Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Fitis oder Bliedervillchen?

All Fotoen an dëser Serie:
40172 Thumbnail
40173 Thumbnail
Fitis oder Bliedervillchen?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.03.2014
  • Gekuckt:
    15632
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    23.03.2014
  • Fotoapparat:
    NIKON D7100
  • Objektiv:
    AF-S 200-400mm f/4G ED VR II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77508]
Kommentar vum Fotograf:
Ech brauch neess Bestëmmungsassistenz.


Sin dat hei dann elo Fitissen, Waldlaubsänger oder Berglaubsänger oder awer Zilpzalpen? Ech hun di 2 do just ganz kurz haut de Mëtteg op der Neimillen un der Uewesauer gesin, leider hun se séch duerno ni méi gewisen. Besser krut ech se nët fotograféiert. Besonnesch, wou ech dach enttäuscht si vum Rausche vun der D7100 bei 1800 ISO. An ech ginn d'gefill net lass, wéi wann den 200-400mm trotz Revisioun, nach ëmmer net do scharf stellt, wou e soll. :-(


Virwat ass Vigel bestëmme sou schwéier?

micky-maus 23.03.2014 - 22:30
Hmm, komisch mat deem Focusdengen doo....
Hunn eng d300s ann mier elo den 70-200 2.8VRII kaaft, ann den Focus setzt op den mm genau doo wou een soll. Wann's Du wells kann een sech joo mol treffen ann probeieren wei Material op der d300s funzt resp. op den 70-200 och Fehlfocus op der d7100 hued ?
Nicon07 24.03.2014 - 06:06
Et ass och just den 200-400mm, dee Misär mécht. Vläicht ass et jo och just nëmmen den Opératör, deen net fräihännech ausléise kann... Bei sou engem Rouer vu méi wi 3 kg kann et durchaus sin, datt ech selwer, nodeems den Apparat scharf gestallt huet, nach e puer cm "nofocusséiere" mam Arm. An dann ass de Schärftepunkt och net mi do, wou den Apparat e mémoriséiert huet.... closed_eye


Wat awer net verhënnert, datt mir eis eemol kenneléieren... smile
kokopelli 24.03.2014 - 13:20
Dest kinnt Dir fläischt hellefen.Ech wees allerdengs net wéi dat bei Nikon funktionnéiert.As eng Iddi,kanns Dir dat jo mol ukucken.

http://www.youtube.com/watch?v=1sfbrPPhozc

b.g Luc
Nicon07 24.03.2014 - 19:08
Merci fir de Link an den Tipp.

Mäin Objektiv misst am Fong zwar kalibréiert sin, well ech hat e virun enggem décke Mount nach beim SAV vun Nikon an der Reparatur, an déi hu, laut Bordereau, eng Kalibratioun gemaach. An ech mengen och, datt déi dat gemaach hun, an datt de problem net um Objektiv läit. Haut de Mëtteg hun ech nach Tester gemaach op der D600 (Vollformat 24 mpx, mais dat weess du jo souwisou och) mat an ouni 1,4 Telekonverter, an do ass de Problem net. Ech mengen éischter, datt de Problem mat méngem Gewackels ze din huet, wann ech kee Stativ hun. An eventuell de Sensor vun der D7100, deem säi Rauschverhale méi schlecht ass. Zevill Rausche bedeit jo och Onschärft.
kokopelli 24.03.2014 - 19:16
Sie hun just d'Objektiv Kalibréiert ouni däin Boitier!Elo muss de nach d'Objektiv mat dengem Boitier Kalibréieren.Bei Canon fennt een dat ennert "C.FnIII Auofokus/Transport AF Feinabstimmung".Wou een de Menütongueunkt bei Nikon fennt kann ech dir allerdengs net soen.Et as dach bestemmt een Nikon besetzer hei den hellefen kann.
Nicon07 24.03.2014 - 19:17
Ech weess, wéi dat geet, merci fir den Tuyau.
kokopelli 25.03.2014 - 08:27
As gärgeschitt.Mells du dech wanns de eppes eraus fonnt hues? Et interesséiert mech.
Nicon07 25.03.2014 - 10:37
Wann ech et am ganze Gewulls net vergiessen ze maachen...
bigsmile
Charly_Ente 23.03.2014 - 22:48
Zum Thema mam Objektiv kann ech net weider hellefen... dofier awer an punkto Viggel
Et sin Zilpzalpen (Fitis an dei aner Laubsänger kommen speier zereck an gesin aneschters aus closed_eye )
Et ass Migration dei kommen lo zereck aus dem Süden op hier Bruddplaatzen
Nicon07 24.03.2014 - 06:09
Merci, Charly. Ech hat ee Moment un d'Zilpe geduecht, mais a méngem Bestëmmungsbuch (Vögel vum Bob Hume) haten déi kee wäisse Bauch. Ech hun awer elo och mol nach am Kosmosführer "Was fliegt denn da?" verglach, an do ass keng Zeechnung, mais eng Foto, an do gesäit ee gudd, datt et nëmmen een Zilp ka sin.
Klaus-Dieter 24.03.2014 - 07:59
Wunderbar!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 411 Gäscht online