An d'Houmass gees du awer schon oder hues du des Opnaam an der Sakristei gemach? Wëll muer Sonndeg ass en ech glewen dat däin hëllege Stull Wochefotopontential huet get et och e fav vu mir
Desen Stull stung komescherweis an enger Poterie, entweder wuaren Arbechter oder Famill furchbar gleeweg, ech gin mech mat sou Klengegkeeten net of, an soen Merci fir den Fav
Den Däiwel (duerf een dat hei sou soen?) stécht am Detail. Di Figurine op der Fënsterbänk duerf een net iwwersin, an dann ass de Bildopbau "carrément" duerchduecht mat deene Rauten um Buedem an an der Fënster, der quadratescher Steckdous an da Quadrater am Stull. An doduerch, datt sou vill Quadrater uneneestousse, sin och vill Kräizer an der Foto. An dann de Kontrast vun der wëller Vegetatioun an eben deene Figuren, déi séch entrelacéieren.
De Georges huet dat scho richteg gemaach, fir di Foto hei ze favoriséieren.
Du därfs daat soen, an muss och mol soen, dass ech mech emmer mega op deng Feedbacks freen, do ass alles dran wat muss sin, difir och dir 2mol en decken Merci
Photogen soll jo awer net zur fotocommunity verkommen mat sou mega wertvolle Kommentarer, wéi "top Foto", oder " Hallo! Schön!", oder och nach " zum rechten Zeitpunkt ausgelöst", a mäi Liebling: "Prima erwischt".