Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Oktoberluucht

 
Oktoberluucht
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.10.2022
  • Gekuckt:
    16241
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/180 sec
  • Blend:
    f 8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x868
  • Späicherplaz:
    809 KB
  • Originaldatum:
    Enn Oktober 2021
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92299]
Kommentar vum Fotograf:
D'Matterhorn mol rem eng Kéier mat Schnéi, wat jo ausserhalb vun de Wanterméint an der Lescht eng Raritét gin ass.
Besonnesch d'Moiesstëmmung an d'Vue vum Wee fir op d'Riffelalp huet mir hei gutt gefall.
...ech hu leider festgestallt dat d'Qualitéit nom Upload gelidden huet, mais bon.. :-(
wuff 20.10.2022 - 15:13
d´Matterhorn as emmer Photogen, d'nächst Joer ginn ech och en puer Deeg dohin
marker 20.10.2022 - 20:15
Jop, wann l'Luucht stëmmt allemol, wat moies, respektiv owes oft de Fall ass.
Fir d'nächst Joer da scho mol am Viraus eng gutt Luucht gewënscht.
wuff 20.10.2022 - 20:16
Merci
gemu 21.10.2022 - 13:58
Ëmmer ness schéin ze kucken mat sengen 1000 Facetten je no Saison an Dageszäit, schnéibedeckt wéi hei kënnt e besonnesch majestätesch eriwer.
marker 21.10.2022 - 20:21
Merci Georges fir deng Appreciatioun, a mech freet et natierlech dat dBild dech usprécht.
Nicon07 22.10.2022 - 17:38
Ganz ouni Wolléke geet et awer bal ni.
marker 23.10.2022 - 11:41
Nee, an dat ass och gutt esou, zemools hei am Bild, do setzen d'Wolleken dee néidegen Akzent a brengen Dynamik mat an d'Spill fannen ech, ..ouni geséich de Bierg dach zimlech langweileg aus.
Merci Nico fir deng Meenung.
Nicon07 23.10.2022 - 13:44
Ech weess: ech hat eng Kéier ee Bléck op d'Matterhorn ganz ouni Wolleken... vun der Bettmeralp aus. bigsmile Deen Daag duerno, wéi mir dunn op Zermatt an d'Gornergrat gefuer sin, do war et, wéi wann et guer kee Matterhorn géif gin. closed_eye
Nicon07 24.10.2022 - 09:13
Gratulatioun méngersäits fir d'WF! closed_eye
marker 24.10.2022 - 12:13
Merci villmools Nico
rullj 23.10.2022 - 15:32
Flott Foto mat denen richtegen Lichtverhältnissen.
D' Wollèken sin och top.
marker 23.10.2022 - 16:15
Däi Kommentar freet mech ze liesen, Merci Marc.
Paul-H 24.10.2022 - 00:26
Gratuléieren zur WF.
marker 24.10.2022 - 12:13
Merci villmools Paul
tormi 24.10.2022 - 06:02
Gratulatioun zur WF
marker 24.10.2022 - 12:13
Merci villmools Tom
gtaddei1 13.11.2022 - 18:51
herrlechen Opbau an flott teinung
marker 17.11.2022 - 10:49
dat freet mech, Merci gtaddei1

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 299 Gäscht online