Dat war dowäert!
Fannen de brongen Hannergrond bei der éischter passt tip top.
Hu dir do och missten duerch den Drot fotograféiren oder gett et bei sou engem Workshop eng Méiglecht Fotoen ze maachen, déi een als normale Besicher net huet?
Merci BigVood
Nee do war keen Droot, de Falkner stoung bei eis an hat d'Déiren op der Hand fir d'Portraiten.Mir hun och verschidde Vigel selwer diefen op d'Hand huelen.En plus war nach Flugshow, wou mer se dann hautno am fléien konnten fotograféiren.
Als normale Besicher gëtt et och ëmmer eng Flugshow, do sinn halt eben méi Leit, déi all zesummen op enger bestëmmter Plaatz musse setzen.
Fir eis hun se do e puer extra Saache gemaach.
Hei ass de Link vun hierem Site. http://www.greifvogelpark-saarburg.de/index.html
Eng flott Serie, schwéier ze soe wee mäi Fav. ass.
Mir gefält di 2. op, well et emol en aner, eng ongewinte Perspektiv ass. Den HG. ass schéin däischtebrong an déi wäis Kappplomme stieche gutt ervir, d'Ae a besonnesch d'Form vum Schniewelusaz komme gudd eraus.
Flott och datt s de nach e bësse Flillek schaarf hues.
Merci BlackLizzard
en impressionant Déier ass gutt gesoot,
mir hunn mol all missten eist Ëmgeréits a Secherheet brengen, well dee Villchen alles klaut, en plus flitt en sou no iwwert dech, dass et oft en Touch gëtt, daat ass schon impressionant