Dëse Workshop ass
Samschdes, den 24. Januar 2015, um 10:00 Auer zu
Jonglenster am Clubsall.
E gëtt gehale vum
Bob Bamberg a Steve Schneiders, op
Lëtzebuergesch.
Adress:
Centre Culturel "Am Duerf"
rue du Village - Junglinster
Op der Kaart (Google Maps) kucken
De leschte Workshop ass scho laang hier a mer sinn ëmmer nees gefrot ginn fir een iwwer Photoshop ze maachen... hei ass en dann lo endlech! :)
Well et den éischten ass fänken mer mol mat enger Introduktioun un, dat déi Leit déi nach net wierklech wëssen wat all déi komesch Billercher an dat Fachchinesesch do heescht mol eng Iddi kréien wat et alles am Photoshop gëtt. Dat ganzt wäert dann sou oflafen dat mer iech als éischt eng Kéier déi -wichtegst- eenzel Funktiounen erkläeren. Do herno stellen mer en einfachen Workflow vir, wéi een iwwerhaapt un eng Foto eru geet, mat wat een am beschten ufänkt an wat een éischter méi spéit an der Nobeaarbechtung maachen soll.
Well een awer duerch nëmmen nokucken net vill léiert, kënnt dann och nach en prakteschen Deel an deem mer zesummen en Portrait an eng Landschaftsfoto verschaffen. Do liwweren mier d'Ausgangsmaterial an stellen och schonn eenzel Elementer déi méi zäitobwänneg sinn zur Verfügung, soss gëtt et séier langweileg an mer verbëtzelen vill Zäit an däer mer näischt léieren kënnen.
Natierlech kënnt der och eegen Saachen matbréngen zu deenen der Froen hutt, do hëllefen mer iech gäeren weider.
Schluss wäert sou géint 18:00 sinn, jee nodeem wéi séier mer weider kommen an wéi mer motivéiert sinn.
Well dat ganzt do awer evtl. en bëssen ustrengend kéint ginn an den Dag soss zimlech laang gëtt ginn mer mëttes an den Picobello iëssen.
Wichteg ass dat jiddereen en Laptop (mat Netzskabel am beschten) matbréngt ob deem Photoshop installéiert ass (net grad PS 2, ab CS2 obwäerz hunn ech awer mat alles geschafft). Méi wéi 1-2x dermat rondrëm gespillt hunn musst der awer net dervun verstoen, dat léieren mer iwwer den Dag.
Maximal kënnen
12 Leit drun deel huelen.
De Präis fir Clubmemberen ass
15€, fir Leit déi net Member an eisem Club sinn kascht en
25€.
Wichteg: Ugemellt ass ee réischt definitiv, wann ee sech hei ageschriwwen huet (Knäppchen drécken wou "Schreif mech elo an" steet) an d'Suen iwwerwisen huet op eise Compte. Wuer d' Suen mussen iwwerwise ginn kritt een nom Umellen direkt hei, an per E-Mail, matgedeelt.
» Fräi Plazen: 7