Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Kleiber
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (15.02.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.02.2014
  • Gekuckt:
    14181
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    857 KB
  • Originaldatum:
    2014:02:13 21:58:07
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 70D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76887]
Kommentar vum Fotograf:
Geschter an der Mettesstonn um Bieleser Galgebierg erwecht
D' Erklärung weisou den Kleiber dei bessen mei speziell Pose huet ass folgend.
Hien hat eng Noss dei war hallew sou grouss wei sein Kapp. Dei huet hien an dat Aaa vum Bam geluegt fir se ze fixeiren an dann huet en mat schmackes mat sengem Schniewel dorop ronderem gehummert fir se ob ze machen. Leider waren esou vill Aescht ronderem dass ech just aus der doten Perspektiv konnt knippsen an dofir geseit een Lach am Bam an d. Noss net. Dat ganzt war groussen Kino fir een Natur Frend :-)
Jeanny 14.02.2014 - 07:07
ganz gutt erwescht,
Jean-Marie 14.02.2014 - 11:22
Merci Jeanny
Dan_S 14.02.2014 - 07:49
Gefällt mir och ganz gudd.
Jean-Marie 14.02.2014 - 11:22
Merci Dan
Jacques 14.02.2014 - 08:28
An enger schéiner Pose festgehaal.
Jean-Marie 14.02.2014 - 11:23
Merci Jacques, hun uewen nach e puer Erklärungen beigesaat
rosch2014 14.02.2014 - 08:56
DEn richtegen Moment op der richteger Platz oder vill Gedold.Super.
Jean-Marie 14.02.2014 - 11:23
Merci Rosch, nee et war einfach Chance well hien eng Beschäftigung hat , hun uewen nach e puer Erklärungen beigesaat
Gaga 14.02.2014 - 11:03
Flott mais ech kann mech net mat der Vue do ufrënnen, ech denken t'Foto ze dreinen dat de Full no uewen steht wier besser, mei realistesch.
Jean-Marie 14.02.2014 - 11:30
Merci fir den FB,
Nee Gaga , um Moos & un den Flächten erkenns de dass dat 100% dei richteg Vue ass.
Sie ass fir eist Aaa ongeweinlech mee bei der Zort vun Vullen ass dat mei oft ze gesin. Ech hun uewen nach e puer Erklärungen beigesaat. Ech wollt se am Ufank wagerecht ausrichten mee dat jeitzt well et net mam Rescht vum Bild stemmeg ass.
MsJarryman 14.02.2014 - 11:45
Ech kann hei näischt aussetzen un Denger Foto. Et ass Kleiber typesch mam Kapp no ënnen ze friessen. Mir gefällt se gutt.
Jean-Marie 14.02.2014 - 12:16
Merci, genee esou ass et, an bei Natur Fotoen ass menger Meenung no , dei ganz Theorie mat Linnen etc net esou wichteg wei den Objet selwer.
Schluck 14.02.2014 - 13:41
Flott Foto vum Kleiber an sengem natiierlechen Ëmfeld an och an senger natiirlecher Positioun.. deen hues de jo dann baal virun menger Hausdier fotographéiert. Ech perséinlech géif se riets nach ee gudd Stéck schneiden
Jean-Marie 14.02.2014 - 15:48
Merci fir den FeedBack. Am Ufank wollt ech se richt zeien, dat war guer net gut, dun wollt ech se 3x4 man dat huet mer och net gefall . Schlussendlech hun ech se an der original Ratio 3x2 geloss, fleit wir 4x3 een besseren Choix gewiecht dann hàtt ech effektiv deen oninteressanten Deel vum Bam mei kleng gehalen. Ech probeiren dat mol . Wat mir awer net gefällt ass Quadratesch 1x1 , ech fannen dat hällt der Foto den Raum.
Schluck 14.02.2014 - 16:00
Jo effektiv hat ech och un den Carré geduercht an och fonn dass ët dann géif ze Enk ginn .. mais vläicht einfach ënnen och nach eng Bande eweg
gtaddei1 14.02.2014 - 17:19
jo dass d'Lach tescht dem Rietsen Rand an dem Baamstamm net mei do ass
Schluck 14.02.2014 - 23:47
Jo .. genau esou
Jean-Marie 15.02.2014 - 08:59
ech hun se lo mol ersat , mol kuken ob dat besser gefällt, ech hun awer irgentwei d'Impressioun dass den Kleiber esou zevill ageengt ass.
Schluck 15.02.2014 - 09:38
Den Problem ass am Fong das de dein initialen Kadrage haes missen ee Stéck méi no lenks unsetzen ... herno ass ët ëmmer méi schwiereg. Mais trotzdem ee flott Bild
Jean-Marie 15.02.2014 - 10:03
sou, dat huet mir irgentwei net gefall ech hun se elo mol Heichkant gecropt, dat gefällt mir besser, et ass mei Platz an den rietsen Deel ass och fort
Zora 14.02.2014 - 18:57
Ganz schéin!!
Jean-Marie 15.02.2014 - 09:03
Merci Zora
TC 15.02.2014 - 08:48
An enger typescher Pose erwëscht, den Blëck konzentreiert no Friessbarem! Gefält mer gut ! Ech wees net, obs de Photoshop hues an ewei weit déng Kenntnisser am Photoshop sin: Ech géif dat Gebeems an Geästs lenks uewen an ënnen riets am Bild ewechstempeln, dann wär den Kleiber mei fraigestallt.
Jean-Marie 15.02.2014 - 09:03
merci TC , ech hun elo mol Format ob 4:3 geännert mee d'Aescht steiren mech elo net direkt well dei jo ganz Diffus am Hannergrond sin. Merci awer fir den Tip smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 309 Gäscht online