Coole Verglach a Kontrast vun denen zwee Champignonen. Intressant och de Sujet an der Mëtt, a souwuel de Virgrond wéi och den Hannergrond onschaarf mat flottem Bokeh.
Den Haaptsujet jiddefalls am Focus, a genee esou passt et!
Mol dovunner ofgesi, wat fir ee Stativ géings du dann hei benotzen, sou no um Buedem? Och wann s du den Apparat vun ënnen an de Atativ méchs, ass et dach net evident, sou hei ze schaffen. Do ass et dann awer méi einfach, de Fotorucksak oder ee Steen als Cale ze gebrauchen, oder?
Egal, d'Resultat hei éist séch weisen, an dat ass et dach, wat schlussendléch zielt.
Also mäi Manfroto (055PROB) léisst sech zwar komplett gläichens dem Buedem oprichten, allerdéngs hei hätt ech mech wahrscheinlech op de Bauch geluecht, wëll et manner komplizéiert ass (dofir brauch een awer eng Ënnerlaag, wann et naass ass).