Header
Oofstëmmung fir Contest
(24.04.2008 - 09:20)
D'Oofstëmmung fir de Contest ass elo eng Woch laang amgaang.

Är Favoriten wielen kënnt dir hei: http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_inde...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
MarcGerard 24.04.2008 - 12:46
cool fotoen, wann och weineg....
Ech sin deck gespant closed_eye
Nicon07 24.04.2008 - 13:42
Do si jo nawell interessant Saachen dobäi! Awer datt et n!emme 7 Fotoe sin, dat get mir dach awer ze denken, besonnesch, wou jo awer vill méi gudd a kompetent Fotografen hei all Dag hirt Kënnen a Wëssen ënner Beweis stellen. Hun d'Leit da kee Courage méi haut?!
Johny 24.04.2008 - 14:26
Kuck mol hei: http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=999 :/

(Et sinn 8 Fotoen)
Polinger 24.04.2008 - 19:35
hmmmm... also ech haat ganz kloer meng favoritten, do gouf et absolut keen gedeessems xD ... dass et der tatsächlech just 8 sin iwwerrascht mech zwar och ... mee bon, looking forward to knowing the results soen ech do mol closed_eye
apu 24.04.2008 - 21:09
Schued daat een schon riwer ass well lo desen Weekend gudd Wierder gedd dann hätt ech och nach kennen eppes beidrohen.
Mee bon vieleicht beim nächsten...
gloda 24.04.2008 - 22:41
Sou, ofgestëmmt as! Wat as dann den genauen Datum wou d'Resultater bekannt gin?
Johny 24.04.2008 - 23:33
D'Ofstëmmung leeft genee eng Woch, an ab dann brauch ech just nach ee knätonguepchen ze drecken fir dass d'Resultater veröffentlecht ginn. Also daat wärt dann den 1. Mee sinn.
Kwitchibo 24.04.2008 - 22:43
Ech hun ma leider dei Zeit net gehol fir eng Foto ze maan...unhappy

Sorry Leit next time !

cheers
patrickr 25.04.2008 - 15:07
(geläscht)
Johny 25.04.2008 - 16:38
De Vote-System ass jo am fong och net äusgeluecht fir en Total vun 8 Fotoen ze beaarbechten, well do klappt et net wirklech esou, do hues de absolut Recht.
TomEwert 26.04.2008 - 10:33
tatsaach ... dass en bessen bof dess keier ...ech hun keng photo fond dei wierklech dem contest gerecht gin ass ... wann letzebuerg awer nemmen esou vill wert ass froen ech mech virwat mir nach esou vill touristen hun. Leuz ... waat ass mam Gronn ??? (do ass dach architektur pur vun lux. vu renaissance ivert rococco barock)

hun net gevote ...

EDIT : ech waer fir eng verlaengerung vun der einreichfrist fir dass d leit vielleicht nach kenenn engkeier op schein wieder hoffen an hiir konzepter emdenken / perfectionneiren
MarcGerard 26.04.2008 - 13:22
Dat ka jo net sin. a wat as mat deenen dei se schon ageschéckt hun?
't wiedere wor gudd genuch ... deen nächste contest leeft no geschwen neese un....
Johny 26.04.2008 - 13:27
Nee nee mer hun eng Kéier ee Contest verlängert an daat war et net wärt, et hu méi Leit gesot mer sollten daat net maachen wéi herno nach Fotoen nokomm sinn. An äus Erfahrunge muss ee léieren smile
TomEwert 26.04.2008 - 13:35
selwer schold. ass schappeg dest kéier ... unhappy
Nicon07 26.04.2008 - 14:58
Jiderengem séng Meenung an Éieren, a wann et och stëmmt, datt een et hätt kéinte besser maachen, awer ech mengen et kann een net soen, datt bei deenen 8 uploads d'Thema net behandelt gi wier. D'Thema war jo och ganz vague gehaalen. Sou huet jidereen séng eegen Approche zu Sujet gehaat. Dann hätt ee misse ganz kloer definéieren, wat fir eng Techniken erlaabt, a wat fir eng net. Mais da wier jo och neess di "kënschtlerech Fräiheet" an d'Inspiratioun ageschränkt gewiescht. Ech denken éischter: Mir hun elo 8 Fotoen, un point c'est tout. Do musse mir dann ee choix treffen. A wann een net vote wëll, dann as dat och an der Rei. Souwisou si Concourën ëmmer subjektiv, wi alles. Wann een net kéint "contest"éieren, firwat et da "contest" nennen? smile Eng Deadline verlängeren, well d'Resonnanz net sou war, wéi erwaard oder erhofft, fannen ech op alle Fall och net di richteg Léisung. Dann ass et eben domm gaang fir déi Kéier. Di näxte Kéier maache mir et besser. Dat as jo grad dat fflott an dat positivt un eisem site, datt mir alleguer léieren an ëmmer erem nei Chance kréien.

An anch eppes, wat mir Fotografen dach all wëssen: Il n'y a pas de mauvais temps, il n'y a que la mauvaise tenue. A wat fir de Reemantel gëlt, gëlt och fir Fotoe maachen. closed_eye
Kwitchibo 28.04.2008 - 00:30
TOP GESCHRIEWEN!

BRAVO!

mbG