Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

1 Grübchen ...

 
1 Grübchen ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.09.2006
  • Gekuckt:
    41563
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    50
  • Beliichtungszäit:
    1/320
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    163 KB
  • Originaldatum:
    22.08.2006
  • Fotoapparat:
    NIKON D70s
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
Grimassen, fir dass ët endlech vum Buedem eropkuckt

Fir anzesetzen: [pg_img=9752]
Kommentar vum Fotograf:
Een vun mengen 1. "Portraiten".
Daat ass d'Eline Jade, 18 Méint ... an ... hat huet nëmmen 1 Grübchen ... :-))
Johny 07.09.2006 - 01:14
Ganz léiw erwëscht, staarke moment smile An eng wirklech gudd Foto, als déng éischt déis de hei roplueds smile
JADE 07.09.2006 - 01:15
ët ass mir ewéi an engem examen!!! ...... bibber, bibber, bibber ..... unhappy
Johny 07.09.2006 - 01:17
Eis muss een awer net färten esou wéi dei Examinatoren heinsto closed_eye Mer sin mënschlech
Olivier 07.09.2006 - 01:14
ZWEETEN!!!!

Sin frou dass de endlech en ropgelueden hues... an ochdirekt sou eng leif... how cute!
Johny 07.09.2006 - 01:15
2 late bigsmile
Minaa 07.09.2006 - 01:16
VÉIERT! bigsmile

Waat ass daat e Léift smile)
Mojoo 07.09.2006 - 01:16
Endlech ... smile)

Eigentlech genau deen Genre deen ech vun dir erwaard hun. Eng douce, an léiw Mënschenopnahm!
Ganz schéin erwëscht!
annemie 07.09.2006 - 01:35
uaah...neiiiiinn...awer nemen 6.bigsmile mee keen biest ;D
du hues eng foto ropgelueden JUUUHUUU ;D how great!!!! ech fannen dei do souuuuuuu liiiiiiiiiiieb... maa weider smile))) freen mech schon der kenen comments ze schreiwen smile super!!!
jaaaaaaaaaa...
mee lo wees ech nix mei ;) vlait kent muer en edit wa mer eps bessres afällt... an du wees jo: domm sin deet saaaaaaaaugudd ;)

edit: versprach as versprach ;): deen bléck ass einfa genee den "ai ai ai ech waaaaaar dat net"-bléck...su léif onschelleg.... einfa super!!! (je war ech geschter midd dass ech dat vergiess haat!!!)
JADE 07.09.2006 - 16:16
Nee, nee, nee annemie ... du wars einfach zevill iwerrascht !!
... an dun huest du emol keng Wierder méi fonnt .... obwuel's du awer nawell vill léif Saachen geschriwen hues ...
thx a lot to you ... nice ... thx again
JADE 07.09.2006 - 03:05
Merci iech all - Mogway, Johny, Olivier, Minaa, Mojoo, annemie - fir aeren léiwen Accueil vun menger 1. Foto op PG ... closed_eye)
ech hun awer nach een laangen Léierwee virun mir ...
Kwitchibo 07.09.2006 - 03:43
Super LEif as dei FOTO an eng Eierlech dobei BRAVO weider!!!mei mei mei!! smile
JADE 07.09.2006 - 16:12
Merci, merci, merci fir däin Unsporn, Kwitchibo.

(P.S.: waat mengst du mat "an eng Eierlech dobei "?)
Kwitchibo 15.11.2006 - 00:42
et as 1 eierlecht laachen net 1 PHOTOLUX laachen! daat sin jo och shootingen ...net beis gemengt Photolux wirklech net!
voila.
JADE 15.11.2006 - 01:09
du bass awer och zevill !! ...

also wann se schon an deem Alter nët méi éierlech wieren ... dann kéinten mir ons awer gewalteg Froen stellen ... unhappy( ...
P.S.: an seng Mamm erréicht! ... closed_eye)
alma 07.09.2006 - 07:39
endlech hues du et iwert herz bruecht fir hei deng 1 foto ze posten.
ech sin gespahnt was du eis nach alles hei um site weis.
JADE 07.09.2006 - 16:10
Ech muss fir d'éischt emol d'Cam erklärt kréien ... an se besser, oder iwerhaapt emol, kennenléieren ... hei war alles op Automatik angestallt ... wéi kéint ët och aaneschtes sin, wann een "que dalle" vun Blend, Brennwäit, ISO, etc. kennt ....daat ass mir einfach ze héich, ët geet einfach nët an mäin Kapp eran ... pffffff
annemie 07.09.2006 - 16:49
"que dalle" genau! closed_eye do geet et mir zimlech nemlecht ;D cool
mee dofir gin et jo "eis" expert'en dei daat erklären closed_eye
Focus 07.09.2006 - 10:15
Hey Partner!! Dat as cool das de lo richteg derbei bass.
Eline geseit imens léif op dëser Foto aus.
JADE 07.09.2006 - 15:58
"... dass de lo richteg derbei bass"

Thx a lot Buddy .... mee wann ech gesin waat ech nach an der "Reserve" hun, dann machen ech elo emol erëm eng Eroplued-Pause ...
Lilia 07.09.2006 - 12:14
endlech endlech lueds de mool fotoen rop smile
ass wieklech leif di doen, mir hun net fir neicht su laang gewuat smile
freen mech schon op weider fotoen bigsmile
JADE 07.09.2006 - 16:03
Thx Lilia ... ët war ewéi vum 10m Sprangbriett an d'Waasser sprangen ... zitter, bibber, klapper ... nee, am Eescht!! ... genau esou!
Knolles 07.09.2006 - 12:48
/removed/
JADE 07.09.2006 - 15:53
"Amiperas-Sektioun"!!! ..... pfffff ... onméiglech, Knolles!!

"Merci bien" Knolles ..... ech sin wierklech frou, dass se dir gefällt ... smile))...
ech muss awer och soen, dass hei guer näischt "geplangt" war (mat Géigenliicht an esou ...) .... alles Zoufall, well ech war jo schon zimmlech iwerrascht, an endlech frou, dass d'Mini-Model de Kapp iwerhaapt eng Kéier gehuewen huet !!!!! .... Knetzel do!!

Wees nët op déi Grübchen nokënnt? ... villäicht verschwënnt dëss einfach?

Zu weider Fotoen ..... hmmmm, ich glaube das wars schon ... hun keng passable méi ....
klex 07.09.2006 - 12:59
Wow, waat vill kommentaren schon bigsmile siehsdemol closed_eye d'Foto ass och wiirklech schéin, immens léiwe Bléck, an en super Luucht.
Daat eenzegt waat ech fläit nach gemaat hätt wär dee klizeklenge roude Fleck um Aarm weggemaat. Wann een e bis gesinn huet geet en engem nemmi äus dem Kapp...
Hmm, muss och mol engkéier sou Fotoen maan...
Weider sou obschiddefall smile
JADE 07.09.2006 - 15:33
Daat ass een Stach vun engem Pampa-Moustique, grrrrrrr .... déi sin wierklech bluuuuutsüchteg .... baal wéi Vampiren ... well en plus gesäit een se nët am Daag ... se haalen dann eng Siesta fir owes erëm op d'Fiesta!!!!

Ech kann nach nët mam PS ëmgoen, ausser recadréieren an verklengeren an vergréisseren.... unhappy((

Ech kann dir och een Shooting mat dëser Jëfferchen arrangéieren ... smile) ... an ët géing sech bestëmmt fréen fir op deng héich Schëlleren ze klammen an dann mat dengen Hoer ze spillen ... closed_eye
klex 07.09.2006 - 23:08
Daat geet ganz einfach am ps... Wans de den CS2 hues kann ech der soen wéi et gaanz schnell geet.
D'Jefferschen hätt dach bestemmt angscht firun su engem wi mir closed_eye
JADE 07.09.2006 - 23:13
Hem-hem ... ech wees emol nët waat fir een ech hun ... unhappy ... deen deen um Laptop drop war virun 1,5 Joer .... ët kann een ët elo jo nët méi änneren, also op dëser Foto hei, gell?

D'Eline huet kuscheleg Saachen immens, immens gaeren ... dann waert ët dech nët faerten denken ech ... also ech mengen elo par rapport zu dengen Hoer ... closed_eye)
klex 07.09.2006 - 23:25
Kuscheleg...hmm, ech wees net...deemno wi een et hellt smile
Nee, op deser kanns de et nemmi enneren, leider.
JADE 07.09.2006 - 23:29
Schued dann .... elo gesin ech och nëmmen méi deen Punkt do .... echt, wéi einfach een sech esou ooflenken léisst ... smile ...
Focus 07.09.2006 - 16:35
ok, als naechst Foto haet ech gaeren just déi riets Krausel (déi as sou mega!)
JADE 07.09.2006 - 16:40
Wann ech eng Kéier erausfannen wéi daat mam scannen funktionnéiert, dann lueden ech eng vun sénger Schwëster erop ..... daat haat den Kapp voller "Nuddelen" oder "Korkenzieher" vum Kapp bis zum "Allerbeschten"... an d'Eline huet der och schon vill, mee se sin op dëser Foto nët an "Form" ... closed_eye)
Kleent 07.09.2006 - 20:35
Ganz schéin Opnahm an léift Meedchen. Ech mengen daat gouf elo oft gesoot ;o)
An och ech fannen et flott daats de elo Fotoen roplueds smile
JADE 07.09.2006 - 23:21
Den Drock war e beemol vun allen Säiten esou grouss gin .... closed_eye)) ...
ech sin esouguer gedroht gin, keng Comments méi dierften ze schreiwen!!!
.... nee, nee, nee .... ech machen den Geck (sorry Johny and others ... closed_eye) ..)

Ech waert dem Eline ët weider flüsteren ... smile
Dan 07.09.2006 - 20:38
Hey Jade,
Lo haat ech déng 2 éischt Uploaden ganz verpasst... unhappy
Naja op alle Fall hun ech all Kommentar gelies, an ech kann deem waat virun mier schon gesoot gouf voll a ganz zoustëmmen!
Ech hoffen nach weider sou flott Fotoen vun dier ze gesin!
JADE 07.09.2006 - 23:17
Jo, Dan .... fir do up-to-date ze sin, muuss du esou géint 1, 2, 3 oder 4 Auer (moies!) hei um Site geeschteren .... dann leeft relativ vill hei ... closed_eye))) ...
Thx Thx ...
Nicon07 08.09.2006 - 00:26
Wat gett dat eréischt fir Qualitéitsfotoë, wanns du mol neess eng Kéier dee begéins, deen der däin Apparat erklärt, an dech an d'Geheimnisser vun der gudder Fotografie (aktiv a praktesch) (theoretesch a passiv weess du jo excellent Bescheed!!!) aweiht. Nach e puer Deeg, an da begéins du hien, ech spieren dat...

Kuck elo sin se alleguerten esou paff iwwert däin éischt Konschtwierk, datt se séch net trauen, ee vote ofzegin.
JADE 08.09.2006 - 01:01
An ween opfert sech dann do fir déi schwiereg Tâche?? ..... closed_eye
... ët muss schons een sin deen viiiiiiill Zäit, an zemols gaaaaanz, ganz vill Gedold huet! ... daat gëtt nämlech guer nët esou einfach .... ech bekätonguepen daat "Gezuels" einfach nët ... mir fehlt déi Dimensioun an mengen "Meningen" ... :-())

Nicon07,
proposéiers du een neien "Topfoto - prix d'honneur et d'encouragement - catégorie extra débutant "?
... well daat wier wuel wahrscheinlech deen eenzegen Grond, deen ech gesin, woufir d'Jury seng Stëmm géing gin .... closed_eye))
Merci awer villmols fir däin éiwegen Optimismus an deng léif Komplimenter ..... mee .......
....jo jo, "tongueassiv" ass genau deen richtegen Term, an bei deem waert ech mech och haalen, well "theoretesch-technesch" an "self-kreativistesch" ass nët vill bei mir dran ...
Nicon07 08.09.2006 - 09:06
Allez. allez. Du brauchs nëmme selwer dat ze maachen, wats du bei deenen aanere gudd fënns, an irgendwann, méi séier, wéi's du dir dat viirstelle kanns, bass du kreativ mat déngem eegen perséinléchen Touch, deen déch als JADE hei op den éischte Bléck erkenne léiss. A wanns du mat dénger D70s am Automatikmodus fotograféiers, da läis du meeschtens richteg. Fir deng Portrait'ë kanns du och nach de Kapp um Riëdche wiëlen, da rechent den Apparat dir ee Wäissofgläich deen d'Hauttéin méigléchst naturgetrei reproduzéiert, an d'Déifteschärft zimmléch kleng hällt. Du brauchs am Fong just nëmmen gudd ze kadréieren an ofzedrécken. De Rescht erledegt däin Apparat fir déch. Bis dann dee "Prënz" kënnt, deen déch aus dengem fotografeschen "Dornröscheschlaf" (solls du dann an esou engem sin, wat ech stark bezweifelen!!!!!) erwächt.
JADE 08.09.2006 - 01:00
ups, hun mech an der Rei geirrt, wollt eigentlech dem Nicon07 äntwerten ... hehe ... gin dann erëm ... ciao, ciao

patty 11.09.2006 - 18:02
eendlech dei foto ob dei ech lang geward hun an et sin der nach mei fotoen sin do ma dann fänken ech mol un mat commenteieren smile
also ech hun dei aaner comments net gelies well ech mech jo net well beaflossen loosen well ma ech fannen et schued dass de lenks dei locken oofgeschnidden hues d'kand ass wiekelech leif 1 Grübchen wei leif
den ielebou hätt och net sollten oofgeschnidden sin ass och schued!

mee et ass en ganzt scheint kand! an fier deng eischt foto eng ganz flott!
frankfrank 13.09.2006 - 00:31
leif,gefällt ma gut.den bleck fum kand am richtegen moment agefangen.war ebstemmt net einfach,ech woll tmeng kleng schwester des lecht och fotografeiren,ass och shcon bessen mi ass also 2,5 joer,mee ed ass fi d frecken net roueg setzten bliwen .gutt gemaach also!
Kwitchibo 06.02.2007 - 13:47
Also wann hat esou get wei seng MAMA dann get et eng IMMENS Person wou immens matfillenden as, wou een TOP Humor huet an einfach een Superen MENSCH as!

eng immens leif FOTO an wei ech et nennen eng "eierlech FOTO"

cu

MARC
JADE 06.02.2007 - 15:40
Tjo ... an elo? ... Waat soll ech elo dorop äntweren, hein? ... hun keng Stëmm méi, fannen keng Wierder méi ...


hmmmm ... feelt nach just d'TOP-Figur ... an dann géing (baal) alles stëmmen, gell ? ... unhappy))) ...
majo ... dann wënschen ech dem Eline déi dann awer ... an nach e puer aaner Saachen och, déi ech nët hun ... déi awer elo ze laang opzezielen sin ... smile ...
OK-Photography 10.07.2007 - 19:58
huch!DEI haatsch joh ganz verpasst!!
super portrait,leiwen ausdrock an een immenst blenken an den Aan!an hat ähnelt senger mam...wierklech leif!! bigsmile
JADE 10.07.2007 - 20:50
LOL ...

hmmmmmm ...
1° wéi dann? dann wars du jo nach niiiiiiiiiiiiie op menger Usersäit! ... closed_eye
2° bass du sëcher, dass däin Brëll nach rischteg funktionnéiert? ... hatt ass süss, OK ... ech awer guer nët ...
an hun villäicht nach e puer Funken an den Aan ... awer och ëmmer manner ... unhappy ... closed_eye

Merci BP! ... ass léif vun dir ...
OK-Photography 10.07.2007 - 23:51
harhar!-war- schons mol puermol kukn mee mee sou an da läscht....nom time-out den 'ech' ma 'gegonnt' haat an denen fillen reesen hun ech eigentlech drai wochen laang GUER niks mei matkritt...cool
dHoer sen defnitiv fun senger mam....closed_eye an fir dFonken kenen ze bestemmen braun ma na een autoportrait hai um SIte...;p mengn awa nik dass dJoren dei weschhuelen!ok...hoffen et zumindest nik!!bigsmile
JADE 11.07.2007 - 08:23
aaaaaah ... wann's du d'Hoer gemengt hues ... dann OK ... closed_eye ...

"an fir dFonken kenen ze bestemmen braun ma na een autoportrait hai um SIte...tongue mengn awa nik dass dJoren dei weschhuelen!"
hein? ... wou?waat? d'Joeren???? ... am Kapp sin ech jo awer nach jonk ... meeeee ... do funkt ët och nët méi esou (richtisch) ... unhappy((((

du wars elo 3 Wochen gereest ... ?
OK-Photography 11.07.2007 - 13:23
lool!daat soos du lo!cool
war eng woch schwaiz an duerno eng halew Freiburg...an firdru eng woch photogenpaus....(schengt dann awa nik weider opgefall ze sen....cool)gung duer fir eng mio. uploads ze verpassen an am forum den Fuedem komplett ze verleiren....cool
torte 12.08.2008 - 17:45
eng sueß meederche!
mat schein Aaen!!!
an löckchen!!!
super sueß!
JADE 16.10.2016 - 23:02
boahhh ... ech kruut elo een minischock wou ech op meng Säit luussen komm sin ... déi Jëfferchen ass elo een Prä-Ado !! bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 285 Gäscht online