Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

d'schwaarz Iernz...

d'schwaarz Iernz...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.01.2017
  • Gekuckt:
    28161
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    8 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    50
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0,7 EV
  • Gréisst:
    1200x799
  • Späicherplaz:
    587 KB
  • Originaldatum:
    Dezember 2016
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=87697]
Kommentar vum Fotograf:
..wou sech duerch enk Fielsen am Mëllerdall quëtscht a schlängelt..
Paul-H 10.01.2017 - 23:09
Deen Cadrage gefällt mir hei besonnesch gudd! Op ech elo och 8s beliicht hätt wees ech allerdings net, mir ass et perséinlech eng kleng Grëtz zevill "Mellech".
marker 13.01.2017 - 18:32
Merci beaucoup Paul-H, dat freet mech. Ech perséinlech fannen d'Wirkung vu fléissendem Waasser einfach besser mat langen Beliichtungzäiten, ët ass awer ewéi bei villem, ...eng Affär de Goût.
Conley 11.01.2017 - 23:59
Kéint mir virstellen dass di 8 Sekonnen Beliichtung bewosst gemaach ass. Déi zwar méi Mëllech am Waasserfall wéist. Awer doduerch Strukturen, duerch Fléisgeschwindegkeet am Waasser wou de Waasserfall dran fält eréischt ze gesinn sinn ass. Béides (Strukturen) an engem Bild ze weisen, ass dann fir mech net ëmmer méiglech. Wat mir nach duerch déi méi laang Beliichtung gutt gefält, eng zousätzlech Dynamik déi duerch Bewegung vun den Planzen entstanen ass!
marker 13.01.2017 - 19:14
Du brengs et op de Punkt mat dengem Komentar Conley. Déi 8 Sekonnen si ganz bewosst beliicht gin fir déi néideg Bewegung vum Waasser an der Baach ze betounen, vu dat hei d'Waasser vill méi lues fléisst ewéi an der Cascade, an esou zu enger insgesamt besserer Harmonie bäidréit. E grousse Merci fir d'Analys vum Bild, a ganz besonnesch fir de Fav.
ToPo 12.01.2017 - 17:43
Schéi Foto! Cadrage ass spéziell, mee gefällt!
marker 13.01.2017 - 19:17
Dat d'Bild dir gefällt freet mech natierlech. Merci Tom.
ToPo 23.01.2017 - 20:55
Gaer geschitt! smile
jorsch 12.01.2017 - 18:19
De Bléck zimlech déif tëschend de Fielsen op d'Waasser geriicht bréngt eng extra, intim Stëmmung an d'Bild. Gefält mer ganz gutt!
marker 13.01.2017 - 19:23
Merci fir däi Kommentar jorsch, a mech freet et dat och dir mäi Bild gefällt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 369 Gäscht online