Och net schlecht esou, mais et ass eng aaner Foto, wi déi vu virdrun. Datt d'Wengerten do nach no rechts an d'Eidelt verlaaf sin, hat och Charme.
Kann et awer sin, datts du hei zevill vergreissert oder verschafft hues, oder ass et just, well ech ee Brell mat 3 Foyers hu, wou ech net emmer virum Schirm richteg focusseiert kreien, awer ech hun d'Impressioun, d'Foto wier e bessi onscharf oder ze pixelech.
Ech hun eigentlech « just » en High Key draus gemaach, och e bessen nogeschärft. Et huet näischt mat dengem Brell ze din, d%u2019Croppen war wahrscheinlech den Missetäter.
An dann di widerhuelte Kompressioun am jpeg beim Ofspäicheren an Opmaachen. Et huet ee wirklch néideg, séch für all Fall een digital Negativ (RAW oder DNG) ze maachen, an dann nëmme Copien ze verschaffen.
Den Nico huet schon verschiddenes ungedeit, ech bleiwen bei der 1ter awer am Quadrat, wei geschriwen, well do nach mei weiss drop ass, waat denger 1ter Idee vum ville weiss wahrscheinlech mei no kennt.