Coolen SW!
Ass schued dats de se sou kompriméiert hues, wann nach méi Detailer dran wieren géif se definitiv besser wierken, mee 317 kb ass net ganz vill vir 1200 x 400 px.
317 KB ass ''happech'', dat stëmmt. Et ass ee Kompromëss, am Himmel hat ech vill Rauschen wat no der SW-Emwandlung net ganz gutt ausgesinn huet, an am Reduzéieren am Luminanzkanal sin leider och nach weider Détailer verluer gangen.
Jiddefals Merci fir deng Appreciatioun.
Ganz flotte sw mat och guddem Kontrast! D'Panorama-Format ass super hei
De Plaine Morte-Gletscher ass ganz speziell, ech hun e virun 3 Joer vun uewe gesin a sin och do geland.
!Dës Foto ass net méi am System!
Dat d'Bild dir gefällt an dech usprecht mecht mir grouss Freed.
Däi Bild ass exzellent, och zemols mat dem laange Schiet um Gletscher, an ech ka mir gutt virstellen wéi ee Gefill dat daat muss sinn fir an engem Waarmloftballon iwwer d'Alpen ze fléien.
Ech hu se natierlech e bessen verschafft, digital awer keng grouss Konscht méi, vu dat's de d'Resutat direkt visuell virun Aen hues.
Fir den ''TOP'' e grousse Merci Rob.