zimlech düster an bedreckend, mol eppes anecht wei een idylischen Sonnenopgang an den Bierger....
Gefällt mer gudd sou als Panorama!
wier natierlech nachbesser mat kompletten Startrails...mee do fréiert een sech nemmen den Oa*** oof an wann een net grad een Laptop am Rucksaak huet ass daat naischt fir mol sou "niewenbai" ze knipsen...
Besteet aus 2 Fotoen, mee well den Bierg ze grouss war vir eng. D.h. d'Exifen sinn plus-minus korrekt. Hunn mat Bulb beliicht an well ech d'Täscheluucht net wollt un maachen vir op d'Auer ze gesinn hunn ech 2min30 rofgezielt.
Okay, das nemlech genau weint der Beliichtungszeit wu ech froen, well dathei (jidefals um Himmel) keng 1/160 tel sekonn Belichtung sin well d'Stären ausserhalb vun der Bildmett schon streifen zéihen, an dan och nach bei 11mm
Dat kanns de verhenneren andems de puer maximal Belichtungszeitfotoen mes (seu lang das een d'Stären su just nach als Punkt an net als streif geseit). Duerno sin d'Stären zwar bei all eenzel Bild liicht verrekelt, mee dat kann een herno mat engem simplen "Astro stacking tool" (gratis) rem automatesch iwerdeneelageren lossen.
De greusse firdeel bei där Method as das d'Beliichtungszeit vun all eenzel Bild sech am Endbild Addeieren! Stären kommen dann demenspriechen mei raus an dat mat FILL manner Rauschen am verglach zu enger selwechter eenzelner Beliichtung.
U sech hätt ech nach vill méi laang wëllen Beliichten vir richteg Sträifen an den Himmel ze kréien, mee dat war mat dem Material dat ech bei enger Trekkingtour matschleefen kann net ze realiséieren.
Mee wi gesoot, et leunt sech dat ganzt mat puer belichtungen ze maan, kann ech nemen empfehlen (wann et keng streifen sollen sin).
An theoretesch misst et fir mat Streifen och mat puer belichtunge goen. d'Rauschen as dann op allefall och manner well de sensor jo manner lang un engem steck belicht get well d'Rauschen jo bei all °C an d'luut gedriwen get.