Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Bourscheid

Bourscheid
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.05.2014
  • Gekuckt:
    11628
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x769
  • Späicherplaz:
    865 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    E-520
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78481]
Kommentar vum Fotograf:
Scho méi en aalt Bild, daat ech fir de Goodyear Concours nei am s/w verschafft hunn
gemu 13.05.2014 - 17:34
Impressionnant wéi schéin et dach hei am Land ass, do haas de dir awer di richteg Plaaz erausgesicht, d'Bea mat dem bessi méi dréiwen Hannergronn fannen ech super
mischii 13.05.2014 - 17:36
merci Georges, freet mech, dass se Dir gefällt
TC 13.05.2014 - 17:42
Den Hannergrond fannen ech einfach immens. De Bildopbau ass top!
mischii 13.05.2014 - 17:58
2x en décke Merci TC
gagapix 13.05.2014 - 19:15
wow, wat eng Déift mischiiiii wei hues de dat gemach ????

surprised

kleng remarque muss ech machen ... fannen se get t'gefill no riets ze hänken.
Ob den apparat elo am niveau wor oder net, spiltl do keng roll, mengen du wees dat och....
mais et gi jo Leit hei dei net verstin dat eng richteg Foto och e falschen Androck ka machen ....
mischii 13.05.2014 - 19:29
Wéi ech et genau gemaach hunn, wees ech net méi, ech hu mam silver Efex Pro geschafft a war do vun enger vun de Viirlagen ausgaang
Daat mam Kippen muss eng optesch Täuschung sinn, ech hun lo nogekuckt, di vertikal Kanten vun der Buerg sinn op de Pixel genau riicht, mee ech haat awer och elo gezweifelt

Jojo där Leit sollen et ginn closed_eye, merci fir Däin Agräifen an Deng Ënnerstëtzung
Nicon07 13.05.2014 - 20:00
closed_eye
Bubu 13.05.2014 - 19:43
Immens flott. Hun d'Schlass na nie sou super op enger Foto gesin.
mischii 13.05.2014 - 20:13
Ech soen villmools Merci Bubu
Nicon07 13.05.2014 - 20:01
Stoungs du do um Panorama beim Camping oder bass du anengem Warmloftballon matgefuer? Ech fueren nawell zimmléch reglméisseg do laanscht, awer sou hun ech d^Buurschter Schlass nach ni gesin.

Iwwregens hei ass S/W net wechzedenken.
mischii 13.05.2014 - 20:12
Genau, et ass de Panorama beim Camping, merci Nico
FraSi 13.05.2014 - 20:20
Wunderschöne SW-Darstellung, die fast an eine Zeichnung erinnert!
mischii 13.05.2014 - 22:08
Ganz lieben Dank Sigi
Jacques 14.05.2014 - 10:57
Gefällt mer richtech gudd Michèle!
mischii 14.05.2014 - 22:31
ma daat freet mech, Merci Jacques
Jean-Marie 14.05.2014 - 12:45
sin net esou fir s/w mee dei doten ass immens schein an kloer smile
et wir interessant dei am farwegen ze gesin.
mischii 14.05.2014 - 22:34
Hunn ech och, mee do misst ech nach e bessi dru schaffen fir dësen Effet ze kréien, well sou wi ech et elo hunn wierkt et zimlech banal, et feelt do e gewësse Kick
Merci Jean-Marie

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 290 Gäscht online