Dofir brauchs du kee Rezept! Wanns du kache kanns, dann hues du hei op de Fotoen alles, wats de brauchs.
Saumon, Coquilles St-J, Scampis, Crevettes grises a Champignons, Fëschbouillon, Knueweléck, Ënn, Piment d'Espelette, Tomatepüree, Ingwer, Curry, Peffer, Salz an e bësse Savoir-faire. Ënn, Knueweléck, Piment, e bëssen Ingwer an een Deel vun de Crevetten am Ueléch (Olivenbratöl) ubroden, den Tomatepüree dra verréieren an dann de Fong dobäi an akache loosse, bis de Fong agekacht ass. Mat Salz a Peffer a Curry würzen. An enger Pan de Fësch, d'Coquilles, d'Gambas an d'Creveten mat de kleng gewürfelte Champignonën ubroden, mat P & S a Curry würzen. D'Crevettes grises an der éischter Casserolle mam Stabmixer zu engem Püree mixen. Den Teller dreséieren a mat Dëll (oseille) oder Kierbel (cerfeuil) dekoréieren.
Wi gesot, dat war improviséiert an ech war hongerech, soss hätt ech méch nach e bësse méi ameséiert fir et mi reng ze kréien.
De Piment ass iwwregens vu selwer geséinte Planzen, déi dat läscht Joer op eiser Terasse an engem Blummeback gewues sin. Deen ass hypermegaultrascharf an do geet ee Stéck su grouss, wéi een Daumennol duer, fir ee Burn-in an ee Burn-out ze kréien... Mam Ingwer muss du och oppassen, datt deen nët alles mat séngem zitrounech-scharfe Goût iwwerdeckt. Curry gëtt et der jo vill, do muss du kee "Golden Curry" huelen. Ech hun och de Fong bei de Crevetten nët laang genuch akache gelooss, dofir ass op der Foto vum Teller nach eng Spur vun Jus ze gesin.
Mais vum Goût hir ass dat hei nët ze verwerfen. Als Bäilag kann ee Räis gin, mais wann ee kuelenhydratarm wëllt iëssen, da brauch een dat och net.
ass daat déi "Steinzeit method", also alles nëmmen frësch, nëmmen Fleesch, Fësch, Geméis, Uebst,Beeren, naischt waat verschafft ass sou wéi färdeg Plaat'en, keen Wees oder keng Kären, mee Kraider an Champignon'en . An vill Zeit fir zouebereeden. Spiirt een do dann wirklech datt een méi Energy kritt