Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Allgemeng Tipps »» Portrait net nemme fir Ufänger!
 
Portrait net nemme fir Ufänger!

Intro:
Ech hu geléiert dass et besser as engem ze soe wéi een eppes NET soll man, firdass deejeenegen d'méiglechkeet huet säi eegene stil draus ze man. Denkt do w.e.g. drun éier der mech erschéisst, a sid mer net béis wann ech net op déi Leit agin déi dësen Abschnitt verpasst hun ze liesen ;)

Méi Erfahrung baséiert sech op zimlech vill Portrait'en déi ech als Professionelle Fotograf an als Hobbyfotograf geschoss hun, an op mäi Beruff, an deem ech all Dag Leit sou natiirlech wéi méiglech fotograféiere muss. Leit déi sech prinzipiell NET wuel fille virun enger Kamera ze stoen. An zu gudder lescht baséieren ech mech -an dat muss eemol gesot gin- op méng Erfahrung déi ech glécklecherweis mat ménger fréierer, an oniwwertraffener Muse "Miss Lilou" duerft machen, an ouni déi Erfahrung ech warscheinlech nix iwwert Portrait'e wéisst.



1. Model
Et muss een e méiglechst flott Meedchen hun, an dann mam Meedchen zesumme kucke wat ee fir een "Thema" schéisst. Beléiwt Themen dobäi sin z.b. "Ech sin ee Model!", oder "Kuck, wann ech de Bauch ganz fest eranzéihen, da mengt ee bal ech hätt Nennen!"

2. Gezeih
Duerno muss een dat richtegt Gezeih fannen. ee groussen decollete as emmer gudd, virun allem wann d'gesiit vum meedchen "net iwwerzeegend genuch" as! Falls am Decolleté Näischt dran as, mecht et IWWERHAPT näischt, wann een trotzdem ee villzegrousse Soutien undeed. Dat fällt scho kengem op!

3. Location
An dann braucht een nach eng cool platz wou een déi fotoe ka schéissen. wéi wier et z.b. mat der Philharmonie? déi iddi hun der jo vill, also muss se gudd sin. ausserdem kann een sech dann bei anere leit hiere biller inspiréieren, sou geet een dem éiwege Problem vun der Kreativitéit direkt aus de Féiss. Kreativitéit hällt een zevill dacks dovunner of produktiv ze sin! Et as also besser einfach nemme Fotoen aus Prinzip ze man, ouni iwwerhapt sech Gedanken ze man wat ee well mat der Foto aussoen!

4. Kommunikatioun..
... mam Model as ganz wichteg!
Am beschten du seess déngem Model dacks genuch dass hat "schon ee richtege Model" as! Dann as hat frou, an emmerhin well hat dat jo och héieren. An am beschten du seess esou sache wéi "Stell der vir ech wier net do!" Firwat? Ech weess et net, mee bal all Fotograf seet dat, also muss eppes dru sin. Fläit huet et domat ze din dass een och niemols vergiessen däerf dem Girl Uweisungen ze gin. Uweisungen wéi een sech richteg ze halen huet, Uweisunge wéi eng Emotioun am gesiit soll geschriwwe sin, an Uweisungen dozou wou et kucke sollt! Emmerhin verhält sech e Mënsch am natiirlechste, wann e Kommandéiert get! Dem Model séng natiirlech Art a Weis sech ze beweegen muss hei strengstens ignoréiert gin. Wel wann am Fotobuch steet dass e Model muss en "huele réck" man, dann as dat esou, an ausserdem gleewen déi Strutzen der alles wats de hinnen ziels, also ziel hinne vill! An net vergiessen: Emmer schéin de Model drun erenneren dass et ee Model as. soss fällt et iergendwann nach a säin natiirlecht traurecht Liewen zréck, voller Meenungen, Charakter an deem béisen "Eegene Stil" deen zënter der Hipie beweegung nach emmer net ganz aus dëser Welt geschaft as! Benotz also vill Termen déis de bei "Germany's Next Top Model" héiers wéi "Shooting", oder "Make-Up". Oder so mol engkéier "Walk do hinner" amplatz "Géi dohinner" dat wierkt Wonner, a wierkt guernet agebild! Oder Begrëffer déi hat secher net versteht, wéi z.b. "Blend". Oder Begrëffer déis de selwer net verstees. Keng angscht, hat freet net no wat dat heescht, well et him a wierklechkeet egal as. "Hyperfokal Distanz" as perfekt fir den androck ze verschafen dass de dech schon engkéier fir photografie intresséiert hues!

5. Attraktiv Thumbnails
Kuck dass de déng Photoen esou schéiss, dass méiglechst vill Leit drop klicken. A mach am beschten emmer dat wat déi allermeescht Leit fir "GUDD" befannen. sou kriss de déi Meescht Kommentaren, an d'Chance dass een der ee schlechte Kommentar get as immens geréng. Mat "schlechte Kommentaren" mengen ech alles wat net den Ego boost! Kommentaren wéi een einfache "Schéin", "Flott" oder suguer "WOW, ech hätt se genau sou gemach!" si gudd Ego-Booster. Mee ennerschätz niemols "Likes" op Facebook. Näischt as méi näischt-soend (an domat "net-negativ", also "positiv") wéi dee gudden ale FaceBook-LIKE!
Ausserdem as Individualismus total out, an dofir as et souwisou Gesellschaftlech vill méi einfach eppes ze acceptéieren wat schon do woar.

6. Photographie net vergiessen!
Du wells jo net nemmen einfach vill klicks kréien, nemme well déi Moss blénkt an no rosa Kamelle richt? Nee, mär wëllen dach alleguer eise Status als Photograf verbesseren, an dofir däerfs du net vergiessen op all foto schéi grouss déng Signatur ze setzen. (Am beschte mat der Schrëft "Comic Sans MS"!)

7:Déi béis Reegelen!
Et as och ganz schlemm! da weist ee stolz eng foto vun engem nach-sou-schéine meedchen, an trotzdem huet emmer een eppes un dénger fotografie ze meckeren. eemol sin d'faarwen näischt, eemol passt den ausschnëtt net, an déi aner kéier kippt d'foto zevill no lénks, a.s.w.
Majo, hei get et leider kee rezept. ausser déi hei immens ausried: "Reegelen sin do fir gebrach ze gin!" dat klappt emmer. Et as dobäi ganz egal obs du iwwerhapt weess vu wéienge Reegelen do emmer geschwat get. d'Haaptsach as, dass de se Brëchs. Wann dann nach ee meckert kanns de jo soen "Ech wollt dat esou!". Dat as natiirlech dat beschten argument, an dat gleewt der jiddereen! Gewinn der dat och am Alldag un! Emmer wann een dech op e Fehler opmierksam mëcht, so einfach dass du dat express gemach hues. Wann d'Ëmstänn et erlaben, kanns de jo coh nach een Argument dobäi schreiwen, mee sou wichteg as dat net. Wichteg as nemmen dass jidderee mengt du häss alles am Grëff, a giffs alles wëssen!

8: Cadrage
Mär wëssen alleguer, dass et bei dénger foto net em eng stëmmung, eng emotioun, a scho guernet em eng geschicht geet. op keefall soll kappkino eis foto-fans vuM eigendleche motiv, dem Model oflenken. Also, emmer schéin d'Meedchen an d'Mëtt setzen, a ronderem keng platz fir imaginatioun loossen. De Betruechter muss emmer genau wësse wats op der foto geschit, an däerf net op déi domm Iddi kommen dass d'Foto iergend ee Sënn soll ergin, oder iergendeppes sollt ausdrécken.

9: After Party
Nom Photoshooting muss de natiirlech onbedéngt Fotoe verschaffen. Do däerf de däi Model net dobäi sin, well emmerhin kanns de jo net zouloossen dass dem Meedche séng Meenung déng eege Meenung beanträchtegt. Hat soll frou sin dass et iwwerhapt herno e puer verpixelt ofzich krit. emmerhin get hat domat op facebook berühmt, a léiert ganz vill intressant Jonge kennen déi et op séngem Wee an d'Erwuessenheet begleeden. Beim verschaffen onbedéngt Programme benotzen déi alles automatesch man. Oder wells du schorem déng eegen idden dramëschen? ween ouni Stil "A" seet, muss och ouni Stil "B" soen, nee? Lightroom as hei perfekt. Du kanns quasi blann op all knäppchen drécken. d'Leit fannen alles gudd. a wat méi Filteren, wat besser! Emmer schéin iwwerdreiwen. Du brauchs keng Lecture iwwert d'Theorie vum Filtrage, iwwert d'Erfahrung vu grousse Photografen, déi virun 100 besser Fotoe gemach hu wéis du. Emmerhin as däi Material immens deier gewiecht, an et as schwéier Genuch sech ze verhale wat Bleng, Verschlosszäit, oder -fir Profien- ISO as. Net ze gleewe wat déi deemols fir wéineg Méiglechkeeten haten. Haut geet alles automatesch, an dofir och däi Gehier! Pass dech un!



10: Promo
Déng fotoe mussen an den internet, dat as kloer. Firt éischt setz se einfach hei op Photogen. Egal wéi gudd se där selwer gefalen. Et weess ee jo nie: Puermol fanne Leit déng foto gudd, obwuels du se schlecht fënns. Woumat dat ze din huet as egal, mee d'Haaptsach as dass de iergendeppes richteg gemach hues! Wann dann eng vun deene Fotoen trotzdem nach sollt schlecht bewäert gin, wéi z.b. mat beleidegende Kommentare wéi "de Cadrage hëtt ee kënne méi intressant man!" dann as et wichteg dass de dech fiirchterlech opreechs (firt ésicht bei dénger foto selwer, an nodeems de se geläscht hues, am forum!). Déi fotoen déi dann déi gewënschte Kommentare kréien, mëss de op däi Perséinleche Portfolio (z.B. op facebook). sou fënns du vill Frënn, a léiers all déi meedecher kennen déi noch emol welle Model gin, woumat sech de Kreess vun deem sozialen Deel bei der Photographie erem schléisst.



Sou, also heimat schléissen ech dann of! Ech hoffen där hudd all eppes geléiert! An ech hoffen an zukunft méi Portrai'en ze gesin, wou ee mol net muss op dat klengt Bildche klicke fir ze wëssen dass sech een mol rem engkéier kee Fatz Gedanken iwwert all déi komech Sache gemach huet. Déi Sachen déid'Photographie zu enger Tortur man, amplatz zu engem Zäitverdreiw, oder engem liicht verdéngten Ego.
Geschriwwen vum MarcGerard 14.08.2012, ass säit deem 21052x gekuckt ginn.
ZachOry 14.08.2012 - 18:25
Genial, ech muss grad schmunzelen smile alles schein duerch d'blumm, u sech as et traureg ...

Mfg
Schlimpitz 14.08.2012 - 23:31
booaahhh waat hunn ech lo gut gelaacht.
einfach nemmen super
diddylux 15.08.2012 - 20:40
wou den Herr Recht huet, huet hien och Recht! bigsmile
Miisamm 17.08.2012 - 16:08
Rauh!
m-otiv 19.08.2012 - 19:03
An op allefall keen TFP Kontrakt ennerschreiwen lossen closed_eye
p-foto 20.08.2012 - 13:50
Oh, mäin Gott, wat ech awer alles falsch gemaach hun !!!!

Du muss gudd Zäit hun.
Metalbambi 20.08.2012 - 18:43
béis, béis, béis...! smile
klex 22.08.2012 - 12:38
Top! Deen Tutoruial huet gefehlt hei an feht och nach a villen anere forumen... an och wann der vill sech net ugeschwaat villen, d'brengt se trotzdem secher zum nodenken smile
lenswatcher 22.08.2012 - 20:32
genau daat doten mist een eng keier soen! Haptsaach eng Kamera fir 6 mille an dann photoen duerch en HDR filter geheien fir dono awer och op keen fall eng qualiteitsfoto ze hun!!
Johny 25.08.2012 - 13:31
E gudde Résumé vu villem wat s de soss schonn ëmmer geschriwwen hues.
Menger Erfahrung no (an ech hun der quasi keng an deem Beräich) feelt awer nach ee Punkt: Du däerfs OP KEE FALL anere Leit mattdeelen wéi s de deng Fotoen mëss, a scho guer net wou et war wanns de eng flott "Location" fonnt hues fir mam Model hinzegoen. Déi Informatiounen gehéieren nëmmen dem Fotograf selwer an fir dass nëmme keen aneren sou schéi Fotoen ka maachen muss een dat fir sech halen.
Zodiac 30.08.2012 - 16:22
Den Punkt wous du hei unschwätz fannen ech ganz intressant, hat dei eng oder aner Kéier mat Leit geschwat wou vill aal Gebeier fotographéieren gin, an do wollt och keen verroden wou all dei Gebeier sin. Ech fannen dat och e bessen trauereg mais bon. Dat waren awer keng Leit hei vum Site closed_eye
tomsmith 06.10.2012 - 11:27
fanne mir misten hei eng sait mat locations opman op der hp. gudd spots fier fotoen ze man. sou no cathegorien
MarcGerard 08.10.2012 - 10:06

DAT gehéiert enzwousch wou et gelies get!
mee vergiess et, well déi meescht deelen net gäer locations!
tomsmith 08.10.2012 - 10:15
http://www.tomsmith.pf-control.de/locmap/
hun am forum en thread opgema, op den feedback hin, hosten ech elo emol dat hei, wan et gudd geet get et flait hei op der sait angebonne.
Ech gin mai wessen gàre weider, ass jo de senn vun dem ganzen hei, net fier eis geigensaiteg vollzeschlaimen tongue
Zodiac 30.08.2012 - 16:47
Gudd geschriwen den hei!
Keup 26.01.2015 - 19:02
Dat witzegst wat ech bis elo iwwer Fotoen am allgemengen gelies hunn.

Top closed_eye))

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 264 Gäscht online