déi Perspektiv mëcht meng Aan midd, wees net wisou, mee stellen daat just fest
soss, ass net menges (also den sex-appeal), mee daat ass jo verständlech , dofir wees ech och nët esou richteg waat dozou soen ...
ech schreiwen dann just, dass fir mech d'Haut (am Gesiicht zemols):
- entweder vill ze brong eriwer kënnt (weest de, wéi déi Leit déi bodybilden an déi een Tan benotzen fir dass hier Muskelen besser erausstiechen an den Concours'en)
- oder awer wéi wann se knaschteg wier (also vun engem Atelier? vun harder Aarbecht an enger Fabrik? etc ...)
daat kënnt sengem Gesiicht net ganz zum Videel fannen ech, idem fir d'Schied déi op säin Gesiicht faalen, béides veraltern hatt, menger Meenung no
voilà, voilà
soss bemierken ech, dass déi Plättercher déi selwescht (oder ähnlech) sin wéi déi déi ech fir mäin zukünftegt Buedzëmemr gewielt hun (industry, iron, acier brut ...)
Merci fir dein laange Kommentaar. Daat mam sex apppeal, na ja, Ech shooten och Männer an hunn och eng Meehnung op hieren Sexappeal. Also Fraleit duerfen och anner fraileit sexy fannen... meng Meehnung.
Daat matt der Haut, tjo, koum aus der Vakanz an se ass just Brong... op alle fall excellente Choix un Plettercher fir dein Buedzemmer. Fannen se och top
op alle fall nach eng keier merci fir seng erfreschend perspektiv an Weiblech Meehnung
jo, sëcher kënnen Fraen och aaner Fraen sexy fannen, daat hun ech och guer net an Fro gestalt ...
ech soot just daat wier net Menges, ech kann daat nët, well ech eben fannen, dass ech do keng Ahnung dran hun ... also déi bessi "Ahnung" déi ech eventuell kéint mengen ze hun, ass höchstens daat waat ech mengen dass Männer kéinten sexy fannen ... méi wäit sin ech nët komm
jo, hatt ass brong, an schéin brong och! (cf Been an Brëscht)
matt den Schied, déi verschidden Traits'en akzentuéieren, kênnt ët mir, wéi gesoot am Gesiicht, eriwer wéi wann hatt méi aal wier wéi hatt an Wierklechkeet ass
Ech froen mol ganz fiersichteg weisou dass de keng mei grouss Blendenzuel geholl hues? As e flott Meedchen an et weist jo och waat et huet...fier just d'Gesicht scharf ze hun irriteiert mech. Mee bon ech kenne mech net mat sou Sachen aus
Ganz einfach wäll ech mat available light hei geschafft hun an daat op käschten vun nach mei heigen ISO gaange wier. awer gudd bemierkung an soen dir merci fir den kommentar