Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Litlanesfoss

Litlanesfoss
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.08.2014
  • Gekuckt:
    16973
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    16/1 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    38 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    815 KB
  • Originaldatum:
    2014:06:29 17:36:39
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Bulb
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70mm F2,8 L II
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Stativ / Fernausléiser

Fir anzesetzen: [pg_img=79763]
Kommentar vum Fotograf:
Daat héiten ass den Litlanesfoss am Osten vun Island. Et ass wuel net deen bekannsten Wasserfall vun deenen onentlech villen an Island, allerdengs huet en mir gudd gefall virun allem duech déi schéin Basaltformatiounen ronderem den Wasserfall selwer. Uewendriwwer um iewechten Rand vun der Foto ass den Hengifoss, do wor ech aawer net méi motivéiert vir nach bis bei deen ze laafen ;-)
ornitho 06.08.2014 - 19:36
Wow wat eng Opnahm ! Super Detail an da Fielsstrucktur !
Scyv76 07.08.2014 - 09:21
Merci Gianni, fréet mech !
Schluck 06.08.2014 - 20:45
Island ass bestëmmt och wonnerschein an steet och nach ob menger Lëscht .. gefällt mir och ganz gutt mat den Strukturen .. beim Obbau, ee bëssen méi Himmel vläicht ?
Scyv76 07.08.2014 - 09:24
Jo Schluck, Island ass wiirklech derwert, ech denken souguer dass ech nach eng kéier fueren...mee meng Fra well net méi mat dohinner...ze schlecht Wieder smile Waat den Obbau ubelaangt, ech haat den Ausschnett am Fong bewosst esou gewielt well kaum nach Strucktur am Himmer woor ausser dem bloen "Fleck" deen een do geséit, also d'Foto ass demno keen Crop, mee wahrscheinlech wiir et besser gewiiecht uewen e bessi méi Plaatz ze lossen. Merci aawer.
Bubu 06.08.2014 - 22:21
Super dei Foto och immens dass am Hannergrond mamol 2 kleng Wasserfäll ze gesin sen.
Scyv76 07.08.2014 - 09:24
Merci Bubu, jo daat huet mir och gefall mat deenen 2 Wasserfall hannendrun...deen an der Mett ass aawer nach mei grouss wéi den Litlanesfoss selwer.
nikel 07.08.2014 - 14:07
Schein Farwen, flott Foto
Scyv76 07.08.2014 - 18:32
Villmols merci.
TC 07.08.2014 - 17:17
Eng schéin Landschaftsfoto! Strukturen vun den Fielsen sin super.
Scyv76 07.08.2014 - 18:32
Merci Thierry, fréet mech.
Sirius 08.08.2014 - 10:14
Gefällt mer richteg guud......den stung lescht Joer bei mir och um Program,me ass leider an Wasser (schlecht Wierder) gefall smile

Weini wars du dann do?
Scyv76 08.08.2014 - 10:26
Merci.
Ma ech woor vum 19 Juni bis den 5 Juli do...an tréischt dech, bei mir ass z.b. den Svartifoss wéinst dem schlechten Wieder an Wasser gefall. Dei éicht Woch wéi mir d'Westfjorden gemaach hun woor wieder nach tiptop, mee déi 2 Woch vir den Osten an de Süden haate mer baal nemmen Stuerm an Réen closed_eye
Sirius 08.08.2014 - 11:48
Jo an Island ass Wierder sou eng Sach smile

Wou mir do waren sollten laut Statistik beim Myvatn See am Juli /- 20 Grad sin an mir haaten während den 4 Deeg do an der Region nie mei wei 4 Grad smile
Scyv76 08.08.2014 - 14:31
Daat kennt mir iirgendwei bekannt vir smile
mischii 08.08.2014 - 14:39
D'Basaltseilen op där Plaatz si wierklech grousse Kino.
Schued dass de net weider wars op den Hengifoss, do ass virun allem d'Geräischkuliss interessant, et mengt een et géing e Boing opgoen.
Deng Vue hei ass ganz flott gin
Scyv76 08.08.2014 - 15:21
Merci. Ma ech woor effektiv ze lidderech vir nach weider erop ze goen nodeems ech beim Litlanesfoss en plus nach eroof geklootert woor vir eng foto vun ennen ze huelen closed_eye
mischii 08.08.2014 - 16:50
ech haat mer geduecht, dass Du eroofgeklootert wars, well vum Paad kritt en d'Seilen net esou schéin.Déi Klooterei war awer bestëmmt net esou evident
Scyv76 08.08.2014 - 18:01
Daat sess de gudd. Ech hun mech iwwerrieden geloss...mee et woor mir net méi egaal...et woor och net graad clever an nachwell riskant, waat mecht een net alles vir eng flott foto jejeje smile
Metalbambi 10.08.2014 - 01:01
Kënnt d'Waasser do vun zwou Säiten oder stéisst et riets just widder den Fiels?

Zur Foto selwer: 't ass schued dat sou eng neutral Luucht war, mat bëssen méi Dynamik wier se sécher mega schéin. Ech hätt uewen méi oder guer keen Himmel gelooss, domadder häss de evtl. schonn méi Dynamik an Abstraktioun dran kritt.
Scyv76 11.08.2014 - 08:18
D'Wasser stéisst riets just widder den Fiels.

Jo d'Luucht woor net déi béscht, daat stemmt léider, hun probéiert nach daat erauszehuelen waat erauszehuelen woor. An Punkto Himmel : Do woor ech mir onschléssesch...sie ass bewosst esou gemaach gin well den Himmel komplett gro wor ausser der klenger bloer Plaatz déi een och geséit. Eventuell wiir et aawer effektiv besser gewiecht e bessen méi Himmel mat drop ze huelen.
Metalbambi 11.08.2014 - 18:02
Jo oder an deem Fall guer keen, wann wierklech einfach langweilegt Gro war.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 363 Gäscht online