Kommentar vum Fotograf:
Eng (Hybrid?)-Gäns an een Unter op der Sauer bei der Neimillen an der Misärsbréck. Ech weess elo, well ech doriwwer ee Video gesin hun, datt Gänsen, Schwän an Inten séch gentesch sou no sin, datt et zu Hybridatioune komme kann. Do froen ech méch, ob dat nit der Grogäns do de Fall ass, mat deem komeschen Déngen do un der Stier. Ob do nit ee Schwan, oder éischter nach eng Kanadagäns "séng Hand" mat am Spill hat. Dee schwarze Schniewel ass verdächteg.