Ech hunn dës Foto scho viru laangem mat engem schappegen Handy geholl. Elo hunn ech se nach eng Kéier gekuckt an ech fannen dass dat Rauschen dem Bild e gewëssen Touch gëtt. Wat méngt dir?
Also, meng eihrlech Mehnung:
Geif mech nie trauen esou eng Foto eropzelueden, mol net op FB. Firwat? Well ett hei keng Bildquali, keen Bildopbau ze erkennen ass.....
Sorry, eng gaanz schlecht Foto, mat oder ouni Rauschen dran.
Fannen et wier interessant en Débat ze féieren, ob eng Photo muss eng gutt Bildqualitéit hunn fir schéin ze sinn. Muss eng Photo ëmmer mat engem wäissen Objectif fotographéiert ginn fir gutt ze sinn. Et si jo awer och déi kënschtlech Aspekter déi zielen!
Nee, ett muss net emmer daat beschten Material sinn,
kuck hei dem Paul-H seng Wochefoto, gemeet mat Basic-Material. Eifachsten Nikon 3100 ann Standart Kit Objektif. CFM56-7B26
Awer och mam Handy kritt een flott Saachen gemeet, hei eng dei ech mam Iphone 5 matt Panoramafunktioun vum Europapark gemeet hunn. E-P
Awer muss Dier hei net Recht ginn, weder gudd ass se, nach ass keen kenschtlechen Aspekt dran. SORRY
do sinn ech och mol éierlech a ginn dem m-m recht, bei mir wär di do direkt an d'Poubelle gaang, daat ass zwar lo e bessi graff, awer meng éierlech perséinlech Meenung.