Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Arrêter de fumer...

 
All Fotoen an dëser Serie:
47238 Thumbnail
47239 Thumbnail
47240 Thumbnail
47241 Thumbnail
47242 Thumbnail
Arrêter de fumer...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.03.2021
  • Gekuckt:
    25069
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    25.02.2021
  • Fotoapparat:
    Pentax 6X7
  • Objektiv:
    Takumar/6X7 1:4.5/75mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91210]
Kommentar vum Fotograf:
Di éischt Fotoen aus der neier Pentax 6X7 op Ilford HP5 400, selwer entwéckelt a mam Canon 9000F MarkII gescanned.
gemu 04.03.2021 - 20:15
Wow! Félicitatiounen, eng super Arbécht, mat denger Pentax kann een jo och nach, ausser Neel aschloen, Fotoen machen an daat an enger top qualitéit. Eng flott Doku-Serie, elo KENT een Ettelbreck nit mi erem wann een erafiert
Nicon07 04.03.2021 - 21:15
Gesäis du mol! smile A scharf Fotoe mécht se och nach... bigsmile

gemu 04.03.2021 - 23:03
Yess eng Wahsinsschäerft, ech mengen do hues du eng gutt acquisitioun gemach
Jaycee 04.03.2021 - 23:58
Ke Wonner, ass jo schliesslech eng Pentax, esou eppes huet weder Nikon nach Canon ferdëg bruecht... closed_eye
Nicon07 05.03.2021 - 11:47
Genee!
Jaycee 05.03.2021 - 00:14
Superbe Nico, thumbs up an den HP5 schéins de gudd ze berherrschen. Ech sin an der Zäit nie esou richteg glëcklech mat dem Film gin an hun dofir d'Fanger devu geloss, mais daat do motivéiert mech ët nach eng Kéier ze versichen, leider ouni Pentax 6x7...
Nicon07 05.03.2021 - 11:45
Ech hu bei der Beliichtung dem Miesser aus der Pentax gefollecht an hun alt mol no Bauchgefill eng Drëttelblend ënnerbeliicht. A fir ze entwéckelen hun ech méch u méng App « MassiveDev » gehaalen, déi dir fir gefillt all bestoend Filmer an all bestoen Entwéckler genee ugëtt, wéi laang een dat ganzt Geëntwéckls händele soll, mat Timer a Piipser a Schell... An dann hun ech gëschter nach d Hallschent vum Stopper verschott, well den Deckel um Deppen net fest genuch drop war... Dat ass d Geheimnisbigsmile
Jaycee 05.03.2021 - 23:54
Ech kennen déi Massive Dev Chart, war mer allerdëngs nët bewosst dass ët och eng App dovu gët. Ech hu virun e puer Joer mat Caffenol als Entwëckler experimentéiert, funktionéiert eigentlech ganz gudd, besonnesch elo wou ech endlech Kaliumbromid als Restrainer fonnt hun.
Ech haat virun laange Joeren déi eng oder aaner Kéier nët esou berauschend Resultater mam HP5, an en vun do un nët méi bekuckt, waat, wéi ech elo gesin, eng Erreur grave war... smile
Nicon07 06.03.2021 - 17:07
Zanter datt Harman Ilford iwwerholl huet, hu se jo vläicht heemléch eppes un der Formule geännert...? Do gëtt ee bestëmmt eppes am Internet gewuer, wann ee laang genuch sicht... smile
Jean-Jos 07.03.2021 - 22:26
Exzellent Doku!
Flott equilibréiert b&w-Fotoen.
Nicon07 08.03.2021 - 19:06
Villmols Merci fir de Kommentar, Jean-Paul.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 278 Gäscht online