Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

couple de paysans

couple de paysans
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.04.2014
  • Gekuckt:
    19396
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    38 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    452 KB
  • Originaldatum:
    2014:04:19 20:56:11
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77984]
Kommentar vum Fotograf:
Portait vu Baureleit am Norde vu Portugal.

D'Hänn erziele vun der Aarbecht.
An de Gesiichter hunn d'Sonn, de Wand, de Reen an de Schnéi hier Spuere hannerlooss.

An awer sinn si immens léif a gaaschtfrëndlech! Merci!
arwa 21.04.2014 - 09:06
wonnerbaren Porträt !!
jorsch 21.04.2014 - 21:32
Merci arwa, freet mech wa se dir gefält.
micky-maus 21.04.2014 - 10:42
Kuck och des hei vumm Poly,
Eng glécklech Koppel


Huet mech spontan unn die errennert. Hunn esou Porträen immens gär, jorsch.
jorsch 21.04.2014 - 21:34
Merci micky-maus, och fir de Fav.
Flott och datt s de dem Poly seng Foto erëmgesicht hues, ech hat se net méi Kapp. Si ass immens schéin!
icylady 21.04.2014 - 11:13
fannen ech phantastesch smile
immens ausdrocksstark
jorsch 21.04.2014 - 21:35
Merci icylady. Ausdrocksstaark ass dat richteg Wuert!
BlackLizzard 21.04.2014 - 12:26
Passt ganz gut am Schwarz-Wäiss. Flotte Portrait.
jorsch 21.04.2014 - 21:35
Merci BlackLizzard, och fir de Fav.!
Zora 21.04.2014 - 14:35
immens festgehaalen, ganz einfach Léit de net vill Unsprech stellen, flott!
jorsch 21.04.2014 - 21:38
Merci Zora.
Et sinn einfach Leit, an awer immens frëndlech an oppen.
Si hu mir vun hire véier Bouwen verzielt, déi zu Lissabon a Porto schaffen, a vu fréier, wéi den Dampzuch nach hannert dem Duerf laanschgefuer ass.
Miau 21.04.2014 - 20:27
dat do ass menges Jorsch
jorsch 21.04.2014 - 21:38
Hunn ech mir geduecht! smile
Merci Miau!
Jacques 22.04.2014 - 16:50
Tip top am s/w Jorsch!!
jorsch 23.04.2014 - 19:05
Merci Jacques, sw ass hei obligatoresch! smile
marker 27.04.2014 - 10:09
..e Resumé vun engem haarde Léiewen spiggelt sech hei an dësem Portrait zreck.
Exzellent jorsch..!
jorsch 27.04.2014 - 16:58
Jo, an dat haard Liewen huet keng Verbatterung a keng Onzefriddenheet an d'Gesiicht gebrannt.
Villmools Merci marker!
gtaddei1 27.04.2014 - 10:16
An deenen Länner do , gesinn dei Aal lait vum Buedem al d'Selwescht flott aus... an dei sin immens douce (oft)
jorsch 27.04.2014 - 17:03
Merci gtaddei1, fir de Kommentar an de Fav.!
Dëse Leit ze begéinen, déi trotz den ärmleche Verhältnisser an dem haarde Liewen ganz oppen a léif mat mir geschwat hunn, vun hirer Famill an dem Duerf erzielt hunn an zum Schluss mer erlabt hunn e Porträt vun hinnen ze maachen, war fir mech e staarkt Erliefnes.
gtaddei1 28.04.2014 - 16:41
jo... dann musste mat mir an mengen Bierger kommen ... dann messte all protrait denste wells... smile mé um Enn vum Daag basste voll gedronk an giess!!!
jorsch 28.04.2014 - 17:45
.. an da verwackelen ech di schéinste Biller, sinn da net sou geeicht! smile
gtaddei1 28.04.2014 - 21:36
dann meet een se den aaneren Daag nach eng Keier ... smile
bac 27.04.2014 - 18:27
Waat e schéinen eierlechen Portrait
jorsch 27.04.2014 - 19:25
Eierlech ass dat richtegt Wuert!
Merci bac fir dëse Kommentar.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 495 Gäscht online