Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

1 jongt Habicht's Meedchen

 
All Fotoen an dëser Serie:
41703 Thumbnail
41704 Thumbnail
1 jongt Habicht's Meedchen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.08.2014
  • Gekuckt:
    27192
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    26-08-2014
  • Fotoapparat:
    Canon
  • Objektiv:
    Tamron SP 150-600mm
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80137]
Kommentar vum Fotograf:
Hei sin 2 Fotoen vun engem jonken weiblechen Habicht deen ech bei vereenetem Wieder den Denschden fotographeiert hun.
Emol als Portrait am Heichformat an emol am Querformat mat bessi mei Hannergrond.
Vue que dass den Hannergrond an der Onschärft verschwennt an net sou vill ausseet tendeiren ech eischter zum Portrait och wann d'Foto dann nees als Lexikons Foto oofgestempelt get :-)
Bei der Bestemmung hat ech bessen Problemer well den Habicht un sech mei Groo ass. Ech hun awer Confirmatioun kritt dass et sech em een jonken weiblechen Habicht handelt deen seng 1scht Mauser nach net hannert sech huet.

Jacques 28.08.2014 - 09:41
Déi am Heichformat fannen ech super! Den Habicht stecht do besser eraus well den Hannergrond méi hell ass.
Jean-Marie 28.08.2014 - 13:49
Merci Jacques, et as un sech bal dei selwecht Foto (puer Sekonnen Interval) just eng Stuf manner am Iso an bessi anescht entweckelt. Ech hun eng ganz Serie gemeet mee just e puer wou en den Kapp gedreint hat an wei en mech bis erbleckst hat war en och net mei lang bereet Model ze spillen smile
TC 28.08.2014 - 09:42
Déi 2. Foto gefällt mir am Beschten. Super!
Ech hät nach bei der 2. méi Platz ënnen geloss.Schwanzfiedern sin um Bord. (Ass déi 2. Foto de Crop vun der 1. Foto?)
Jean-Marie 28.08.2014 - 13:53
Merci Thierry , nee et sin 2 verschiden Foton awer direkt no-enneen obgeholl, ech muss dat mam Bord nokuken mee ech mengen bei der 2ter do war net mei dran.
icylady 28.08.2014 - 09:49
den Porträt fannen ech ganz schéin gelongen smile
Lexikons-Foto smile et kann een net d'Raad nei erfannen, dann léiwer eng klassesch Opnahm gudd gemacht ass meng Meenung
Jean-Marie 28.08.2014 - 13:58
Merci Romy, mee no den leschten Diskussiounen sin ech mer halt net mei sou secher wat ech hei nach kann an well weisen. Dat huet awer den Virdeel dass ech elo bessen mei streng mat menger Selektioun gin sin smile
icylady 28.08.2014 - 14:12
jo, verstinn ech, dofir setzen ech am Moment net vill drop, well ech mat mir selwer net sou richteg zefridden sinn, an mir virgeholl hun nëmmen nach Opnahmen vun deenen ech méi wéi iwerzeegt sinn, iergendwou ropzelueden, waat awer oft frustrand ass wann rëm keng dobai war déi mech vum Hocker gerappt huet smile
Jean-Marie 28.08.2014 - 14:21
fleit ass dat halt den Wee deen mir mussen machen, wei ech virun zirka 1 Joer hei ugefangen hun , hun ech Sachen gewisen dei ech haut net mei um PG ging weisen well ech, virun allem weinst den Komentaren um PG, vill mei kritesch gin sin. Wat jo am Endeffekt och sein Gudds huet smile
Marianne 28.08.2014 - 17:23
mir gefällt de Porträt ganz gudd, méi Luucht dran, a menger Meenung no passt d'Linneféierung besser zu enger Héichkantfoto.
Jean-Marie 29.08.2014 - 16:46
merci Marianne
ornitho 28.08.2014 - 22:13
Heichkannt ass super gin !
Jean-Marie 29.08.2014 - 16:46
Decken Merci Gianni
GONNER 28.08.2014 - 22:46
Flott Foto
Jean-Marie 29.08.2014 - 16:47
Merci André
Jeanny 29.08.2014 - 05:59
fannen Hechformat besser, ganz gutt erwescht
Jean-Marie 29.08.2014 - 16:47
Merci Jeanny
MsJarryman 29.08.2014 - 10:42
Fir mech och Héichformat mam hellen HG, hues de richteg gutt erwescht.
Jean-Marie 29.08.2014 - 16:47
Merci MsJ

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 423 Gäscht online