.

Mier schaffen nach un aaneren neien Funktiounen, mee daat ass am ganzen bessen méi Arbëcht. Iwer Feedback sin mer wéi emmer frou, den een kann am Forum oofgin.

UPDATE:
Anscheinend war nach e Feeler am System dass een séng Foto nët konnt läschen well den Acces engemd erzou gefeelt huet. Dëse Feeler misst awer elo behuewen sin.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
RivanerJoe 02.11.2005 - 20:23
Ech wollt lo grad eng Foto läschen an dunn krutt ech dëse Message:"Du muss Admin sin fier dës Funktioun ze gebräuchen "Du muss Admin sin fier dës Funktioun ze gebräuchen".
Nach ee klenge Bug???
joellchen 03.11.2005 - 10:48
ech ka meng o net läschen, krien dat selwescht wi den rivanerjoe "Du muss Admin sin fier dës Funktioun ze gebräuchen"
JohnyG 03.11.2005 - 11:56
Et geet elo.