Header
Photogen plënnert
(25.04.2008 - 21:50)
Dee Problem dee mer läschte Weekend haaten, ass verursaacht ginn vun der Festplack an eisem Server. Mir konnten zwar Méindes Moies d'Maschinn rem zum Lafen bréngen obwuel mer daat schlëmmst erwaard haaten, mee säitdem leeft de Server ëmmer nach onstabil, an huet lo während dëser Woch mussen bal all Moien manuell restart ginn. Daat huet eis zur Décisioun bruecht en neie Server ze kafen, eppes waat e Stéck méi performant ass.

De Weekend elo fänke mer un ze plënneren op déi nei Maschinn, an vun do un wou mir ufänken Donnéen ze kopéiren op den neie Server, bis zu dem Moment wou alles prett ass an Domain just nach muss emgeleed ginn, musse mer Photogen awer vum Netz huelen, well alles waat an der Period géif gemaach ginn um Site, wir dann verluer soubal mer rem online sinn. Also wann Photogen net ze erreechen ass lo déi nächst 2 - vläicht max. 3 Deeg ass daat héchstwarscheinlech geplangt, an dir musst ierch keng Suergen maachen. Durno si mer dann rem fir ierch do, op engem fonkelneie Server.


Hei nach Informatiounen fir déi déi sech bessen fir Technik interesséiren:

Den aalen Server, op dem am Moment nach alles leeft, huet als Hardware:
- Intel P4 2.4GHz
- 1GB DDR 400MHz RAM
- 160GB IDE Harddisk

Den neien dann, eng ganz liicht Verbesserung:
- AMD Athlon 64 X2 5600+
- 8GB DDR2 800MHz RAM
- 2x 320GB SATA Harddisk
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Olivier 25.04.2008 - 21:58
Ooohh neeeeee... ech wäert ierch all vermessen... verdammt nomaaa!!!
Hoffen dat eisen Daach dann rem glaich gefleckt gett, well dei reendreppsen dei emmer vun dobaussen vum himmel ant haus an meng kaffistaass faalen, loossen main kaffi kaal gin...
Hoffen dat ech glaich rem en genossvollen kaffi drenken kann... Peace Up !!!
Polinger 25.04.2008 - 22:00
Also ech mengen do gesait souguer een Laie wei ech, dass deen Server nawell net schleeecht ass closed_eye Mei neien Prozessor mei Speicherplaatz ... Cooooooooooool =D ech wenschen vill gléck an spaaß beim plenneren an vun mir en decken merci fier d' Méi =D
Johny 25.04.2008 - 22:02
Daat allerwichtegst ass eigentlech dass mer 8GB RAM hun, déi och méi séier sinn an och Harddisken déi méi séier sinn, well am fong sinn 160GB och uergaang, masseg closed_eye
kanufla 25.04.2008 - 22:01
cool soll ech helefen miween schleefen tongue
an waat maan ech dan elo 2 deeg laang???as jo na gud dass ech zu stroosbuerg sin fir mech oofzelenken closed_eyecu
Kwitchibo 25.04.2008 - 23:09
GOGOGO POWER RANGER!closed_eye
et wärt hart gin ech maan mei bescht fir net ze verzweifelen...

kenne ma net esou een Nottelefon maan?? fir dei wou et net packen?closed_eye
Metalbambi 25.04.2008 - 23:27
awer wieklech nemmen eng ganz, ganz liicht verbesserung XD
den aalen keint en virtuellen server ob mengen ech baal jidderengem sengem pc sin an haeten awer nach genuch Ram an harddisk iwwereg cool

merci vier d investissioun an d'aarbecht
Johny 26.04.2008 - 00:09
Tjo mee déi Maschinn ass 3 Joër aal, deemols huet nach kee vun Dualcore geschwat bigsmile (just bei Xeons)
Nicon07 26.04.2008 - 00:00
Ma dann: good luck, Johny! CU on Monday!

Dat wärt scho klappen.
Johny 26.04.2008 - 00:10
Dir hudd mech zwar all falsch verstan, hehe smile Ech hun net geschriwwen PG wir fir 2-3 Deeg offline, mee falls mer an denen nächste 2-3 Deeg iergendwann offline ginn, DANN ass daat normal. Ech gleewen net, dass mer sou laang wärten offline sinn! Rechnen matt puer Stonnen.

//UPDATE: Bon wéi et äusgesäit wärte mer et "réischt" e Sonnden oder Méinden durchzéien. Falls mer lo Moies offline sollte sinn, ass de Server alt rem gecrasht an ech muss en op Steesel restarte goën, daat ass NET Deel vum Plënneren.
big-basti 26.04.2008 - 09:38
wohoo, wierklech performant daat doten closed_eye 8gb RAM =D
majo hoffen dass alles glaat leeft an nächst woch rem alles tip top ass smile
hun de weekend souwisou null zeit an kreien haut meng spiggelreflex an wärt mol keng zeit hun fir bessi ze testen unhappy

majo bonne chance
TomEwert 26.04.2008 - 10:37
Maja bonne chance.
mullebutz 27.04.2008 - 23:30
Majo WORK IS DONE

boah waat ass deen neien server seier bigsmile do hun mer eis eppes guddes geleescht cool
Johny 27.04.2008 - 23:33
Genau, alles lo iwwerstan ouni Schued. an merde waat ass daat séier bigsmile
apu 27.04.2008 - 23:47
Sidd der fäerdeg mat plenneren?
Johny 27.04.2008 - 23:52
Hun ech dach grad geschriwwen am Kommentar? smile
gloda 28.04.2008 - 00:30
As féx gangen mam plënneren. Wann dat am richtegen Liewen nëmmen och sou wier. 160BG weien alt manner wéi en Kleederschaf smile Gudd Aarbescht.
Johny 28.04.2008 - 00:33
Et ware mol keng 160GB, et waren der nemmen 14 (ouni d'E-Mails gezielt) smile