No de Regelen vun der Fotografie ass hei eigentlech alles Falsch gemaach ginn! An dat gefält mir perséinlech genau dofir ganz gutt! Ech géing awer nach Kontraster vum Boot an vum Land nach méi donkel maachen. Präsens wier mat de Kontraster besser. Et géing eng gewëssen Illusioun entstoen.
Di Regelen kenns de dach! (https://de.wikipedia.org/wiki/Drittel-Regel) Kommen eigentlech aus der Molerei. Kann een awer fir mech och mol gären net bei all Foto asetzen.
Ok, Drettel Regel hun ech hei mol eng Kéier bewosst ignoréiert, fir den enneschten Deel vum Mier och wollt weisen. Dofir ass d'Boot net do wou een et eigentlech erwaart.
Genau dofir hunn ech Foto jo ganz gutt fonnt! Well's de Regelen einfach ignoréiert hues. Zwar sinn ech deen eenzegen deem dat gefall huet. Awer dann muss een leider domadder léiwen.