Kommentar vum Fotograf:
"A wat ass dann dee giele Punkt do an der Schléiwenheck?" hun ech méch gefrot a mol einfach drop lass geknipst. Doheem um Bildschirm an der Vergréisserung hun ech du gesi, wat et ass: ee Gielemännchen. Do war ech frou, datt ech als Boîtier den Z7 an net den D500 hat, well do sin déi 45,7 mpx vum Sensor schon hëllefräich am Verglach zu den 21 mpx vum DX-Spigelreflex. Do hun ech nämléch kräfteg zouschneide kënnen, ouni gréisser Verloschter.