Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kaweechelchen

 
Kaweechelchen
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (19.08.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.08.2014
  • Gekuckt:
    23311
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    2000
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    373 KB
  • Originaldatum:
    27/08/2012
  • Fotoapparat:
    NIKON D3200
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikon AF-S DX VR Nikkor 55-200 mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79924]
Kommentar vum Fotograf:
Eng mei aal Photo vun engem Kaweechelchen daat vun Zeit zu Zeit an mein Gaard kennt.
micky-maus 15.08.2014 - 12:21
Immens!!!!
Een Deierchen ann hierem Emfelt ann enger mega natierlecher Vignette.... Brauch een keen 15.000 Euro material fier eng fazineirend Naturfoto ze maachen. surprised

Fier mech sinn Deng Fotoen hei eng enorm Bereicherung hei op PG. (Wei schon den Gaga soot....
Schluck 15.08.2014 - 23:26
Dir zwee sidd zwar genial .. den Sujet ass flatsch an der Mëtt an Bildobbau ass keen dran, mais déi ass awer immens !!!

An richteg scharf ass se och nach nët.

ROFL

15000 Euro geet bei weitem nët duer MM ... do schwätz erem just den Neid!
micky-maus 16.08.2014 - 11:39
Schein mol rem epps vunn Dier ze liesen hei, Schluck... closed_eye

Hunn nach nie gesoot oder geschriewen daat een Sujet net däerf voll ann der Mett sinn, wann ett Situatioun erlaabt.
!Dës Foto ass net méi am System! Hunn Thema bei deser Serie ugeschwaat, just daat keen eppes dozou gesoot haat.

Hei kuckt Deierchen een riit annt d'Aen ann duerch die natierlech Vignette gett ett een flotten 3d Effeckt deen am gellenen Schnett menger Mehnung noo net geif klappen. Positif och den Ascht deen diagonal duerch Bild leeft.

Zum Material sinn ech guer net neidesch, Hunn dest Joer selwer 3000 Euro investeiert, waat fier mech een decke Batz Geld ass, fier kennen ordentlech Autofoten ze maachen, waat mat bellechen, rsp. aalem Fotomaterial net esou meiglech ass. Dofier sinn ech frou fier all Foto die ann mengen Aen super ass, die mat Basic Apparat ann Kit Objektif gemeet ginn ass.


sheandhercamera 17.08.2014 - 11:11
Mech steiert daat zwar iwwerhaapt net, dass d'Kaweechelchen an der Mett vun der Foto setzt. Ech fannen daat passt hei iejentwei. Ech sin eigentlech keen sou en Fan vun Motiv an d'Mett setzen mee heiansdo passt et einfach, sou och beim micky-maus senger Serie.
Schluck 17.08.2014 - 14:32
Dat stëmmt dass ët heinsdo pass, mais héi nët ... dëss misst lenks ee gudd Stéck geschnidden ginn an och uewen .. vläicht nach ee bëssen gedreint dass de Bléck méi an d'Diagonal geet. dann nach den ëllenen rietsen Eck ënnen gestëmmpelt.

Dann just d'Kaweechelchen selektiv nogeschärft.

Mais bon .. jidderengem seng Mehnung.
micky-maus 17.08.2014 - 15:45
Lauschter hei mol eichter op den Schluck, Hien ass eischter den Expär fier Naturfotografie, ech hunn ett eischter mat teschnechen Saachen, ann doo kann een den Cadrage vunn den Sujeen net vergleichen.
Daat waat hien hei schreiwt huet Kapp ann Fouss, ann verstinn och elo wei hien ett mengt.
Hunn se esou schon richteg gudd fond, mee ewei den Schluck ann den jorsch soen, ass doo nach mei erauszehuelen.
sheandhercamera 17.08.2014 - 17:38
Wei gesot, wann ech Zeit hun probeiren ech d'Foto ze croppen wei den jorsch virgeschlo huet. Aktualiseiren d'Photo hei dann och soubaal ech daat gemaach hun.
sheandhercamera 17.08.2014 - 11:06
Villmols merci fir dein Feedback Frank!
Et freet mech, dass der des Foto sou gudd gefällt smile
Gaga 15.08.2014 - 15:33
Den MM huet alles gesoot.
Schluck 15.08.2014 - 23:26
Dir zwee sidd zwar genial .. den Sujet ass flatsch an der Mëtt an Bildobbau ass keen dran, mais déi ass awer immens !!!

An richteg scharf ass se och nach nët.

ROFL
Gaga 21.08.2014 - 23:18
Ech hun och nie gesoot dat daat verbueden ss. Wann et berechtegt as. Hei huet rt mech net gesteiert. Deen Bleck an t'Kamera hellt souwisou t'Opmierksamkeet an och am gellenen Schnett ännert dat naischt drun.
jorsch 15.08.2014 - 21:15
E kuckt mech direkt an d'An!
Flott Foto, gefält mer ganz gutt!
( Villäicht lénks e gudd Stéck ewechschneiden bis et e Quadrat gëtt. Dann ass d'Kaweechelchehn aus der Mëtt an du hues eng schéin Diagonal dran.)
sheandhercamera 17.08.2014 - 11:01
Merci fir dein Feedback an den Tip jorsch!
Probeiren daat mam Quadrat mol aus.
sheandhercamera 19.08.2014 - 18:31
Hey!
Ech hun mol probeiert d'Photo ze croppen. Haas du der daat ongefeier sou firgestallt?
jorsch 20.08.2014 - 14:12
Fannen se esou vum Cadrage hier besser.
Duerch d'Vergréisserung vum Ausschnëtt fällt elo natierlech d'Onschäerft méi op, besonnesch d'Ae vum Kaweechelchen si liicht verschwommen.
sheandhercamera 20.08.2014 - 15:22
D'Schäerft wollt ech och nobesseren mais main Programm haat geblockt. Probreiren et den owend nach engkeier...
ornitho 17.08.2014 - 21:38
Deng Foto gefällt ma esou, och wanse elo net richteg scharf ass, kompenseierste et mat da Gesamtambiance vum Bild dei Ech schein fannen... Dem Jorsch sain Rotschlou ass net falsch, an feiert zu engem anneren Resultat vum Gesamtbild wat och flott ass. Un Dir ze gesin smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 420 Gäscht online