Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Clausener Viaduc

 
Clausener Viaduc
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (27.02.2019). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.01.2019
  • Gekuckt:
    69618
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    60 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x1199
  • Späicherplaz:
    843 KB
  • Originaldatum:
    2018
  • Fotoapparat:
    Hasselblad 500C (1972)
  • Programm:
  • Objektiv:
    Carl Zeiss Distagon 60mm f/3.5
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89676]
Kommentar vum Fotograf:
an aner Brécken an der Stad Lëtzebuerg

Kodak Tri-X 400 Mëttelformat 6x6 Negativscan
Nicon07 10.01.2019 - 17:23
Flott, datt et nach Leit gëtt, di analog mat héichwärtege Klassiker fotograféieren. smile An di Fotoe brauchen séch jo mol glad a guer net ze schumme vis-à-vis vun deenen digitale Biller. Déi hun nach Substanz a Charakter. Ech verstin, datt s du hei wolls den 1:1 Format bäibehale, fir datt ee soll gleewen, datt s du di Foto mat der HB500C gemaach hues, mais well hei den Himmel keng Strukturen hiergëtt, froen ech méch, ob een nët hätt kéinten awer e bëssn uewe wech loossen. Sou ass fir méch ee liichten Déséquiliber an der Foto, och wéinst der - fotografesch absolut noutwendeg a perfekt integréierter - Heck vir.
Ech gin awer gären zou, datt dat affaire de goût ass, besonnesch, wou een do gedeelter Meenung ka sin: entweder verlaangt een no enger strukturéierter Wollék uewe rechts, wéinst dem Gläichgewiicht, oder awer et gesäit een deen eidelen an uniformen Himmel als rouege Géigepart zum onrouegen Haaptmotiv. Béid Léisunge si legitim an ze justifizéieren. Op alle Fall ass di Bréckesequenz hei ganz gudd agefaangen.
gemu 11.01.2019 - 12:06
Merci Nico fir di detailéiert Analys. Du hues Recht ech hun um 1:1 Format festgehal, wëll ech kee Frënd sin vu Formatännerungen an der Postproduktioun wann et bei der Opnaam net esou geduecht wor, obschon hei nach genug Potential dran wier fir ze cropen. Ech probéieren et de W.E. awer mol aus wëll den Himmel as effektiv net ganz gleckleg an de Proportiounen wann naischt dran ze kucken ass.
Nicon07 11.01.2019 - 17:35
Oder du fuddels nach méi - an Zaite vu fake irgendeppes ass dat jo de bonne guerre - an du kopeiers einfach ee Wollekenhimmel do dran. closed_eye

Iwwregens hei ass eng mi aal Foto vu mir vun deser Plaz mam historesche "Westwaggon".
https://www.fotocommunity.de/photo/der-westwaggon-...
gemu 12.01.2019 - 11:05
A wien kuckt bei DEEM Motiv dann nach an den Himmel. smile. Super Opnaam mat ganz interssantem Text.
marker 11.01.2019 - 12:50
D'Bild ass gutt betitelt, an zousätzlech nach mat Lift als Bonus hei am Bild. Besser wéi am Nico sengem Kommentar kann een deng Foto hei net beschreiwen. Den Zuch am richtege Moment op dem schéine geschwongene Viaduc festgehalen, an dat alles an enger wonnerschéiner Luucht, an en plus mat enger natierlecher "Vignette" am Virgrond ganz gutt kadréiert.
Très bien Georges..!!
gemu 12.01.2019 - 11:33
Merci Marc freet mech ze liesen, ech denken dat dem Nico seng Idi mam recadrage och nach e bessert Resultat bruecht huet
t-ren 12.01.2019 - 15:15
mer gefällt de Bleck an d Bild vun lënks no riets zereck bis bei déi rout Bréck, e flotten Schwong. Den Himmel steiert mech esou guer nët, par contre hängt deng Foto ganz liicht no lënks
gemu 13.01.2019 - 09:21
Merci René fir deng Analys, et ass grad de "Schwong" wéi's du en beschriwen hues dee me esou gut gefall huet an menger Menung no et ausmécht
t-ren 16.01.2019 - 10:51
Jo genau de Schwong, zum Rescht: fir dei vertikal Linnen sin ech sensibel, als Kontroll geet et op engem Touchscreen gudd beim eranzoomen, Handy oder IPad, da kann een mam Bord vergleichen, do ass och de neien Lift schief, mee bon ass just fir ganz empfindlech Aaen.(gekloot op heigem Niveau,mee deen hues du jo, dofir erlauben ech mer daat ze soensmile )
gemu 16.01.2019 - 13:09
Effektiv du hues recht mam Lift, kucken de W.E. dono daat dierft jo keng affaire sin fir daat ze rieten.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 411 Gäscht online