Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Agespart

 
Agespart
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.03.2017
  • Gekuckt:
    20206
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1200x960
  • Späicherplaz:
    294 KB
  • Originaldatum:
    2017:03:16 17:43:27
  • Fotoapparat:
    NIKON D600
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    MicroNikkor 105mm f/2,8
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87923]
Kommentar vum Fotograf:
Di Frucht hei vun enger Blumm, wou ech am Moment den Numm net méi fannen, huet näischt mat der Physalis, der Lampionblumm ze din an ass gëfteg.

Wann ech den Numm neess weess, da schreiwen ech deen heihinner. Mais eigentléch geet et mir manner em d'Planz.
Nicon07 16.03.2017 - 17:35
Lo weess ech den Numm neess! Et ass eng Nicandra physaloides

Annuelle originaire du Pérou. Plante très ramifiée aux fleurs en forme de clochette bleu mauve. Elle est cultivée pour ses fleurs et fruits très décoratifs et pour ses effets rétongueulsifs contre les insectes tels que la mouche blanche. Les feuilles servent à éliminer les poux.
tormi 17.03.2017 - 07:23
ok, do hun ech och eppes dobei geleiert smile
NikonD80 16.03.2017 - 20:23
flott Nico, nach een deen de Lampion entdeckt huet smile
Conley 20.03.2017 - 00:20
Däin Sujet fannen ech ganz gelongen! De Bildopbau (Still aus dem Eck) ass klassesch. Fir mech awer net onbedéngt ëmmer richteg. Et huet eng gewëssen, zwar Eerdent awer steif Wierkung. E verniwwelen duer abezéien mat am virfält aneren Planzen géing de Still u satz opléisen. Am Hannergrond kéinten fir mech, nach gären licht Strukturen oder verschidden Faarwen sinn. Dat ass zwar Wonschdenken. Oder? Wat ech net verstinn dass de Foto mat deem donkelen Balken am Bild iwwerhaapt weist? Villäicht wollt´s de eng Konstruktiv Kritik?
Nicon07 20.03.2017 - 12:41
Merci fir déng Analyse. Wanns du erlabs, huelen ech mir den Owend e bësse méi Zäit fir dir ze äntwerten. Ech freeë méch drop, mais fir d'éischt rifft de Boulot... closed_eye
Nicon07 20.03.2017 - 21:27
Sou! Lo äntwerten ech dir dann och mol:

Also de Bildopbau ass genau sou gewollt, wéi en ass. Ech hu jo net vun ongeféier de rapport 4:5 als Cropfacteur ausgewielt. Du kanns a priori dovunner ausgoen, datt méng Fotoen net dem Zoufall iwwelooss sin. closed_eye Dat heescht elo net, datt se automatesch alleguerte gudd sin... Nee, ech muss nach vill léieren!
Domadder wëll ech just soen, datt de Bildopbau vu ménge Fotoen sou gewollt ass a bewosst sou gesicht ass. Et ass däi gudd Recht, mir méng Art a Weis den Opbau ze gesin ze contestéieren a mir eppes Aanescht virzeschloen. Ech si mat dir d'Accord, datt déi Wierkung klassesch an deemno vläicht e bësse steif ass. Just ass et net einfach, fir däi Rot ëmzesetzen, well am Virfeld leider elle Strukture vun der selwéchter direr Planz sin, déi just onscharf Pläng mat an d'Foto bruecht hätten, déi wahrscheinléch ze vill Oflenkung bedeit hätten.
Den Hannergrond ass di giel Fassade vun eisem Haus, do ass soss näischt tëschend der Nicanda an dem Giewel. Schwéier also dohinner nach eppes ze projezéiere, wat ech net manuell an d'Bild halen.
Wat stéiert déch dann un deem donkele Balken am Bild? Dierf et op enger Foto näischt Däischteres gin? Bon, ech erklären dir, wat méng Absicht war. Domadder wëll ech déng Kritik nët schlecht maachen, déi akzeptéieren ech zu 100%, well vun déngem Standpunkt hues du ganz bestëmmt Recht. No de Regele vun der klasseschscher Fotoschoul ass dat effektiv net gléckléch, eng Foto déi eng warm liichtend Dominant huet, rechts a Liesrichtung durch ee schwarze Balken, deen op den éischte Bléck absolut keng Daseinsberechtigung huet, ze blockéieren. Sou wäit, fir dir ze weisen, datt ech déng Remarque ganz gudd verstin an dir doweéinst och net béis sin. Mais lo méng Absicht mat dëser Foto: Also, wéi schon ugedeit, hun ech dee schwarze Balken do bewosst an der Foto gelooss, well ech mat de Kontraster spille wollt. Wann ee gudd kuckt, besteet jo den Hannergrond aus zwou Flächen am 3/4 hell zu 1/4 däischter Verhältnis, wat durch deen diagonale Still gebrach gëtt. An deen ass jo och an dräi Beräicher agedeelt: een hellen, deen an der Mëtt vum Bild un der ierwëschter Kant ufänkt an a Liesrichtung an een däischtere Beräich iwwergeet, dee quasi der Verbindung vun de kontrastéierenden Hannergrondfläche mécht. An dann ënnen am rechten Eck, wou déi diagonal Linn neess rausgeet, do ass de Still neess hell. An déi Hellegkeet brécht dach di schwarz Fläch. Ech wollt domadder eng Symbolik ausdrécken:
Di Scheinphysalis stellt eise Planéit Äerd duer, dee während laange Joeren an der Sonn vum Fridden an der Prospéritéit an der Zäit evoluéiert huet (wéinstens mol bei eis a Westeuropa), an elo no u vermeintléch däischter Zäiten rukënnt. De Käfeg ronderem gesin ech als eng Zort Carcan, aus deem mir onméigléch rauskommen, awer mir gesin do
durch raus op de Still, deen de Wee an den Ofgrond ze si schingt. Mais egal wéi, wann een ënnen ukënnt, wou keen Auswee ze si schingt, (et ass jo deen ënneschten Eck an net deen uewen), dann ass do awer ee Liicht um Wee, wat engem seet, et geet weider, et ass net eriwwer.

Oder manner pathetesch: Ech wollt einfach just een Zesummespill vu Linnen, Flächen, Hell-Donkel-Kontraster, chaotesch an aleatoreschen a ronnen Elementer fotografesch arrangéieren an domadder d'Drëttelregen, 4/5 Regel an de gëllene Schnëtt su gudd wéi méigléch zesummebréngen.
Ech weess awer als Prof an als fréieren Universitär, deen These geschriwwen huet, datt ee séng eege Feeler net gesäit an a sénge "Wierker" méi dra liest, wéi dat een Aussestoende mécht. An dofir sin ech lo op déng Reaktioun heidrop gespaant a freeë méch, wats du mir u Verbesserungsvirschléi schreifs resp. wat déng Erklärung ass, firwat de betruechter an dëser Foto dat net rëmfënnt, wat ech gemengt hun, datt ech drageluecht hätt...

Conley 20.03.2017 - 23:47
Mat esou enger laanger an Preziser Äntwert hat ech elo net gerechent! Dat dauert dann awer nach e bëssen bis ech kann Äntweren.
Nicon07 21.03.2017 - 07:46
Keen Drock! smile
Conley 21.03.2017 - 22:20
Mol Merci fir deng Erklärung, déi fir e Makro schonn aussergewéinlech ass. Awer sécher net falsch!
Et ass mir schonn bewosst, dass de deng Fotoen mat dengen Gefiller. Intuitiv an mat fill Häerzblut méchs, an och wëlls weisen! Foto ass ënner Makro erop gelueden, an dofir hunn ech se och no mengem beschten wëssen. Konstruktiv probéiert, ze beuertelen. An dann passt den Balken däischter oder och net, jo net an´t Bild. smile
Wann´s de eppes an de Kommentar vum Fotograf, vun dengen Iddien zu der Foto geschriwwen häss. Wier Resonanz villäicht besser. An och vun mir anescht Kommentéiert. Bon ech liesen di och net ëmmer. unhappy
Nicon07 22.03.2017 - 11:17
Déng Remarque vun der Kategorie, wou d'Foto dra klasséiert ass, ass pertinent. Ech war mir eigentléch net méi bewosst, datt de Betruechter séng Rezeptioun an Akzeptanz wa schon net vun der Kategorie ofhängeg mécht, dann awer op mannst d'Interpretation beaflosst, net onwichteg ass. Effektiv hun ech d'Foto an d'Kategorie Macro gesat, well ech se mam 105mm Macro gemaach hun, och wann se eigentléch keng Macro ass. Mea culpa. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 235 Gäscht online