Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Meechtem SW

Meechtem SW
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.05.2014
  • Gekuckt:
    10437
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    20s
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    110mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x926
  • Späicherplaz:
    383 KB
  • Originaldatum:
    25/05/2014
  • Fotoapparat:
    Nikon D3100
  • Programm:
    Manuell
  • Objektiv:
    Sigma 70-300
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78684]
Kommentar vum Fotograf:
Op Ureegung vum Gaga eng am sw....
Gaga 27.05.2014 - 10:24
Voilà,

Weieen Filter hues de benotzt ?
Ech fannen den Usatz besser, mais du hues baal nemmen Werter enner 50% Gro an der Foto, kuck dein Histogram. Secher as do net vill Weiss dran, mais e bessen eng aaner Filterung geif nach mei brengen. Fannen et flott dat een den Horizont och nach erkennt, also t'Felder am Hennergronnd etc .
Paul-H 27.05.2014 - 19:56
Also, do muss ech wuel nach e bessen an d'Schoul goen, mat den Histrogrammen hun ech et nach net sou. Hun se méi mat Gefill einfach an sw emgewandelt (mat Silver Projects) an dunn nach e bessen ophehellt well se awer nach e bessen donkel war. Duerno hun ech mech just nach em d'Spigellung an der Musel gekemmert, fir e Maximum vun Rauschen do raus ze kréien ouni dass et ze awer ze matscheg ausgesäit.
Gaga 28.05.2014 - 09:32
t'Histogram as epes enorm komplexes, an extrem Hellefreiches. Ech geiff soen et kennt een net derlanscht sech domat ze befassen ab engem Gewessenen Punkt.
Et as , zumols wann een bis bei den Drock vun enger Foto kennt, dat wichtegst Element fier ze gesin wou een drun as. Obwuel et sou wichteg as, kann een awer net soen dat en Histogram net gut as, oder et en optimalt Histogram get.
Et Visualiseiert engem just, wat op der Foto drop as.
Bei deser Foto hues de graat emol 23 absolute WEISS Pixelen (den Histogram ennerdeelt 256 Hellegkeetswerter : 0= absolut schwarz, 255 as absolut Weiss).
D.h. vun 1'389'000pxl am ganzen, sin 0,001655% nëmmen weiss.
Bon, normal bei enger Nuetsopnahm sees de lo...
Um Histogram gesait een awer, dats de baal nemmen bis 128 wierklech erkennbar Werter hues, d.h alles wat iwer 50% Hellegkeet as (Gro) as baal net am Bild. Dohier geiff ech der rodden, deng Hellegkeet e bessen eropzesetzen. Wanns de daat elo Global mechs, get alles wat Schwarz as, och mei hell, wat net gut as, dohier wier et besser, mat den Curves zb nemmen deng Mettelwerter e bessen ze heigen. d.h. t'Verdeelung e bessen "auserneen" ze zeien.
Kuck am Photoshop dein Histogram, a gei einfach e bessen un t'Bild schrauwen, wei gesoot mat Curves oder Lewels (wat eben en Histogram weisst) do gesais de dats de 3 Meiglechkeeten hues : Schwarz-Wert änneren : Du decideiers, ab wou alles schwarz soll sin
Weiss-Wert : Du decideiers, ab wou alles Weiss soll sin
Mettelwert : Du verschiebs deng HistogramKurve sou dat t'Mettelwerter besser verdeelt sin.
Daat geht bei Farwegen an SW Fotoen, am SW as et nach mei wichteg dat gut ze verdeelen, wells de jo nemmen t'Hellegkeet - resp t'Nuancen tescht Schw a Weiss hues a keng Farwen.
Dat ganzt geht dann nach mei weit wanns de bis bei den Drock kenns ... mais dat get dann elo zevill.
Ech hun mer erlaabt en Screenshot vun denger Foto mam Histogram ze machen an lueden dei elo mol erop fier desen Text ze kompleteieren, do erkenns de dat dein Histogram ganz rietslasteg as ....

Histogram


MbG
Paul-H 28.05.2014 - 13:15
Daat dooten studéieren ech zwar lo am Détail. Merci villmols fir d'Méi wous de Dir gemaach hues daat ze erklären!
Jean-Marie 28.05.2014 - 18:30
en flotten Tutorial , merci Gaga
marker 27.05.2014 - 21:30
..vun der Ambiance hir fannen ech däi Bild ganz gutt, a genau wéi de Gaga schons erwähnt huet, flott dat am Hannergrond nach vill Détailer sichtbar sin. Just dee gesamte Beräich mat den hellen Façaden kéint eng Spuer méi ''peppeg'' sin.
Insgesamt awer ganz flott Paul-H..!!
Paul-H 27.05.2014 - 22:44
Stemmern der 100% zou, déi hell Façaden goufen e bessen d'Affer vum Weichzeichner...., mee Merci awer fir d'Kompliment, freet mech.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 412 Gäscht online