Polfiltersimulatioun | |
![]() d'Bild opmaachen a matt engem Double-click op d'Hintergrundebene an eng Ebene 0 ëmwandelen. (alternativ kann een och d'HG-ebene duplizéieren an den Effekt dorop uwenden) ![]() Ënne lenks op d"f" Symbol klicken, an am Popupmenü op "Verlaufsüberlagerung" klicken. Déi hei Fenster geet op an d'Bild verwandelt sëch an e Waiss-schwarz Verlaaf. ![]() Dann: 1. Füllmethode op "Ineinderkopieren" setzen. 2. Deckkraft op +/- 55 % 3. Wichteg !! : bei Verlauf op "umkehren" klicken Déi aaner Parameteren je no Bild ausprobéieren. Noom festléen vun de Parameter, d'Fënster vum Ebenestil nach oploossen !! An da kënnt de Clou: Wann een elo mam Cursor (den sëch an e Feilkraitz verwandelt) vun Uewen no Ënnen iwert d'Bild fiert, trëtt dé Polfiltereffekt an, den ee fein doséieren kann. Hei d'Resultat: ![]() Elo kann een dé Stil duerch klick op "Neuer Stil" ofspaicheren, e gëtt dé Moment un d'Enn vun der Stilpalett ugehaang a kann dann op all aanert d'Bild (waat virdrun an eng Ebene-0 ëmgewandelt ginn ass) ugewandt ginn. ![]() Fierdeel par rapport zum Polfilter: Keen 2 Blendeverloscht, Nët ofhängeg vun der Sonn an dem Opnahmwénkel Nodeel: d'Reflexiounen op netmétallegen Flächen kann een nët domatt steieren. |