Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Midde Krieger

Midde Krieger
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.11.2017
  • Gekuckt:
    63595
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    65 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    MT-24 EX
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1949x1299
  • Späicherplaz:
    1475 KB
  • Originaldatum:
    2017:11:22 17:54:11
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    MPE 65mm
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88836]
Kommentar vum Fotograf:
Deser Mistbiene war et definitv ze kaal. :(
Eric_1989 22.11.2017 - 20:09
Mega
g3ckko 25.11.2017 - 22:25
Merci smile
arwa 23.11.2017 - 05:12
Wow.....ech sin beandrockt !
g3ckko 25.11.2017 - 22:25
Daat freet mech smile Merci.
Maimonides 25.11.2017 - 15:03
Kontaktlënsen ?

closed_eye
g3ckko 25.11.2017 - 22:25
Genau! En haat sech eng Familienpackung bestallt. smile
Zora 25.11.2017 - 19:19
meeegaaaa, immens déi Detailer!
g3ckko 25.11.2017 - 22:25
Merci Zora smile
Paul-H 26.11.2017 - 00:27
Näischt géint den den Auteur vun der Foto mee ech wiel se trotzedeem net stëmmen, net wëll se schlecht ass mee well nach e puer aanerer an d%u2018WF hätten missen schaffen. Waat hei leeft ass en Armuttszeugniss fir de Comité, sorry!
g3ckko 26.11.2017 - 10:56
Salut,

okay, wann daat hei déi eenzeg Foto an der Wochenoofstmmung ass, dann huelen ech se eraus. Ech hoffen daat war daat richteg fir ze maachen. Paul, an dengem Message uwenen steht "d%u2018WF". Ech wees leider net waat domadder gemengt ass. Ass wuel en Typo.

Egal wei, d'Foto ass eraus.

Schéine Sondeg nach,

Philippe
Paul-H 26.11.2017 - 11:41
Also nach eng Kéier, et ass net perséinlech gemengt an d'Foto ass och super! Ech wees och net wéi daat Gehuddels do an den Text komm ass, ech hun daat mol schon hei gesin, méiglecherweis gett den site mat verschidden "Sonderzeechen" net eens. Sënngemäss wollt ech schreiwen:
.... e puer aanerer et an d'WF hätten missen schaffen.
g3ckko 26.11.2017 - 12:25
Jo daat haat ech och esou verstaanen. Sinn absolut denger Meenung. Eng Foto zur Auswahl an enger Oofstemmung ass sennlos. smile
Paul-H 26.11.2017 - 12:53
Ech wëll, a muss awer och e bëssen Selbstkritk üben, an ech hoffen aanerer maachen daat och: Et läit jo an eiser Hand waat an d'Oofstemmung kennt. Mir mussen alleguer mat eisen Kommentaren méi aktiv gin an dann och déi Fotoen déi mir wirklech gudd fannen fir d'Wochenfoto virschloen. Ech geloben Besserung.
pixelman 26.11.2017 - 14:03
Den Sitt hei ass iwwerbewärt, wann vum Comité behaapt get et geif sech em e groussen nationalen Fotoclub handelen, dann gehéiert déi Nochricht an d'Katégorie Fakenews.

Jiddereen deen Fotografie als Passioun bedreift, fent an aaner Foren e vill besseren Informatiounsaustausch wéi hei: Beispill, op Facebook gin et Gruppen wou all Woch en aanert Thema zur Diskussioun steet, daat animéiert natierlech zum matmaachen.

Wann nemmen eng Dosse Leit vun aktuell 3648 regelmässeg hei Fotoen eroplueden dann ass daat héchst bedauerlech a weist den Zoustand vum Club.
Paul-H 26.11.2017 - 22:39
Also daat mam groussen nationalen Fotosclub ass secher eng Iwerdreiwung. Mee och méi kleng Veräiner hun hieren Charme an hir Daseinsberechtigung. Ech denken awer dass eng "Wiederbelebung" méiglech wir, a wann nëmmen déi Dosen déi hei regelméisseg roplueden e klengen effort géif gemaach gin. Natierlech misst do och de Comité seng Roll spillen. Waat d'WF betrefft hun ech z.B. mol eng Kéier virgeschloen dass sech der een oder zwee vum Comité Samschdes just e puer Minuten Zäit huelen fir ze kukken waat sou an der Woch rop gelueden gin ass, an dann déi Fotoen kommentéieren an se dann an WF d'Oofstemmung "drècken" déi et hirer Meenung no derwärt sin. Wir dach mol en Ufank fir sou Situatiounen ze vermeiden wéi mer se lo haaten, nee?
Waat déi verschidden FB Säiten betrefft, do sen ech éier skeptesch. Ech lueden zwar quasi all Daag eng Foto op menger perséinlecher Säit rop, mee just fir unhand vun den "likes" ze gesin waat sou beim "grand public" ukennt oder halt net. Et ass doniewt fir mech och e gudden Graadmiesser fir ze décidéierern waat ech a mengen Austellungen kann / soll weisen. Ech sen op zwou lëtzebuergeschen FB Säiten a Gruppen entweder selwer raus gaangen oder raus gehäit gin. Bei där enger war ech ze kritesch, bei där aanerer war mir den Niveau einfach ze déif.

Nichtsdestotrotz, et gëtt secher aaner Siten wéi desen fir seng Fotoen ze weisen, mee wann een wees wéi erfollegräich daat heiten mol war wieren ech mech fir de Moment mol nach dergéint einfach sou opzegin.
GK 26.11.2017 - 09:42
Hei kann ech mech dem Paul sengem Kommentair unschléissen!
g3ckko 27.11.2017 - 08:34
Bon ech haat se aus der Oofstemmung erausgeholl. Schengbar huet daat awer näscht gehollef. Kann en Admin do eppes maachen?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 379 Gäscht online