Kommentar vum Fotograf:
Während engem klenge Famillienausfluch de Weekend hat ech mer een Owend Zäit geholl fir Fotoe maachen ze goen. Wou ech ukomm sinn duet ech ech hätt jo nach gutt Zäit, hunn no engem gudde Kadrage gesicht, bësse probéiert wat passt, an dat hei war eigentlech déi éischt Foto déi ech gemaach hu fir ze testen ob wierklech alles passt. Wat ech net gesinn hat, war dass iwwert dem Horizont nach Wolleke waren hannert deenen direkt no deser Foto d'Sonn verschwonn ass, soudass de Recht näischt méi ginn ass - an eigentlech wollt ech eng laang Beliichtung maachen.
Dat gehéiert allerdings och derzou vun der Natur Fotoen ze maachen :)