Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

she, in the crowd

 
she, in the crowd
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (27.01.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.01.2015
  • Gekuckt:
    21936
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    75 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x675
  • Späicherplaz:
    605 KB
  • Originaldatum:
    2015:01:05 13:03:32
  • Fotoapparat:
    ILCA-77M2
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Tamron 28-75 f/2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81894]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi fannt dier dës Foto, hat an ech sinn eis net ganz eenz? An wat gëtt et drun ze meckeren?
Maimonides 21.01.2015 - 20:09
Di Bëlzen an de Baaken, Metalbambi,
zemols dann wann se och nach getéint sin,
gefalen net. Mais Alles mat der Rou:
de Rescht ass exzellent,

zum Beispiel d'Aën !
Metalbambi 22.01.2015 - 13:04
Mengs de déi grouss normal Bakenform nieft der Nues oder déi kleng ënnen nieft dem Mond?
Maimonides 22.01.2015 - 20:17
Ech hun en Diplom an der Anatomie, Metalbambi,
an ech weess wat Bake sin.
Di kleng, niewend dem Mond
sin definitiv där keng.

closed_eye
MsJarryman 22.01.2015 - 22:14
Maimonides, mat engem Diplom an der Anatomie, hei geet ëtt jo ëmmt Foto, a nëtt ëmmt Perfektioun vum Model, Du hues op eppes geäntwert wat net gefroot war, ech giff emol gäre deng Binette gesin.
Maimonides 24.01.2015 - 00:51
Wéi mengs du dat, MsJarryman ?

Ech hun
op de " Kommentar vum Fotograf "
geäntwert.

Meckeren war gefrot,
expressis verbis.
gogo 21.01.2015 - 23:19
Ech kann den Zwist gudd verstoën, well ech si mer selwer mol net ganz eenz op se mer gefaellt oder net. Keng Ahnung obs de eppes aus mengem Feedback raussynthetizéire kanns, mais hei koennt et mol bigsmile

Allgemeng, jo MAIS
iergendeppes op der Foto mescht mech total Nervös, ech kann mer et net erklären, meng Aen wellen ëmmer vum him "fort wanderen".
Sin et di highlights lenks (kann een daat sou nennen?).

Oder ass et den Hannergrond den lenks annescht wi riets ass, fuerflech awer och reimlech mëch duercherneen mescht, riets no lenks wäit.

Lo grad gemierkt, bëssi oncool den Arm den aus dem Ouer rauswiist bigsmile

D'Aen gefaale mer gudd.
Metalbambi 22.01.2015 - 13:09
Hmm... interessant. smile Sou hunn ech se nach net gesinn. Also d'Foto ass ob dem Trottoir vun enger Bréck entstan, wou eben riets Leit gelaf sinn an lénks d'Ufer hannert der Bréck ass, dowéinst den Kontrast. Ech probéieren mol ob se méi roueg gëtt wann ech déi riets Partie nach en bëssen obhellen an den Kontrast manner gëtt. Mee u sech stéiert mech dat net sou vill, fannen dat dat d'Foto méi u sech lieweg mecht.

Dem Knipsert säin Äerm lénks kann ech och einfach en gutt Stéck obhellen, dann fällt deen net méi sou ob.
bensphotography 22.01.2015 - 14:23
Also ech kann nix drun aussetzen tongue supper Foto Metalbambi smile
pixelman 22.01.2015 - 15:19
Waat opfällt, du stoungs an enger komfortabler Positioun fir d'Foto ze maachen, net esou dein Model, waat Gesiit wéins de Sonnestrahlen e bessen verzerrt. um Schied vun der Nues geseit een : d'Foto ass a den Mettesstonne gemaach ginn. Si huet insgesamt aawer eng positiv Ausstrahlung.
p-foto 22.01.2015 - 18:21
Ech fannen unsëch d'Foto ganz flott esou wéi se ass. Ouni vill Schicki-Micki.
Perséinlech hätt ech hatt just nach eng Grimmel no riets gesat.
Miau 22.01.2015 - 20:55
ee flotte Souvenir fir den Album
mischii 23.01.2015 - 23:37
um crowd hun ech näischt auszesetzen, mee wann et mäi Portrait wier géing ech och bei de Baake meckeren, et gesäit e bessi aus wi wann do 2 Bäll drastéichen,
versich do mol d'Schieder mi douce ze maachen, an d'Déiften e bessi ophellen
Maimonides 24.01.2015 - 00:53
closed_eye
Metalbambi 27.01.2015 - 16:42
Sou, hunn d'Foto lo duerch eng Versioun ersat an däer d'Schieter ënner den baken obgehellt sinn an den Typ lénks och. Direkten Vergläich geet net well ech eng falsch Versioun rop gelueden hat an déi lo als al Versioun ugewisen gëtt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 437 Gäscht online