Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Running down

 
Running down
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.02.2021
  • Gekuckt:
    45186
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    2
  • Beliichtungszäit:
    2 sec
  • Blend:
    f 16
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1600x1600
  • Späicherplaz:
    1529 KB
  • Originaldatum:
    2021:02:09
  • Fotoapparat:
    Zenza Bronica GS1
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ
Pentax Spotmeter
120er Rullfilm Fuji Neopan Acros 100

Fir anzesetzen: [pg_img=91140]
Kommentar vum Fotograf:
Zanter laanger Zäit och mol neess mat menger treier Begleederin ënnerwee, déi ech mir 1984 zougeluecht hun, an deemno och net méi di jéngst ass, mäi nach ëmmer tadelos fontionnéiert, an am digitalen Zäitalter genee wéi och meng Sinar leider e bëssen an de Vergiess geroden ass.

Eng bekannte Platz vu wou ech schonns esou etlech Biller hei gewisen hun, hei eng analog Versioun.

Et sollt een Essai sin andeems ech mäi lëschte Rullfilm aus menger Reserve a meng ebenfalls lëschte Chemikalien verschafft hun.
D'Resultater erstaune mech total, an zwar positiv. Vu dat de Film, ee Fuji Neopan Across deen ech am Frigo gelagert hat, a scho längstens ofgelaf war, 07/2008 nach ganz gutt op deen ebenfalls säit e puer Joer ugesate "Stock" D76 Entwéckler vu Kodak nach esou gutt reagéiert huet.
Entwékler oxidéieren mat der Zäit wa se bis ugesat sin an d'Intensitéit léisst no, mäi vu dat mäin Entwéckler an enger voller däischterer Glasfläsch stockéiert war, an deen trotz dem Alter nach kloer ausgesinn huet hun ech mech getraut fir mäi Gléck ze versichen. Fir op der sécherer Säit ze sin hun ech awer virsiichtshallwer decidéiert d'Standardentwécklungszäit vun 10 1/2 Minuten wou fir dës Film - Entwécklerkombinatioun bedréit ëm 25% ze verlängeren.
D'Verdënnung war wéi üblech 1+1 fir een homogenen a renge Grain z'erreechen. Beliicht gouf dëst Negativ op 80 ASA fir dem Scharzschëldeffekt entgéintzewierken mat der 2 Sekonne Beliichtung.
gemu 12.02.2021 - 09:54
Hei gi mer duebel verwint, 1. mat engem Meeschterwierk aus dengen zwee Lieblingselementer Waasser a Steen, an 2. mat enger faszinanter Beschreiwung iwer de modus operandi bei der Entwécklung vun engem ofgelafenen Film mat ofgelafener Chimie, 2 x (-) = (plus) cqfd, herrlech Marc
marker 14.02.2021 - 10:28
SW-Filmer bleiwen zwar eng gewëssen Zäit nom Offalldatum voll operationell, viausgesat si gin am Frigo gelagert, (kengesfalls 12 Joer sou wéi mäin) closed_eye
Meng Film/Entwécklerkombinatioun hei war extrem lang ofgelaf, ..altersbedéngt plus laang Entwécklungszäit hun een héige Grondschleier an am allgemengen ganz héich Dichten am Film provozéiert. Eng Reproduktioun op richtege Fotopabeier wier problematesch gin.
A&O fir optimal a virun allem reproduzéierbar Resultater z'erréchten si natierlech frëschen Entwéckler a Filmer, do war bei menger Peilung iwwert den Daum och e bëssen Chance mat dobäi, ..mäi wéi gesot, et war een Essai wou mech trozdeem iwwerascht huet, an dat mat Resultater woumat ech net gerechent hat.
Merci villmols Georges, fir de grousse Luef an deng Analys vu menger Dot.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 311 Gäscht online