Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» BegrĂ«ff Erklärungen »» Bildformat
 
Bildformat
Ok.

Dest sollt eigentlech keen Tutorial ginn mee eischter eng kuerz Erklärung iwert Bildformater.

Ech begrenzen mech op folgend Formater:

RAW
JPG
TIFF
GIF
BMP

Daat sinn eigentlech dei gängest Formater.

Desen Tutorial soll 2 Froen beäntwerten:

1) Waat ass den Ennerscheed zweschen deenen Formater
2) Wei en Format soll ech benotzen, respektiv den Problem vun der Qualität erklären.

Als Referenz get et www.Wikipedia.com do gët all Format am Detail deeweils mam Logarithmus erklärt (En Logarithmus ass en mathemateschen Rechenmodell). Ech sinn natiirlech emmer fro fir zousätzlech Informatiounen vun den Lieser an versichen hei d'Thema einfach ze halen. Mech giff och weiderhin interesseieren ween weieen Format benotzt.

1) RAW

RAW kennt aus dem engleschem an heescht Rei, (däitsch roh). Desen Format kennt direkt aus der dititaler Kamera (net all Kamera ennerstezt desen Format. Et ass d'Bild wei et vum Sensor gesinn get ouni dass irgend eng Optimisatioun gemach ginn ass.

Genau do kennt och den Vir- an Nodeel.

a) Virdeel:

Keng Informatioun geet verluer. Dest Format ass, waat munch Läit soen "puer". Mei Informatiounen kann ech net am Bild hun. Grondätzlech sinn et 32 bit Dateien, daat heescht all enzelnen vun den 5-11 Millionen Pixellen enthält 32bit Informatiounen, oder aaneschters ausgedrecht 2^32 Fuertein an Informatiounen (2^32 = 4.294.967.296 Fuerwtein, wesentlech mei wei en menschlecht Aa erkennen kann).

Des Dateien sinn net verschafft an optimeiert. Et kann een se nodreiglech, nodeem een d'Photo gemach huet nach gudd optimeieren (ech nennen daat eng digital Entwecklung vun der Photo)

b) Nodeel:

Desen Format ennerläit kengem Internationalem Standard, daat heescht all Kamerahiersteller kann säin eechten RAW-Format benotzen an des Datein sinn net interchangeable. Mat mengem Canon Programm kann ech not esou ouni weideres Nikon RAW Dateien verschaffen.

Des Dateien sinn relativ grouss (well immens vill Informatiounen dran sinn) 8 Megapixel Fotoen sinn +- 5-7 MB (op eng CD kreien ech also 100-150 Dateien).

Des Dateien sinn net verschafft an optimeiert. Ganz oft sinn dess Photoen net optimal an et ass een gezwongen se ze verschaffen.

Fir esou Photoen ze verschaffen brauch een spezifesch Programmer (dei normalerweise mat der Camera geliwert gin). Et brauch een och en relativ gudden Computer well esou Programmer Prozesser-hongerech sinn. D'Emwandlung von RAW op JPG brauch pro Photo 5s-2min je no Computer.

Standard Apparater wei en DVD-Player kennen dest Format net liesen, och kann ech se net aschecken bei màin Photograph fir se ze entweckelen.

Schlussbetrachtung:

Trotz desen Nodeeler ass et definitiv een ganz netzlecht Format vir Photoen langfristeg ze haalen, well een emmer erem d'Photo verschaffen kann. Dest Format kann een ugesinn als Negativ.

Perseinlech haalen ech all meng Photoen am RAW-Format an mengem Archiv.

2) JPG

JPG steht fir JPEG (Joint Photographic Experts Group) eng Firma dei dest Format erfonnt an patenteiert huet. (Dei hun och MPG gemach, MPEG get fir DVD benotzt am Filmberäich).

Nodeem eng Photo am RAW Format opgeholl ginn ass get se an en aanert Format gesaat fir dass Standard Programmer se kennen liesen. JPG ass wuel den gängesten Format.

a) Virdeel

Eng JPG-Datei ass wesentlech mei kleng well d'Photo komprimeiert get.


Et kann een beim ofspäicheren vun deser Datei den Kompressionsratio defineieren vun Super Qualität bis super kleng Datei.

Somadder kann ech eng RAW Datei vun 5MB problemlos ob 0,1MB erofkreien.

Den weidere Virdeel ass dass des Datei normeiert ass an somat vun allen gängeschen Apparater gelies kann ginn, wei en DVD-Player oder en I-Pod... (Et get heizou en ISO-Standard an en Patent)

Och well des Datei esou kleng ass kann een se super gudd iwert Internet schecken (Per mail oder op den Web setzen)

Ech kann Photoen an desem Format un en Photograph ginn fir se entweckelen ze loosen.

b) Nodeel

Deen wuel greissten an eenzegen Nodeel vun JPG ass den Qualitätsverloscht.

Fir eng Datei mei kleng ze machen benotzt dest Format en Kompressiounsverfahren, dest Verfahren geet leider op d'Käschten vun der Qualität (oder och gesoot vun der Bildinformatioun).

Eischtens sinn des Dateien maximal 24 Bit (All Pixel huet 16.777.216 Fuerwtäin, theoretesch souvill wei en menschlecht Aa gesinn kann awer nemmen theoretesch). Dateien awer meechtens 12 bit hun (4096 Fuerwtein). Hei hengt et stark vum sujet of, wann d'Photo weineg Fuerwtein brauch, dann ass daat ok awer esoubal vill Fuerwen an d'Spill kommen...

Zweetens späichert dest Format net genau all eenzel Bildinformatioun mee durch en mathematescht Verfahren nemmen Grondinformatiounen. Fir dest ganz vereinfert duerzestellen keint eens soen dass den Program een Pixel als Informatioun späichert an dann eng weider Informatioun späichert dei soen wei ongefeiert dei nächst Pixelen ausgesin (mein hell, mei roud...etc). Ween et genau well wessen kuck op Wikipedia an sicht no JPG.

Wichteg ass och ze wessen dass bei all Dekompressioun (opmachen) and Kompressioun (nei ofspäicheren) Informatiounen verluer ginn, waat een dat mei oft mecht waat d'Bild mei drenner leid.Reng ukucken vun deen Biller huet natirlech kee Afloss... :o)

Schlussbetruechtung:

Hei ass et ganz wichteg bein Ofspäichern vun der Datei fest ze leen wei gudd d'Qualität soll sinn, vun exekrabel bis exzellent. Et ass en Kompromess zweschen Qualität and Quantität (kleng Datei = schlecht Qualitàit, Grouss Datei = Gudd Qualitäit) !

Oft gesäit een an den Biller waat ech Artefakten nennen. Hei en perfekt Beispill aus Wikipedia!



Also dest Format ass en Format daat emmer benotzt get hei op Photogen. Ech perseinlech benotzen dest Format nodeem ech d'Photo am Raw verschafft an konverteiert hun. Benotzen och dest Format am Photoshop.

3) TIFF

TIFF steet fir "Tagged Image File Format" an ass e Format waat ursprünglech exklusiv fir Photoen entstaanen ass. En ass geigeniwert dem JPG en mei flexibelt Format

a) Virdeel

Fir den Profi ass dest Format exzellent well et keng Informatiounen verleiert. Et ass en sougenannten normeierten RAW-Format.

Een Tiff Dokument kann tonneweis Informatiounen enthalen an esou guer mee wei 1 Bild pro Datei (keng Animatioun!). Bis zu 32bit Fuerdeift sinn meiglech.

Dest Format ass geigeniwert dem RAW Format interchangeable

d'Kompressiounsverfahren dei dest Format benotzen ginn net op d'Käschten vun der Qualität.

b) Nodeel

d'Greist and komplexiteit vun der Datei. Et kann virkommen dass eng RAW-Datei vun 5 MB am Tiff op beemol 30MB hun do muss een mam kompressiounsverfahren spillen.

Rechenpower ass hei gefrot fir des Biller ze verschaffen.

Schlussbetrachtung:

Dest Format get oft vun Professionellen benotzt weinst der heicher Qualitäit and Interchangeabilität.

4) GIF

Gif steet fir Graphics Interchange Format an ass en Format wat ursprünglech fir Internet entweckelt gouf.

a) Virdeel

Gif ass een Format waat et erlabt fir Animatiounen ze maachen. Bei desem Format ginn e puer Biller hannereneen gesaat an dann ofgespillt.

Weiterhin benotzt GIF en Kompressiounsverfahren ouni dass Qualitäit verluer geet.

Et sinn relativ kleng Dateien dei einfach am Internet verscheckt kennen gin.

b) Nodeel

Des Datei kann just 256 Fuerwen duerstellen (also 8 bit)

Domader sinn se eigentlech guer net geegnet fir Photoen, ausser villäicht am S/W.

Schlussbetrachtung

Vu que dass se fir Animatiounen gebraucht kennen ginn, ginn se oft als Logo benotzt oder als animeierten Avatar. Soss benotzen ech dest Format praktesch ni.

5) BMP

BMP steet fir bitmapped graphics format. Menger Meenung no get dest Format nemmen doweinst vill benotzt well et vun Microsoft entweckelt gouf. Dei aaner Formater hun wesentlech Virdeeler.

a) Virdeel

Ausser dass des Datei bis zu 24 bit ass kennen ech elo direkt keng Virdeeler (d'Format ass wäit verbreet).

b) Nodeeler

Dest Format ass vun Microsoft :))

D'Dateien sinn relativ grouss well d'Kompressiounsverfahren ass ganz rüdimentär.

Schlussbetrachtung

Net benotzen....

Tip zum JPG

Wann der eng Photo am JPG Format ofspäichert kennt normalerweis en Popup deen änlech esou ausgesäit:



Hei kann een d'Qualität beaflossen vum schlussendlechen Bidl!

Puer kleng Erklärungen:

Den Slider small file/large file erlaabt den Kompromess zweschen exzellenter Qualitäit and grousser Datei oder schlechter Qualität an klenger Datei. Ganz ennen gesäit een den Impakt op d'Greisst vun der Datei, hei an desem Beispill ass d'Qualitäit exzellent an d'Datei 500kb grouss. Bei enger Foto vun 1000 op 633 kann een roueg op 90% Qualität goen, dei Datei huet dann em 200k.

Format Options defineiert wei dei Datei gespäichert get

Standard oder Optimized... ech huelen emmer optimized... kennen den Ennerscheed net genau, ass einfach en bessert Kompressiounsverfahren, bei luesen Computeren dauert et mei lang.

Progressive heescht dass den Programm an e puer keieren ofspäichert an opmescht.

Desst ass nemmen wichtech wenn een eng grouss Datei op den Internet erop lued an aaner Leit se mat enger lueser Connection ukucken. bei Progressive 3 luet de Browser dann nemmen all drett Zeil (1,4,7,10,13,16,...) dann dei näichst (2,5,8,11,...) an dann den Rescht (3,6,9,12,...).

Soumader kann een relativ frei d'Bild erkennen...

Sou ech hoffen daat wuer net ze laang an et konnt dem een oder aaneren hellefen bei dem Datei auswahl....

Ciao
Geschriwwen vum Ochiniwa 20.09.2006, ass säit deem 21212x gekuckt ginn.
Neckel 20.09.2006 - 22:32
Hey also ech fannen dass du d'Ennerscheeder, respektiv Firdeeler an Nodeeler relativ genau an och verständlech erklärt hues ... et huet richtesch Spaass gemach dein Tutorial ze liesen ... gutt geschafft smile)
Ochiniwa 20.09.2006 - 22:52
Merci Merci... smile)
Ricky 15.05.2008 - 15:56
Respekt: ganz gudd erklärt.
axo-boy 28.10.2008 - 22:50
1 fro wei kreien ej aus engem BMP erem en JPG fromat?
Ochiniwa 29.10.2008 - 23:35
Do ginn et eigentlech vill Meiglechkeeten. Eng ass dass du deng Photo an engem Zeechenprogramm eran lueds (Photoshop z.B.) an dann "Save as" JPG auswielen...

systray 21.12.2008 - 20:11
Ech kann an dengem Tutorial net erkennen, wiesou een daat Format BMP net benotzen sollt.
Dei Taatsaach, d'ass et vun Microsoft ass, mescht d'Format op keng Art an Weis schlechter. Am Geigendeel: Et ass wait verbreet an gudd dokumenteiert. Wiesou sollt een et net benotzen?
Ochiniwa 21.12.2008 - 21:24
BMP ass en Format waat wuel wäit verbreet ass awer d'Dateien sinn relativ grouss well d'Kompressiounsverfahren ass ganz rüdimentär. BMP get baal guer net mei benotzt.

Kuck der desen Link un. Deen eenzegen Grond dass et BMP nach get ass well Microsoft en benotzt fir Windows.

http://de.wikipedia.org/wiki/Windows_Bitmap

"[...] Versionen 4 und 5 des BMP-Formates[...] Diese neuen Formate sind jedoch nur sehr selten als eigenständige Dateien anzutreffen und werden kaum von Anwendungen unterstützt; sie finden eher als internes Format in Windows-Programmen Verwendung."

systray 22.12.2008 - 22:22
Deen Link kennen ech. closed_eye
An trotzdem gesin ech keen Grond, desen Format net ze benotzen, well et vun Microsoft kennt.
Ochiniwa 23.12.2008 - 22:28
Nun je dass en vun Microsoft kennt ass eng Spillerei menger Säit vir d'Läit unzesteppellen, et ass baal ewei eng Religioun... ass mer och gegleckt. Ech sinn halt emmer geint Karteller an fir dein kleng. Dofir fänken ech och un geint Apple ze sinn smile

Ech fannen eben just dass Microsoft heiansdo vun senger Positioun profiteiert... beispill Netscape... eent vun villen. mee do kann een halt Säiten voll schreiwen...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 289 Gäscht online