Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Wien sech mat ...

Wien sech mat ...
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.02.2020
  • Gekuckt:
    58369
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1260x1890
  • Späicherplaz:
    1580 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90428]
Kommentar vum Fotograf:
... der Konscht bestiit, kritt d'Kritik als Schwéiermamm.

-Hildegard Knef
Paul-H 24.02.2020 - 15:56
Gudde Sproch, nach nie héieren mee e stëmmt.
Flott Bild, mir gefällt hei besonnesch de Liichtstraal deen vun der Dier ran kënnt.
suraki 24.02.2020 - 18:00
Merci Paul, mer stounge schonn vis a vis, an hunn duerch de Stral s?ier gewiesselt bigsmile
Paul-H 24.02.2020 - 18:12
Gudd esou !
pixelman10 25.02.2020 - 06:59
Perfekt inszenéiert Edy !
suraki 25.02.2020 - 11:11
Merci René smile
marker 26.02.2020 - 18:17
Yes, ...esou ee Genre vu Biller, gi säit laangem praktesch guer keng méi gewisen, an dëst hei, wéi de pixelman10 schonn's erwäänt huet, mat enger Top Inzenéierung ass eng Beräicherung hei um Site !
suraki 01.03.2020 - 19:20
Ech hu mech elo just mam Kapp, uewen un der Rumm vun der Dier gestouss. bigsmile Merci fir de léiwen Kommentar.
pixelman10 27.02.2020 - 08:22
@ marker, konzeptuell Fotografie am Amateursbereich ass am Land praktesch inexistent.
Do fens de méi z.b. op Art Limited, https://www.erikjo.com/work. Wann een esou e Genre vun Fotoen réaliséiert, well een och hun dass se gesii gin, an daat ass op dëser Plaaz net de Fall.
marker 29.02.2020 - 09:22
Merci fir deen intressante Link !
suraki 01.03.2020 - 19:22
Oh Merci, fir Link smile
Jaycee 27.02.2020 - 17:03
Also Eddy, ech wëll elo nët Schwéiermamm spillen a soen dofir einfach dass ët erfrëschend ass emol erëm eng Kéier eng typesch suraki (oder ikarus) Foto ze gesin smile.
suraki 01.03.2020 - 19:28
Merci Jaycee, däi Kommentar freet mech, besonnesch dat hei nach en sech un deen Ikarus do erënnert bigsmile
Jaycee 06.03.2020 - 16:23
Selbsverständlech, wéi kéint ech och de Mann mat Flüllecken vergiëssen... closed_eye
suraki 08.03.2020 - 21:18
Haha bigsmile
Paul-H 02.03.2020 - 00:02
Gratuléieren zur WF.
suraki 02.03.2020 - 08:59
Oh Merci Paul,
ech muss gestoen dat ech net an d'Ofstëmmung kucke war, an ouni dech hätt ech dat warscheinlech vill méi Spéit gesinn. Et freet mech awer wierklech. smile


suraki 02.03.2020 - 09:04
Merci fir deen de mech mat dësem Bild hei nominéiert hat. An selbstverständlech och all déi aner déi sech d'Méi gemaach hunn, d'Bild unzekucken a vläicht esouguer dovir ze stëmmen smile
marker 02.03.2020 - 10:28
closed_eye
t-ren 05.03.2020 - 20:18
gudd de Genre, nach mei dovunner !
suraki 08.03.2020 - 21:17
Merci René smile
Nicon07 09.03.2020 - 16:59
Domm no uewen!

Wann ech elo ufänken hei "Schwéiermamm" ze spillen, dann ass di Sproochblos hei ze kleng an ech sin den Owend um Hallefnuecht nach am gaangen. Woubäi, an dat brauch ech iech hei op PG jo nët ze erklären, Kritik een neutralt Wuert ass à la base, an et och positiv Kritik gëtt. Bref: Hei schréif (schued, datt et dee Konditionnel nët (méi?) am Lëtzebuergesche gëtt...) ech just Luew. Ech maachen et kurz: Lém¨nks eéischter Kaal Luucht, rechts méi woodeléch -> ganz gudd;lénks Dir eng Spéck op -> Effekt Projektor, rechts Dir grouss op -> Effekt Diffusor; Redundanz vun de Kärzestänner, deen am Grapp mat Kärzen un, deen um Schaf, aus; Linneféierung an Diagonalen, Positioun vun der Fra: sou wéi et soll sin;a gabz subtil: den Neellack, deen op der décker Zéif vum lénkes Fouss of ass... closed_eye (ech kucke genee, gell!); lénks den Teppéch, deen d' éischter kal Atmospàr do brécht a "Stëmmung" ra bréngt, a rechts de plakeche Parquet, well jo do de Schaf an di oppen Dir genuch Struktur a Liewen an d'Foto bréngen;de Schwarz-wäiss-Kon trast um Portrait als Haptmotiv an dat Verrauschtent an éischter Entsiedecht vum Dekor.

Bref, wéi den Jaycee scho sot, een "Ikarus" wéi zu aalen Zäiten. Gudd, datt de Suraki deem säin Ierwe weiderféiert... smile
suraki 20.03.2020 - 14:38
Chapeau fir dat genaut kucken an analyséieren vum Bild, deen eenzegen deen do nach kann mathalen ass de Charel (Maimonides) Du kucks dat jo nach méi am Detail ewéi ech selwer bigsmile De warm/kaal Kontrast ass jo séier ze gesinn, mä wann elo een mer mam Neellack, deen op der décker Zéif vum lénke Fouss
kënnt, wat mer selwer net opgefall war ... dann zéien ech virun dem den Hutt.
Merci fir deng Wierder Nico smile
Nicon07 22.03.2020 - 16:55
Ech duerf an der Schoul zanter dësem Joer een Optiounscours an der analoger Fotografie gin. Do schärft ee säin Aa fir sou detailer, well een dat jeo de Schüler bäibrénge soll.


Gär geschitt.
suraki 22.03.2020 - 20:44
Wow super, bestëmmt immens interessant, do géif ech d'Bänk nach emol fräiwëlleg drécken kommen. Hoffen du hues geschwënn erëm eng Stonn.
Nicon07 23.03.2020 - 21:14
Ech hoffen dat och. Am Moment gin ech hinne Videoe ze kucken iwwert Analogfotografie a Bildopbau asw... an da musse si mir digital Fotoe schécken. En attendant...
suraki 25.03.2020 - 12:43
Biller aus der Kamera, ouni Faarf a Belichtungskorrektur, ouni ze croppen oder soss ze änneren, e bëssi wéi deemools d'Diafotografen ... do léiert ee bäi. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 282 Gäscht online