Merci !
ma hat sou eent Platt Faarfdëchen geholl vir t Faarf auszerullen, well daat lang war an een sou deen onendlechen Hannergrond kritt.
an hannendrun hat ech eng blo Plack déi ech mam Blëtz ungeblëtzt hunn, déi sech am Waasser spigelt.
T drësen selwer hat ech mat enger stopshot vun cognisys gemeet
FOdes, ech hat elo gehoft du keinns mer eng bëlleg Method gin fier Drësen ze synchroniseieren
Ech muss mol eng Infirmirere froen fier en Baxter-Astelldingsbums
haat meng aller aller éicht mat enger Tuut gemeet déi ech einfach opepickt haat funtionéiert, mee jo et brauch een gehierloos vill gedollt !
jo daat misst klappen !
hun vill iwerluecht wei en et ka machen, an sou en Baxter-regeler as dat eenzegt wat mer afällt fier den Takt vun den Drësen ze steieren.
Oder eben eng Lichtschrank
Di ass der ganz gutt gelongen! Watt de Cadrage ubelaangt géing ech d'Regelen awer vergiessen. An se an't Mëtt setzen. Dann sinn Kreesser déi d'Wellen maachen ganz drop, an net ugeschnidden. Géing dann nach besser ausgesinn minimax.
Immens flott, besonnesch dee schéinen transparenten "Drëseprabbeli".
Si wierkt ganz plastesch, well se net frontal mä vun uewen erof opgeholl ginn ass.