Header
Rock on!
(24.05.2008 - 13:22)
Säit e puer Wochen leeft Photogen elo schonn op engem neie Server, op dem mer méi Plaatz hun an keng Traffic-limite méi. Dofir passen mir eis Limiten dann och e bessen un, fir den Upload vun enger Foto.

Vun elo un ass d'Maximal Gréisst op 2000 Pixel gesat, suwuel an der Breet wéi och an der Héicht, Minimum ass 400 Pixel héich/breet. Äußerdem setzen mer d'Limite vun der Dateigréisst vunn 300KB elo erop op 700KB! Sou kann een och bei Fotoen déi sou scho méi grouss sinn, d'Exif-donnéen drann loossen, an et muss een net op Qualitéit verzichten.

Mir wënschen Ierch dann weiderhinn vill Spaß beim Eroplueden vun Fotoen.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
MarcGerard 24.05.2008 - 13:28

sou soll dat sin! cool !!!!
marischen 24.05.2008 - 13:40
kuul smile
Neckel 24.05.2008 - 13:45
Top ! smile
klex 24.05.2008 - 14:16
wonnerbar! merci smile
ApplEric 24.05.2008 - 14:50
Hui, tiptop!
Leider hun ech grad eng Foto ropgelued, wou ech nach no den aale Kriterien gefuer senn…
unhappy
Egal, lo weess ech et jo!
Let's rock!
Johny 24.05.2008 - 14:57
Optimal ass emmer nach wann ee se 800px breet mecht closed_eye
big-basti 24.05.2008 - 16:18
grandios smile eng gutt saach dat doten closed_eye
BlackPanther 24.05.2008 - 16:33
weeeha!! bigsmile
DAAT sen joh mol Naiechkeeten!! bigsmile
endlech kann ech na enka no dene kukn wu ech mat 300KB net mei dei Nuancen dranhaat wu se gebraucht hun!700 geet massich duer...
an mengn unt Greisst huet een sech gewinnt...as just sennvoll fir dPanoramaen *fangerreif* ;)
schupih! smile
Shantideva 24.05.2008 - 16:43
Ma daat ass flott! smile
No_Saint 24.05.2008 - 17:04
Eng gudd Saach !!
CHAREL 24.05.2008 - 17:40
Super!closed_eye
Ziggy_x 24.05.2008 - 18:23
yeaahhhh...smile
Nicon07 24.05.2008 - 18:51
Da brauch een elo net mi ze schreiwe: Klick op d'Foto!bigsmile closed_eye

Nee am Eeescht, dat do s elo eng ganz gudd Saach. Dat stimuleiert, fir emmer besser ze gin.
Kwitchibo 24.05.2008 - 19:15
iLOVE Photogen
Metalbambi 24.05.2008 - 19:59
yeah johny gudd saach daat do! lo kan een och mol fotoen mat mei detailer an geil panoramaen roblueden!
thx!
Johny 24.05.2008 - 20:59
Daat freet mech dass et awer ganz gutt ukënnt smile (waat soll do am fong och schlecht ukommen, hehe)
Polinger 25.05.2008 - 13:53
Yuchhuuu bigsmile
Knipser 25.05.2008 - 18:14
Viiiiil besser wei erwart !!!! merci. PG wiesst iwert sech eraus.
Keup 26.05.2008 - 13:36
Saucool. Gudd gemeet.